See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Bommeleeër - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Bommeleeër

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Am Artikel geet et ëm en aktuellt Thema. Den Inhalt ka sech deemno séier änneren.

Mam Begrëff Bommeleeër gëtt zu Lëtzebuerg eng bis ewell onbekannte Grupp vu Persoune benannt, déi tëschent dem Abrëll 1985 an dem Abrëll 1986 mat enger Rei Sprengstoff-Uschléi virun allem op Infrastrukturariichtungen an ëffentlech Gebaier d'Land an Otem gehalen huet.

Wann de Begrëff "Bommeleeër" sech am kollektive Verhalt festgesat huet, sou woussten d'Enquêteure zënter dem Juli 1985 datt et sech em e Grupp vun op d'manst 4 Leit handele misst. "Bommerleeërten" wier dann och dee méi richtegen Ausdrock fir d'Auteure vun dësen Uschléi.

Nodeems et joerelaang roueg ëm d'Affär war, huet d'Enquête zënter 2004 en neien Driff kritt. De 25. November 2007 huet de Procureur Robert Biever op enger Pressekonferenz matgedeelt, datt zwou Persounen, déi zu der Zäit vun den Uschléi bei der Brigade mobile vun der Gendarmerie waren, beschëllegt gi wieren (wéinst versichtem Doudschlag, wéi en eng Woch méi spéit an enger Chambercommissioun wësse gelooss huet); déi zwéi bestreiden, eppes mat der Affär ze dinn ze hunn.


Inhaltsverzeechnis

[Änneren] D'Affär Bommeleeër

Mat 2 Uschléi op en elektresche Mast vun der Cegedel zu Beidler, den 30. Mee an den 2. Juni 1984, ass d'Serie vun den am ganzen 20 Uschléi ugaangen. Dëse Mast war Deel vun der Stroumleitung, deen de Laangwellesender vun RTL mat Stroum beliwwert huet.

Deem virausgaange waren eng hallef Dosen Déifställ an Abréch, ë.a. um Fuesweek-end 1984 a 85, a verschiddene Steekaulen, bei deenen iwwer 400 kg Luxite (Sprengsalpéiter), Sprengkapselen an Zündere geklaut goufen. Dës koume bei den Uschléi zum Asaz.

Den 12. Abrëll 1985 koum et zu der Explosioun vun engem onbewunnte Weekend-Haischen zu Buerschent, déi awer net eendeiteg (zum Deel, well keng Spueren opgeholl goufen) mat der Serie a Verbindung bruecht ka ginn.

Weider gung et da mat enger Serie vun Uschléi an de Méint duerno, déi ë.a. elektresch Poteauen, Gasleitungen, Telefonskabelen, d'Radaranlag um Fluchhafe Findel, mee och d'Schwämm um Kierchbierg, EU-Ariichtungen, de Siège vum Wort, de Bureau vum Untersuchungsriichter, dee mam Dossier befaast war, um Stater Geriicht, e Policebureau an d'Privatwunninge vun engem Notär an dem Colonel Wagner, dee just virdru pensionéiert gouf, an zoustänneg war fir d'Gendarmerie, als Zil haten.

Et goufen bei deenen Uschléi zum Gléck keng mënschlech Affer - op d'manst keng direkt -, mee dacks war et just den Zoufall, dee Schlëmmeres verhënnert huet. Een Ingenieur gouf awer bei der Spueresécherung un der Hand blesséiert, et gouf 5 Blesséierter an den accidentéierten Autoen, déi op der Escher Autobunn an d'Kabele vum ëmgefalenen Héichspannungsmast gerannt sinn, an een Zaldot ass um Wee fir bei en Asaz, fir e potentiellt Attentatszil ze bewaachen, bei engem Autosacceident déidlech verongléckt. Och de Muerd un engem "Hobbydetektiv" gouf mat der Affär a Verbindung bruecht, ouni awer bis ewell schlësseg Beweiser dofir virléichen.

Den ugeriichte materielle Schued gëtt op wäit iwwer 25 Milliounen Euro geschat.

Laang ware keng Revendicatiounen oder Bekennerschreiwe vun den Auteure bekannt. Eréischt 2004 ass duerchgeséckert (an am November 2007 vum Robi Biever confirméiert ginn), datt et Léisegeldfuerderunge gouf: 250.000, respektiv 750.000 US-Dollar sollt d'Cegedel bezuelen, fir datt dermatter opgehale géif. Et gouf och e mësslongene Versuch, dës Suen den Erpresser ze ginn.

Eng Belounung vun 12 Milliounen aler Frangen (enger 300.000 Euro) war ausgesat gi fir deen, deen et erméiglecht, d'Auteure festzehuelen.

[Änneren] D'Enquête

Trotz enger zäitweis bis zu 30 Mann héijer Spezialcommissioun, déi iwwer d'Affär enquêtéiert huet, sinn d'polizeilech Ermëttlungen joerelaang zu kenge schlëssege Resultater komm, ween derhannert giff stiechen. Et gou an all méiglech Richtungen enquêtéiert: vu Leit, déi hir Rechnunge bei der Cegedel net bezuelt haten, iwwer Studentekreesser (well d'Attentater meeschtens de Weekend iwwer waren), an d'Awunner vu bestëmmten Uertschaften, bis hin zu méigleche Verbindungen zu der Waldbëlleger Affär, mee och zu auslänneschen Terrororganisatiounen wéi d'RAF oder d'belsch Cellules Communistes Combattantes.[1]

De Fait, datt et der Police u Moyene gefeelt huet, an och, datt bannent kuerzer Zäit noenee véier Untersuchungsriichter mam Dossier befaasst waren, hu mat derezou bäigedroen, datt bal 20 Joer keng Resultater der Ëffentlechkeet matgedeelt kunnt ginn.

Sou ass et net verwonnerlech, datt an der Press alt ëmmer nees iwwer méiglech Hannergrënn oder Verbindungen zu aneren Affärë spekuléiert gouf. Esouguer de Kriminolog Armand Mergen huet z.B. 1996 an engem RTL-Interview sibyllinesch gemengt, d'Affär wier "opgeklärt, mee net publik". Als méiglech Matschëlleg goufen alt de Prënz Jean, Brudder vum Grand-Duc Henri, oder de fréiere Chef vun der Brigade Mobile oder "de Geheimdéngscht" an d'Gespréich bruecht.

Uganks vun den 2000er Joeren ass d'Enqête, déi bis dohinner ni agestallt gi war, nees méi intesifiéiert ginn. RTL Radio an Tëlevisioun hunn tëscht Abrëll 2005 a Februar 2006, ëmmer op den Dag genee, d'Virfäll vun 20 Joer virdrunn a Spezialreportagen thematiséiert. Dobäi koumen och alt nei Detailer un d'Ëffentlechkeet, virun allem Zeien hu sech gemellt, vun deenen der e puer declaréiert hunn, si wieren net serieux geholl ginn, oder net zeréckkontaktéiert ginn, wéi se wollten eng Ausso maachen.

Een Zeien huet am November 2005 och gesot gehat, hien hätt "eng Persoun aus dem ëffentleche Liewen" e puer Stonne virun engem Attentat op d'Radaranalg um Findel do an der Noperschaft erëmerkannt, mee wier deemools, wéi en dat bei der Sûreté gemellt gehat hätt, vun dëser ënner Drock gesat ginn, den Numm ni ëffentlech ze soen. Esouguer de Premier Jean-Claude Juncker huet sech dunn ageschallt, a sech vum Mann den Numm soe gelooss, deen en dann un de Procureur weiderginn huet, fir datt deen dem Mann seng Observatiounen der zoustänneger Untersuchungsriichterin virugi sollt.

Den 22. Februar 2006 huet de Stater Parquet e Communiqué verëffentlecht, an deem e sech op deem Zeie seng Aussoe bezunn huet an ausféierlech duerchegeluecht huet, datt de Prënz Jean (déi besote Persoun aus dem ëffentleche Liewen) befrot gewiescht gi wär an en Alibi hätt kënne virbréngen (eng Juegd a Frankräich, wou en, wat vun anere bestätegt gouf, deelgeholl hätt). Och eng ADN-Prouf wer geholl ginn, deer hiert Resultat negativ war. D'Konlusioun vum Communiqué war: Il résulte de ce qui précède que l'enquête effectuée permet de conclure que le Prince Jean de Luxembourg n'est pas impliqué dans les attentats à l'explosif d'une façon ou d'une autre.

Dëse Communiqué huet fir eng Kontovers a Justizkreesser gesuergt. Besonnesch den Affekot Gaston Vogel huet dëst eng Violatioun vum Principe de l'Egalite des citoyens devant la loi pénale genannt.

[Änneren] D'Pressekonferenz vum 25. November 2007: Läit d'Léisung an der Äntwert op d'Fro Cui prodest?

De 25. November 2007, op engem Sonndegmoien, huet de Staatsprocureur vum Geriichtsarrondissement Lëtzebuerg, Robert Biever, iwwerraschend eng Pressekonferenz ageruff. Op dëser ass e laang op déi eenzel Attentater agaangen, huet fir d'éischte Kéier verschidde Faitë confirméiert, wéi z.B., datt et Bréifer, ënnert anerem Erpressebréifer vun den Täter gouf. Virun allem awer huet en d'Enqête beschriwwen, an d'Konklusiounen zu deenen se komm wier: Datt eng ganz Rëtsch Indizer doropper géifen hiweisen, datt d'Täter, op d'manst en Deel vun hinnen, an de Forces de l'ordre selwer, méi genee an der Brigade mobile, ze siche wieren.

Nëmme Leit mat zolittem "Insiderwëssen" hätte kënnen déi ganz Attentatsserie plangen an duerchféieren. Dorops hätt och d'Profil vun den Täter higedeit (ë.a., datt se offensichtlech net un de Suen intresséiert waren, déi an den Erpresserbréifer gefuerdet goufen). Weider Indizer hu sech aus der Fro Cui prodest - Weem notzt et? ofleede gelooss: Well villes drop hindeit, datt et bei den Attentater drëm gung, ze demonstréieren, wéi hëllef- a machtlos d'Uerdnungskräfte wieren, an op politeschen an ëffentlechen Drock hin de Budget fir Gendarmerie a Police an de Joeren dono massiv an d'Luucht goung, sou datt sech hir personell a materiell Situatioun verbessert huet, kinnt een unhuelen, datt dat ee vun den Haaptmotiver war. "Falluntersuchungen", déi vum däitsche Bundeskriminalamt a vum FBI op Demande vun der Staatsanwaltschaft gemaach gi waren, hunn dës Thesen ënnermauert.

Weider huet de Robert Biever confirméiert, zwéi fréier Membere vun der Brigade mobile wieren deen Dag virdru verhéiert an inculpéiert ginn. Si wieren awer, well keng Gefor bestéing, datt se kinnte fortlafen, nees op fräiem Fouss. Perquisitioune bei deene Persoune wieren och scho virdru gemaach ginn.

De 27. November 2007 goufen déi zwou inculpéiert Persounen, trotz Présomption d'innocence, mam vollem Numm an der éischter Editioun vun der Gratiszeitung Point24 genannt.

De 5. Dezember 2007 huet de Robert Biever virun der juristescher Chamberscommissioun ausgesot, datt en eng Uklo wéinst versichtem Mord gemaach hätt, dat wéinst der Sprengfal ("Boobie trap"), déi am Juli 1985 op Aasselscheier geluecht gi war. Ausserdeem huet e vun enger Ausspionéierung vum Ben Geiben, dem fréiere Chef vun der Brigade mobile rapportéiert, déi vun der Gendarmerie a vum Geheimdéngscht duerchgefouert gi wier, ouni datt den Untersuchungsriichter dovunner wosst.

Déi zwou beschëllegt Persounen hunn den 11. Dezember duerch hiren Affekot Gaston Vogel matdeele gelooss, si giffen déi géint si erhuewe Beschëllegungen ofstreiden.

[Änneren] ...oder bestinn Zesummenhäng mat Stay Behind ("Gladio")?

  Méi doriwwer am Artikel Stay Behindan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. 


[Änneren] D'Niewenaffär ëm d'Suspensioun vu Reuland a Stebens

An engem Bréif vum 24. Januar 2008 un de Justizminister Luc Frieden huet de Procureur général Robert Biever sérieux Reprochen iwwer d'Net-Anhale vu strofrechtleche Prozeduren bei der Observatioun vun engem deemools Verdächtegen geäussert. Hie wërft der Groupe d'Observation et de Recherche (GOR), déi am Zesummenhank mat der Bommeleeëraffär op d'Been gestallt gouf, vir, si hätt 1984 Ermëttlunge gemaach, ouni, wéi dat hätt misse sinn, de Procureur doriwwer informéiert gouf, wat de Biever als "afin de rester poli on dira que c’est extraordinaire" beschriwwen huet. D'Untersuchungsriichterin wier eréischt 2004 fir d'éischt dovunner gewuer ginn.

De Justizminister Frieden huet doropshin den 30. Januar 2008 an der Chamber ugekënnegt, de Pierre Reuland, Generaldirekter vun der Police an deemools Chef vun der Brigade mobile de la Gendarmerie, an de Guy Stebens, deemools Commandant adjioint vun der Brigade mobile a Chef vum GOR, "well déi noutwenneg Sérénitéit vun der Policeaarbecht a Fro gestallt wier", vun hire Fonctiounen als Generaldirekter, respektiv Generalsekretär vun der Police, déi se bis dohinner haten, ze entbannen.

[Änneren] Chronologie vun den Attentater

  • Stroummast Beidler
  • Stroummast Beidler (bis)
  • 12. Abrëll 1985: Chalet Buerschent
  • 27. Abrëll 1985: Cegedel Stafelter
  • 07. Mee 1985: Cegedel Schléiwenhaff
  • 27. Mee 1985: Gendarmerie Verluerekascht
  • 29. Mee 1985: Cegedel Itzig
  • 23. Juni 1985: Gaswierk Hollerich
  • 05. Juli 1985: Bubytrap Blaaschent
  • 05. Juli 1985: Kasematten Stad
  • 26. Juli 1985: Wort Gaasperech
  • 29. August 1985: Police Glacis
  • 29. August 1985: Ponts & Chaussées Glacis
  • 30. September 1985: Piscine Olympique
  • 20. Oktober 1985: Palais de Justice
  • 09. November 1985: Findel
  • 30. November 1985: Cegedel Gréngewald
  • 02. Dezember 1985: Sommet Kierchbierg
  • 17. Februar 1986: Notaire Hellinckx, um Cents
  • 25. Mäerz 1986: Colonel Wagner, Belair

[Änneren] "De Bommeleeër" als literaresch Figur

Well esou laang d'Auteure vun den Uschléi net bekannt waren, ass d'Figur vum "Bommeleeër" och literaresch 'verschafft' ginn: déi éischt Superjhemps-Bande dessinée aus dem Joer 1988 huet se als Titelfigur, an am Josy Braun sengem Roman Bommenteppech (2004) heescht et um Ufank, d'Geschicht wier erfonnt, mee villzevill erënnert un déi mysteriéis Affär.

Och a Kabaretsprogrammer ass a war "en" e beléifte Sujet.


[Änneren] Dokumenter

[Änneren] Matdeelung vum Parquet vum 22. Februar 2006

A propos de l'affaire "Bommeleeër" Communiqué du Parquet de Luxembourg

Le 9 novembre 2005 les chaînes de radio et de télévision de RTL ont diffusé dans leurs programmes en langue Luxembourgeoise l'interview d'un " témoin anonyme " soutenant avoir identifié dans la matinée du 9 novembre 1985, vers 03.30 heures, une personne dans une voiture devant la porte de l'aéroport du Findel près du château d'eau se situant à l'intersection de la route de l'Europe et la route de Trêves. La porte en question se situe à plus de 450 mètres des lieux où des explosions devaient se produire le même 9 novembre peu après 22.00 heures, attentat à l'explosif qui est à attribuer au groupe non identifié à ce jour des " Bommeléerten ".

Le témoin ajoutait que dans la suite il avait fait l'objet de pressions de la part de personnes se déclarant être membres de la Sûreté Publique pour qu'il ne révèle jamais le nom de la personne qu'il déclarait avoir vu dans la voiture.

Intervention du Premier Ministre

Finalement, le témoin déclara dans une interview à RTL du 11 novembre 2005 que Monsieur le Premier Ministre était la seule personne en qui il avait confiance et à qui il confierait le nom de la personne reconnue par lui aux lieu, date et heure indiqués ci-avant. Monsieur le Premier Ministre accepta de rencontrer le témoin le 14 novembre 2005 et lors de cet entretien le témoin affirma avoir vu dans les circonstances prédécrites dans la voiture en question S.A.R. le Prince Jean de Luxembourg.

Dans la matinée du 15 novembre 2005 Monsieur le Premier Ministre transmit l'information au Procureur d'Etat, lequel continua l'information par écrit à Madame le juge d'instruction Directeur.

Dès le 15 novembre 2005 Madame le juge d'instruction Directeur confiait aux enquêteurs en charge du dossier la mission de recueillir les déclarations du témoin et de vérifier celles-ci.

Le 9 décembre 2005, S.A.R. le Prince Jean de Luxembourg fut auditionné par la police judiciaire. Selon les déclarations du Prince Jean de Luxembourg , qui a collaboré avec les autorités judiciaires, il se trouvait en France à une chasse dans le Loir et Cher à la date indiquée par le témoin . Pour les journées des 9 et 10 novembre 1985 il produit une copie d'une lettre du 11 novembre 1985 lui adressée à l'époque et qui fait état de cette même chasse. Il produit une attestation testimoniale de la part de l'auteur de la lettre, qui confirme l'authenticité et l'envoi de celle-ci au jour de sa date. Le Prince Jean de Luxembourg verse en outre une attestation testimoniale émanant d'une personne ayant pris part à la dite chasse et confirmant sa présence à cette chasse en date des 9 et 10 novembre 1985. Cette attestation est accompagnée de photos prises à l'occasion de la chasse, le Prince Jean de Luxembourg figurant sur plusieurs de ces photos. Finalement, l'intéressé fait communiquer à Madame le juge d'instruction Directeur l'original du livre de chasse comprenant les inscriptions relatives à la chasse susindiquée ; le Prince Jean de Luxembourg figure parmi les personnes inscrites à la chasse.

Tous les éléments qui précèdent permettent de conclure que le Prince Jean de Luxembourg ne se trouvait pas au Luxembourg en date du 9 novembre 1985, date de l'attentat à l'explosif au Findel.

L'enquête diligentée à la suite des déclarations du témoin a permis de constater qu'en novembre 1985 un enquêteur de la Sûreté Publique avait pris contact avec le témoin et avait recueilli ses informations sous forme d'une note au dossier, il est vrai non signée par le témoin .

Les déclarations actuelles du témoin faites devant les enquêteurs de la police judiciaire et Madame le juge d'instruction Directeur divergent sur certains points de celles actées au dossier en 1985 ; ainsi, la note au dossier ne renseigne pas d'identification de la personne ayant pris place dans la voiture ; la description du physique de cette personne et l'identification et la couleur de la voiture données actuellement divergent des données actées en 1985 ; il y a par ailleurs une incertitude au sujet de l'heure de la constatation des faits par le témoin .

L'enquête a d'autre part permis de constater qu'il existe des divergences entre les déclarations actuelles du témoin et les éléments objectifs du dossier, notamment en ce qui concerne les conditions météorologiques en date du 9 novembre 1985 et les horaires de son travail .

Il reste que le témoin a confirmé devant les enquêteurs du Service de police judiciaire et Madame le juge d'instruction Directeur avoir reconnu le Prince Jean de Luxembourg au cours de la matinée du 9 novembre 1985 près du Findel dans les conditions prédécrites. En ce qui concerne les pressions dont le témoin affirme avoir fait l'objet , si de nombreux devoirs d'enquête ont été effectués, ceux-ci n'ont cependant pas permis à ce jour de déterminer ce qui s'est réellement passé ; ce volet de l'enquête est toujours en cours.

Dans le cadre de l'enquête, des vérifications ont par ailleurs été faites en ce qui concerne l'emploi du temps du Prince Jean de Luxembourg au cours des années 1983 à 1986, notamment pour les dates des autres attentats à l'explosif commis au cours des années 1984 à 1986. Si pour un certain nombre de dates, l'intéressé n'est plus en mesure de retracer son emploi du temps en raison de l'écoulement du temps, il a pu être établi que pour d 'autres dates, le Prince Jean de Luxembourg soit se trouvait à l'étranger , soit prenait part à des activités documentées au Luxembourg.

Le Prince Jean de Luxembourg a marqué son accord à ce qu'un prélèvement ADN soit effectué sur sa personne en vue de la comparaison de ce prélèvement avec des traces prélevées dans le cadre des crimes en question. Le résultat de l'expertise ordonnée par Madame le juge d'instruction Directeur est négatif .

Le Prince Jean pas impliqué

Conformément aux critères habituellement appliqués en matière d'appréciation des indices et des témoignages, dans le cadre d'une instruction judiciaire, Madame le juge d'instruction Directeur a décidé, eu égard aux éléments du dossier, de ne pas donner de plus amples suites à cette piste.

Il résulte de ce qui précède que l'enquête effectuée permet de conclure que le Prince Jean de Luxembourg n'est pas impliqué dans les attentats à l'explosif d'une façon ou d'une autre.

Depuis la commission des attentats à l'explosif au cours des années 1984 à 1986, l'instruction pénale destinée à en identifier les auteurs n'a à aucun moment été abandonnée. Il a été et est toujours dans l'intention des autorités judiciaires de mener cette affaire à son terme. Pour ce faire, les autorités judiciaires ont notamment décidé en 2002 de procéder, à l'aide du groupe d'enquêteurs du Service de police judiciaire chargés spécialement de l'enquête des attentats à l'explosif, à une nouvelle analyse de tous les éléments du dossier et d'enquêter sur d'éventuels éléments nouveaux.

Actuellement, l'instruction est toujours en cours.

Luxembourg, le 22 février 2006

Le Parquet de Luxembourg

[Änneren] Interview mam Maître Gaston Vogel

No der Publikatioun vum Communiqué vum Parquet huet den DNR en Interview mam Maître Gaston Vogel gefouert. RTL huet als Reaktioun op den DNR Interview mam Gaston Vogel dat heiten opgezeechent:

Gaston Vogel: Déi ganz Operatioun ass malhabile, 1000 mol malhabile. Hm... ech verstinn iwwerhaapt net dee Komportement vum Procureur, ech mengen de Procureur huet gehandelt op e politeschen Uerder. Dat ginn ... däer Impressioun ginn ech net lass. Ech sinn 43 Joer Affekot, ech hunn nach ni gesinn, datt an enger Enquête pénale déi mëtten am Cours ass, eng Persoun déi am Zentrum vun der Attentioun steet entlaascht gëtt an de Juge d'Instruction seet, soot ech halen op géint deen z'enquêtéieren. Dat hunn ech nach net erliewt. Muss een also da Prënz sinn, dat heescht, vun enger Katégorie supérieure par rapport zu deenen anere Bierger fir datt dat do geschitt? Dat nennen ech eng onerhéiert Sauerei! Iwwregens ass dee Communiqué jo onerhéiert ... t'ass iwwerhaapt, et huet kee Wuert dat, gellt? T'ass net ze qualifizéieren. T'ass eng Violatioun vum Secret d'Instruction, domat geet et un, gellt? Wann de Procureur d'Etat an de Juge d'Instruction dorénavant kee Secret de l'Instruction méi kennen, jo da froen ech mech wuer mer hikommen. Dee steet awer am Code d'Instruction criminelle, gellt? An da wat, t'ass jo lamentabel, e Communiqué - eh - vun Entlaaschtung eraus ze ginn 20 Joer no de Fait'en... 20 Joer no de Fait'en, dat ass jo onerhéiert! Wa jo och lo net de Mérite vun der Press, d'Mérite vun RTL zum Beispill gewierscht wier, déi Affär opzewiermen, géing jo kee Mensch méi dervu schwätzen. An elo natierlech, lo kommen se neméi derlaanscht an da gin deer Communiqué'en gemach vun Entlaaschtung. Dee Mann ass vläicht total innocent, je n'en sais rien, mee da muss ee waarde bis d'Enquête färdeg ass a bis en - eh - en non-lieu kritt huet vun der Chambre du Conseil an da kann een deen non-lieu ëffentlëch maan. Mee net mëtten an der Instructioun, et gesäit dach awer komesch aus. Mir géing dat net passéieren. Als Bierger. Ech géing - eh - ech géing net entlaascht gin, kënn der secher sin.

Frank Kuffer: Dat heescht de Prënz Jean ass lo offiziell onschëlleg a wäiss gewäsch, oder?

Gaston Vogel: Ech - eh - weess net ob dee Mann eppes domat ze dinn huet oder näischt domat ze dinn... dat eenzegt wat ech weess, en ass am Gespréich an en ass also potentiellement inculpéiert oder jiddenfalls misst en inculpéiert ginn a fir dee Mann wäiss ze wäschen misst en non-lieu kommen, iwwert d'Chambre du Conseil a vläicht och iwwert d'Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel an da wär dat eng propper transparent Léisung. Mee dat do ass näischt! An dat ass eng Violatioun vum Principe de l'Egalite des citoyens devant la loi pénale, gellt, well iech géing dat do net passéieren, mir net a kengem.

Frank Kuffer: De Gaston Vogel huet awer och um DNR gesoot, datt hien net sécher ass, ob de Prënz Jean och elo an den Aen vun der Populatioun onschëlleg ass.

Gaston Vogel: Dat ass jo eben eng kromm Geschicht, also - eh - den - eh - Bierger deen dat do nolauschtert, deen dat do observéiert, dee ka jo nëmmen ganz schlecht Gefiller hun. ... Ech hun de Moien, ech hun och eng - ehhm - ... ech hun em Procureur och gesot wat ech vu sengem Communiqué halen. Ech hun em gesot et wär äusserst malhabile, äusserst malhabile... well nämlech dir wësst jo wéi d'Leit dobausse sinn. Déi liesen dat do lo an da soe se: ohh wann e sou en Communiqué muss kommen - eh - fir de Prënz - eh - Jean ze entlaaschten, da wäert schonn iergendeppes faul sin. Dat ass nämlech d'Impressioun, déi de Communiqué mecht. ... De Robi Biver dat ass e ganz gescheiten an en intègren an en... ganzen intègren Procureur. A wann de Robi Biver dat do gemaach huet - eh - dat - eh - also dat kann ech net begräifen, dee point de vue intellectuel datt en dat do gemaach huet a wann en et gemaach huet dann huet e wahrscheinlech en Uerder kritt an dann hat en en Tort fir deen Uerder ze respektéieren. An dat ass meng Meenung. Ech weess net wat dee Mann, ob dee Mann schëlleg ass oder net, mee jiddenfalls dat wat et... mat deem Mann de Moment gedriwwen gett, fir en ze entlaaschten, ass méi belaaschtend wéi entlaaschtend.



[Änneren] Fir ze liesen

  • Am "POL-INFO 2001-1 vum Oktober 2001, dem Informatiounsblietche vun der Polizei, stoung e Gespréich mam Psycholog vun der lëtzebuergescher Polizei, dem Marc Stein mam Titel "Paradigmenwechsel bei der Polizei"
  • D'Zäitschrëft forum huet an hirer Nummer 213 vum Januar 2002 en Dossier iwwer "Sicherheit im öffentlichen Raum", an deem ënner aneren e Gespréich mat dem deemolegen an haitege Generaldirekter vun der Police Grand-Ducale, Pierre Reuland ze liesen ass. Den Titel "Ohne Sicherheit kann der Bürger seine Freiheit nicht nutzen". Am Artikel geet et ëm d'Konzept vun der Polizei, schwaarz Schof an den eegene Reien, a Videoiwwerwaachung am ëffentleche Raum.

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -