See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
D'Lëtzebuerger Land - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

D'Lëtzebuerger Land

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dëse Journalismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
d'Lëtzebuerger Land-Entête
d'Lëtzebuerger Land-Entête

D'Lëtzebuerger Land ass eng Lëtzebuerger Wochenzeitung, déi ënnert dem Titel d'Letzeburger Land vum Carlo Hemmer gegrënnt gouf an den 1. Januar 1954 fir d'éischt erauskoum.

Den Titel gouf 1999 der neier Lëtzebuerger Orthographie ugepasst. Den Ënnertitel ass Unabhängige Wochenschrift für Politik, Wirtschaft und Kultur - Hebdomadaire politique, économique et culturel indépendant

Vun 1958 bis 1983 war de Léon Kinsch de verantwortlechen Editeur. Hien hat d'Zeitung vum Hemmer ofkaaft, wéi dësen Direkter bei der Europäescher Commissioun gouf.

1983 goung se iwwer un d' Editions d'Letzeburger Land Sàrl, an 1986 un d' Fondation d'Letzeburger Land. Enn den 1980er/uganks den 1990er Joeen huet dës Participatiounen am Eldoradio an der Revue geholl.

[Änneren] D' Land haut

2005/2006 hunn, der Etude Plurimedia no, duerchschnëttlech 2,9 % vun der Lëtzebuerger Bevëlkerung iwwer 15 Joer bannent enger Woch d' Land gelies. 2006 huet d'Land 233.334 € staatlech Pressehëllef kritt.


[Änneren] Gedessems an der Redaktioun

Nodeems de Romain Hilgert Enn 2005 en Artikel De schwaarze Prënz am Kontext vun de Bommeleeër-Affär geschriwwen hat, an deem den Numm vun engem Member vun der groussherzoglecher Famill ernimmt gouf, koum et zu engem däitlechen interne Sträit. De Chefredakter Hirsch huet sech am Editorial formell entschëllegt an d'Redaktioun huet doropshin an engem eegenen Editorial sech oppen géint de Chefredakter gestallt. Deen huet am August 2006 demissionéiert.

[Änneren] d'Ländchen

d'Ländchen ass déi Humoristesch-satiresch Säit vum Lëtzebuerger Land

[Änneren] D'Mataarbechter vum Land

  • Gerant ass de Romain Hilgert
Entête vum Land vu virun an no 1999
Entête vum Land vu virun an no 1999

[Änneren] An der Redaktioun

  • Peter Feist
  • Josée Hansen
  • Anne Heniqui
  • Romain Hilgert
  • Ines Kurschat
  • Véronique Poujol
  • Michèle Sinner

[Änneren] Sekretariat

  • Zoubida Belgacem

[Änneren] Fotoen

[Änneren] Karikaturen

Roger Leiner

Gedréckt gëtt d'Land am Offset an der Imprimerie Centrale s.a.

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -