See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Ernest Mühlen - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Ernest Mühlen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Den Ernest Mühlen
Den Ernest Mühlen

Den Ernest Mühlen (gebuer den 8. Juni 1926 zu Ettelbréck) ass e lëtzebuergeschen Economist a Politiker.

No der Primärschoul an dem Lycée zu Dikrech studéiert den Ernest Mühlen zu Antwerpen op der staatlecher Handelshéichschoul (Licence en sciences commerciales et financières) an duerno zu Paräis op der Faculté de Droit (Docteur en sciences économiques).

Vun 1952 bis 1973 ass den Ernest Mühlen Haaptadministrateur bei der Montanunioun an uschléissend bei der Europäescher Commissioun.

Vun 1973 un ass hie fräie Finanzjournalist. 1973 gëtt hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. Vun 1979 bis 1982 ass hien als Member vun der CSV Staatssekretär fir Finanzen an der Regierung Werner-Thorn. 1982 gëtt hien, no enger Ëmbildung, Landwirtschaftsminister (bis 1984).

Vun 1984-1989 ass hie Member vum Europaparlament (Europäesch Volkspartei). Vun 1989-1991 ass hien Députéierten an der Lëtzebuerger Chamber.

Vun 1991 bis 1996 vertrëtt hie Lëtzebuerg am Verwaltungsrot vun der Osteuropabank (BERD) zu London.

Den Ernest Mühlen ass Member vun der Section des Sciences Morales et Politiques vum Institut Grand-Ducal.

Hien ass bestuet an huet zwee Kanner (Jean an Georges).

[Änneren] Publicatiounen

  • Ernest Mühlen: Le marché financier luxembourgeois face à la conversion inustrielle, Imprimerie Bruck, Luxembourg, 1963
  • Ernest Mühlen : Monnaie et circuits financiers au Grand-Duché de Luxembourg, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1968
  • Ernest Mühlen : Les Marchés Européens des Capitaux, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1970
  • Ernest Mühlen: Possibilités et limites d’une politique des revenus au Grand-Duché de Luxembourg, Publications de l’Institut Grand-Ducal, Section des Sciences morales et politiques, Vol. I, 1970, SS. 35-49
  • Ernest Mühlen: Zukunftsmodelle : Konsumgesellschaft am Scheideweg, Luxemburger Marienkalender, 1973, SS. 48-54
  • Ernest Mühlen, Pierre Werner: Les finances communales, Cahiers économiques, n. 4, Banque Internationale à Luxembourg, Luxembourg, pp. 1-29, 1975
  • Ernest Mühlen: Politique de structure et aménagement du territoire, Université Internationale de Sciences Comparées, Luxembourg, 1971
  • François Biltgen, Ernest Mühlen: La loi du 6 décembre 1991 sur le secteur des assurances : consolidation et perspectives de la place des assurances et réassurances, Collection Réalités et Perspectives, n°3-1992, Banque générale du Luxembourg, Luxembourg, 59 p.

[Änneren] Szenarien fir Filmen

  • Ernest Mühlen: Serie: Objectif 2000 realiséiert 1969 fir RTL:
    • Reconversion
    • Wolz an den E'slecker Raum
    • D'Musel industrialiséiert sech
    • De Minett passt sech un

[Änneren] Auszeechnungen

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -