Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lëtzebuerger Frang - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lëtzebuerger Frang

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

 
 
 
 
 
 
 
 

De Lëtzebuerger Frang war zu Lëtzebuerg déi offiziell Währung bis zum Zäitpunkt, wou den Euro agefouert gouf.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Urspronk

Iwwert den Zäitpunkt vun der Schafung vum Lëtzebuerger Frang si sech d'Fachleit oneens. Vill vun hinne sinn der Meenung, datt den Urspronk vum Lëtzebuerger Frang op d'Joer 1842 zréckgeet. Duerch een Arrêté vum 16. Mäerz 1842 gouf eng Relatioun fixéiert tëschent der Währung an Zirkulatioun, dëm Frang, an der däitscher Buchwährung, déi fir d'Ofrechnung vun den Douaneskäschte benotzt ginn ass. D'Paritéit: 1 Frang = 8 preisesch Silbergros ass du festgesat ginn. Dës Relatioun huet zwar nëmmen d'Operatioune mam däitschen Zoll betraff. Ëmmerhinn, et war en éischten ëffentleche Versuch, eng Kloerstellung an der komplizéierter dualistescher Währungssituatioun erbeizeféieren.

Op een zweete gesetzlechen Akt gëtt sech nach beruff, fir d'Bestoe vum Lëtzebuerger Frang ze erklären, an zwar op d'Gesetz vum 20. Dezember 1848, dat virgeschriwwen huet, déi administrativ Comptabilitéiten missten a Frange gefouert ginn.

[Änneren] De Lëtzebuerger Frang an der Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun

[Änneren] Ausgangspunkt

1918 ass den Zollverein zu Enn gaang. Well dunn nach keng Kloerheet iwwert déi zoukënfteg Währungssituatioun an den zoukënftege Wirtschaftspartner bestanen huet, gouf eng Iwwergangsléisung fonnt. D'Regierung huet dunn, zousätzlech zu de schonn am Éischte Weltkrich geprägte Frange-Mënzen, Keesbongen a Frangen an Ëmlaf bruecht. Si sollten et erlaben, d'Mark aus dem Verkéier ze zéien. Et war déi zweet Manifestatioun um Wee vun der Créatioun vun engem Lëtzebuerger Frang.

Zu enger eenegermoossen gereegelter Situatioun koum et eréicht, wéi 1922 d'Belsch-Lëtzebuerger Wirtschaftsunioun, verbonne mat enger Währungsassoziatioun, akraaft getrueden ass. Och wa si keng Ausso iwwer d'Prinzipie vum Lëtzebuerger Währungssystem enthalen huet, da gouf ëmmehinn de Währungsëmlaf zu Lëtzebuerg bestëmmt. Hie sollt bestoen aus:

  • Belsche Frangen (Biljéën a Mënzen)
  • Lëtzebuerger Frangen (Biljéën a Mënzen); D'Emissiounsvolumen vu Lëtzebuerger Schäiner war deemools nach op 25 Mio Frang begrenzt. Dem Lëtzebuerger Frang war domat d'Roll vun engem sougenannten Zousazgeld oder Monnaie d'appoint zougeduecht.

Fir de Lëtzebuerger Frang ass 1929 den Ufank vun enger neier Etapp. Duerch dat sougenannt Stabilisatiounsgesetz vum 19. Dezember 1929 gouf de Wäert vum Lëtzebuerger Frang offiziell op 0,0418422 Gramm Gold festgeluecht. Et war zwar déiselwecht Definitioun wéi déi vum Belsche Frang. Mee d'Existenz vun engem eegene Lëtzebuerger Frang war domat virleefeg bestätegt.

[Änneren] D'Situatioun no 1935

Eng besonnesch Situatioun an de Belsch-Lëtzebuerger Währungsrelatiounen ass 1935 agetratt. D'Belsch war deemools duerch d'Ëmstänn gezwongen, de Belsche Frang ofzewerten (op Franséisch: ze dévaluéieren). Eng Ofwäertung vum Frang war awer zu Lëtzebuerg net erwënscht. Fir iewer e praktescht Ëmtauschverhältnis tëschent de zwou Währungen ze erhalen, gouf e Mëttelwee fonnt:

  • D'Belsch huet ëm 28% a
  • Lëtzebuerg huet ëm 10% ofgeweärt. Eng separat Ofwäertungsoperatioun war duerch d'Gesetz vun 1929 méiglech ginn

No der Paritéit 1 zu 1, koum et dunn zu engem neien Ëmtauschverhältnis tëschent deenen zwou Währungen, an zwar:

  • 1 Lëtzebuerger Frang = 1,25 Belsche Frang an
  • 1 Belsche Frang = 0,80 Lëtzebuerger Frang.

Dat huet d'Liewen zu Lëtzebuerg staark komplizéiert. Nom Zweete Weltkrich, ass dunn déi al Paritéit (1 zu 1) rëm hiergestallt ginn. Eng däreg Fro huet sech och fir d'Avoiren an d'Engagementer a Frangen, wa keng spezifesch Währung präziséiert war, gestallt. Dat war deemools meeschtens de Fall. Eng Léisung gouf fonnt. Si huet doranner bestanen, datt et sech zu Lëtzebuerg ëm Lëtzebuerger Frangen handelen géif, wann net anescht präziséiert. Vill Lëtzebuerger Banken, déi de Géigewäert vun hiren Dépoten zu Bréissel plazéiert haten, koumen doduerch an eng schwiereg Situatioun.

[Änneren] 1945: Zeréck zur Normalitéit

Am Zweete Weltkrich huet d'Währung aus der Reichsmark bestanen. D'Frange ware vum däitschen Okkupant aus dem Verkéier gezu ginn, an d'Lëtzebuerger Biljete sinn dunn an engem Héichuewe verbrannt ginn. Dës Situatioun gouf no der Liberatioun réckgängeg gemeet, d'Wirtschaftsunioun mat der Belsch rëm hiergestallt an d'Paritéit 1 zu 1 tëschent den zwou Währungen nei agefouert an d'Belsch a Lëtzebuerger Biljeten a Mënzen erëm an de Verkéier bruecht. Well et eng gewëssen Onzefriddenheet iwwer déi staark Begrenzung vum Lëtzebuerger Emissiounsrecht gouf, koum et a sukkzessive Schrëtt zu enger Opwäertung vum Lëtzebuerger Emissiounsrecht.

[Änneren] Vum Frang zum Euro

Kuckt och

[Änneren] Literatur

  • Georges de Leener: Le franc luxembourgeois, Bulletin de la Banque Nationale de Belgique du 25 avril 1937
  • Albert Calmes: Aperçu de l’histoire économique 1839-1939, Le Luxembourg, Livre du Centenaire, Luxembourg, 1939
  • Luc Hommel: Une expérience d’union économque, Louvain ,1933
  • Daniel Rousseau: L’unité monétaire luxembourgeoise, Luxembourg, 1928
  • Jean Masclet: Contribution à l'étude du franc luxembourgeois - Stabilisation d'une monnaie à circulation restreinte, Luxembourg, 1937
  • Ernest Mühlen: Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Jutta Jaans-Hoche: Banque Nationale du Grand-Duché de Luxembourg 1873-1881 – Eine Episode der Luxemburgischen Währungsgeschichte, Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg, 1981
  • Christian Calmes: Au Fil de l’Histoire –Une Banque raconte son histoire - Histoire de la Banque Internationale 1856-1981, Imprimerie Saint-Paul, 1981
  • Véronique Lecomte-Collin et Bruno Collin: Histoire de la monnaie, , Éditions Trésor du Patrimoine, 2004
  • Roger Croisé, René Link: La législation monétaire au Grand-Duché de Luxembourg de 1815 à nos jours,Edition: Lux-Numis, Luxembourg,1988,639 p.
  • Paul Margue, Marie-Paule Jungblut: Le Luxembourg et sa monnaie, Publié sous l'égide de l'Institut Monétaire luxembourgeois, Esch/Alzette, 1990, 192 Säiten

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com