2006
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert | 22. Joerhonnert
2001 | 2002 | 2003 | 2004 | 2005 | 2006 | 2007 | 2008 | 2009 | 2010 | 2011
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2006.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
[Änneren] Europa
- 22. Januar: Den Aníbal Cavaco Silva gëtt zum President vu Portugal gewielt.
- 28. Januar: Bei Katowice a Polen brécht den Daach vun enger Ausstellungshal zesummen, 65 Mënschen bleiwe leien.
- 29. Januar: D'Tarja Halonen gëtt a Finnland als Presidentin erëmgewielt.
- 4. Abrëll: 1 - 3 Millioune Leit manifestéieren a Frankräich géint de CPE, e Gesetz, dat et soll erliichteren, Leit ënner 26 Joer anzestellen - mee och och erëm z'entloossen.
- 19. Abrëll: Den italieneschen Ieweschte Geriichtshaff erkläert dem Romano Prodi seng Wal-Alliance L'Unione zum Gewënner vun de Parlamentswalen, déi den 9. an 10.4. ofgehal goufen, a ganz knapps ausgaange waren.
- 23. Abrëll: D'sozialistesch-liberal Koalitiounsparteien ënnert dem Premier Ferenc Gyurcsány ginn an Ungarn vun de Wieler am Amt confirméiert.
- 21. Mee: D'Majoritéit vun de Wieler am Montenegro stëmmt an engem Referendum fir en Opléise vun der Federatioun mat Serbien.
- 25. Mee: De Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker gëtt fir seng Verdingschter ëm Europa mam Karlspräis ausgezeechent.
- 2./3. Juni: Parlamentswalen an der Tschechescher Republik.
- 3. Juni: Montenegro déclaréiert sech onofhängeg.
- 17. Juni: Parlamentswalen an der Slowakei.
- 29. Juni: Déi hollännesch Regierung Balkenende II. demissionnéiert.
- 3. Juli: Zu Valencia a Spuenien entgleist e Metro tëschent 2 Statiounen; op d'manst 41 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 7. Juli: De polnesche Ministerpresident Kazimierz Marcinkiewicz démissionnéiert. A seng Plaz kënnt de Jaroslaw Kaczynski, den Zwillingsbrudder vun Staatspresident Lech Kaczynski.
- 10. Juli: Slowenien gëtt formell als 13. Land an d'Euro-Zone opgeholl, den 1. Januar 2007 féiert et den Euro an.
- 17. September: Bei de Parlamentswalen a Schweden gewënnt déi oppositionnell Mëtt-Riets-Alliance mat enger knapser Majoritéit.
- 17. September: Zu Budapest ginn zingdausende vu Leit op d'Strooss, nodeems bekannt gouf, dass de Premier Gyurcsány gesot hat, hien hätt d'Leit "moies, mëttes an owes" belunn, fir erëmgewielt ze ginn.
- 1. Oktober: Bei de Parlamentswalen an Éisträich kritt d'Regierungspartei vum Wolfgang Schüssel ([[ÖVP)) 34,2 % vun de Stëmmen (-13 Sëtzer), d'oppositionnel SPÖ 35,7 % (-1 Sëtz), déi domatter stäerkste Partei ass.
- 11. Oktober: Bei engem Zuchaccident zu Zoufftgen tëscht engem CFL-Zuch an engem franséische Gidderzuch komme 6 Leit ëm d'Liewen, 16 ginn der blesséiert.
- 29. Oktober: A Bulgarien gëtt de Staatspresident Georgi Parwanow erëmgewielt. *17. November: Zu Lëtzebuerg ass a verschiddene Lycéen e Schülerstreik.
[Änneren] Afrika
- 16. Januar A Liberia gëtt mat der Ellen Johnson-Sirleaf fir d'éischt an der Geschicht vum afrikanesche Kontinet eng Fra als gewielte Staatschefin vereedegt.
- 3. Februar: Beim Ënnergank vun der egyptescher Fär "Al-Salaam Bocaccio 98" am Roude Mier erdrénken ëm déi 1.000 Leit.
- 15. November: De Joseph Kabila gewënnt d'Presidentschaftswalen an der Demokratescher Republik Kongo, déi éischt fräi zënter 40 Joer.
[Änneren] Amerika
[Änneren] USA
- 7. November: Bei de Kongresswalen (mid-term elections) gewannen d'Demokraten d'Majoritéit souwuel am Representantenhaus ewéi och am Senat.
[Änneren] Mëttel- a Südamerika
- 15. Januar: D'Michelle Bachelet gëtt Presidentin am Chile.
- 22. Januar: Den Evo Morales gëtt als President vu Bolivien vereedegt.
- 2. Juli: Presidentschaftswalen a Mexico. Den Felipe Calderon gëtt de 6. Juli als Gewënner confirméiert.
- 28. Juli: Den Alan Garcia gëtt President am Peru.
- 31. Juli: Dem Fidel Castro säi Brudder Raúl iwwerhëlt zäitweileg deem seng Amtsgeschäfter a Kuba.
- 29. Oktober: De Luiz Inácio Lula da Silva gëtt als Staatspresident erëmgewielt.
- 7. November: Den Daniel Ortega gëtt President anNicaragua.
- 3. Dezember: Den Hugo Chavez gëtt a Venezuela als President erëmgewielt.
[Änneren] Asien
- 16. Januar: D'Vullegripp an hirer fir de Mënsch geféierlecher Form H5N1 ass an der Tierkei ukomm. De lokale Bilan schwätzt vu véier Doudesaffer an op d'mannst 20 weider Persounen déi sech mam Virus infizéiert hunn.
- 27. Mee: Op der indonesescher Insel Java komme bei engem Äerdbiewen op d'manst 4.600 Leit ëm d'Liewen.
- 18. September: Onbluddege Militärputsch an Thailand, wéi de Premierminister Thaksin Shinawatra grad ausser Land war.
- 26. September: De Shinzō Abe gëtt Premierminister a Japan.
[Änneren] Ozeanien & Pazifik
[Änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- 4. Januar: Den israelesche Vize-Premier Ehud Olmert iwwerhëlt d'AmtsgeschÄft vum Premier Ariel Sharon, nodeems deen en Hireschlag kritt hat.
- 12. Januar: Zu Mekka kënnt et bei der Hadsch-Pilgerfaart zu enger Massepanik; iwwer 340 Leit kommen ëm d'Liewen.
- 25. Januar: D'Extremisten-Organisatioun Hamas gewënnt d'Palestinensesch Parlamentswalen an erreecht d'absolut Majoritéit.
- Februar: Déi vun der dänescher Zeitung Jyllands-Posten am September 2005 publizéiert Mohammed-Karikature léise mat Verspéidung massiv Protester an Iwwerfäll op Europäesch Ambassaden a verschiddene Länner am Noen Osten an an Asien aus.
- 12. Juli: Nodeems d'Hezbollah 2 israelesch Zaldoten entfouert an der 8 doudgemaach huet, fänkt Israel mat Attacken op de Süde vum Libanon un (kuckt: Israel-Libanon-Konflikt).
- 14. August: UN-Waffestëllstand am Israel-Libanon-Konflikt.
[Änneren] Economie
- 27. Januar: Dee vun der Produktioun hier weltgréisste Stolkonzern Mittal Steel Company NV annoncéiert, d'Arcelor wëllen opzekafen.
- 26. Mee: D'Arcelor annoncéiert hir Fusioun mat der russescher Severstal, fir d'OPA vu Mittal ofzeblocken.
- 25. Juni: D'Arcelor a Mittal Steel ginn sech schlussendlech eens iwwert eng Fusioun. D'Entreprise soll Arcelor Mittal heeschen.
[Änneren] Konscht & Kultur
- 1. Juli: De Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean mécht seng Dieren op.
[Änneren] Molerei
[Änneren] Literatur
- Servais-Präis fir de Guy Rewenig fir säi Buch Passt die Maus ins Schneckenhaus?
- 1. Präis (Kategorie: Theater) am Nationale Literaturconcours fir dem Guy Wagner säi Stéck D'Enn, mäi Frënd
[Änneren] Musek
- 20. Mee: Beim 51. Eurovision Song Contest zu Athen gewënnt déi finnesch Rock-Grupp Lordi mat hierem Lidd Hard Rock Hallelujah. Zweete gëtt de Russ Dima Bilan.
[Änneren] Film
- César fir de beschte Film: De battre mon coeur s'est arrêté vum Jacques Audiard.
- Oscar fir de beschte Film: Crash vum Paul Haggis (kuckt och: 78. Oscar-Iwwerreechung).
- Gëlle Palm vum Filmfestival vu Cannes: The wind that shakes the Barley vum Ken Loach.
Lëtzebuerg
- 8. September: Première vun Deepfrozen vum Andy Bausch
- 13. Oktober: Première vu Perl oder Pica vum Pol Cruchten.
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
- 26. Mee: Zu Berlin gëtt mam Hauptbahnhof déi gréisste Gare vun Europa ageweit.
- 22. August: De Grigori Perelman kritt d' Fields Medal vun der Clay Mathematics Institute dofir, datt en d'Konjektur vum Poincaré bewisen huet. Hien hëllt d'Medail awer nët un.
- 24. August: D'International Astronomesch Unioun definéiert op hirer 26. Generalversammlung, wat e Planéit ass. Doduerch gëtt de Pluto zum "Zwergplanéit" dégradéiert.
[Änneren] Sport
- 9. Juni - 9. Juli: Déi 18. FIFA Foussball-Weltmeeschterschaft gëtt an Däitschland ausgedroen. Déi italienesch Equipe gewënnt d'Finale géint déi franséisch no Eelef-Meter-Schéissen mat 5:3.
- 23. Juli: De Floyd Landis gewënnt den Tour de France 2006, gëtt awer schonns e puer Deeg drop wéinst Doping disqualifizéiert.
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- 1. Januar: Susan Bergman, US-amerikanesch Literaturwëssenschaftlerin.
- 2. Januar: Arlette Gruss, franséisch Zirkusdirektesch.
- 2. Januar: François Terrasson, franséischen Auteur an Naturalist.
- 9. Januar: Jean Bourdelle, franséische Journalist, Schrëftsteller an Ecologist.
- 14. Januar: Shelley Winters, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Januar: Wilson Pickett, US-amerikanesche Soulkomponist a -sänger.
- 25. Januar: Luc Bonblet, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. Januar: Johannes Rau, däitsche Politiker a Bundespresident.
- 14. Februar: Darry Cowl, franséische Schauspiller (*1925).
- 19. Februar: Guy Theisen, lëtzebuergesche Museker.
- 5. Mäerz: Milan Babić, serbesche Politiker.
- 8. Mäerz: Carlo Hommel, lëtzebuergeschen Organist.
- 11. Mäerz: Slobodan Milosevic, jugoslawesch-serbesche Politiker.
- 14. Mäerz: Lennart Meri, estnesche Schrëftsteller, Filmregisseur a Politiker.
- 20. Mäerz: Nicolas Birtz, lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
- 25. Mäerz: Tom Toelle, däitsche Filmregisseur.
- 16. Abrëll: Schnuckenack Reinhardt, däitschen Jazz-Geiist.
- 22. Abrëll: Alida Valli, italienesch Schauspillerin.
- 23. Abrëll: Boris Fraenkel, polnesch-franséische politeschen Denker.
- 24. Abrëll: Erik Bergman, finnesche Komponist.
- 29. Abrëll: John Kenneth Galbraith, US-amerikaneschen Economist.
- 30. Abrëll: Jean-François Revel, franséische Philosoph, Schrëftsteller a Journalist.
- 10. Mee: Val Guest, englesche Filmproduzent a -regisseur.
- 17. Mee: Eugène Heinen, lëtzebuergesche Pedagog, Theaterregisseur a Schauspiller.
- 24. Mee: Claude Piéplu, franséische Schauspiller (*1923).
- 30. Mee: Shōhei Imamura, japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 9. Juni: Drafi Deutscher, däitsche Sänger, Komponist a Musekproduzent.
- 12. Juni: György Ligeti, ungaresch-éisträichesche Komponist.
- 14. Juni: Jean Roba, belsche Comic-Zeechner (Boule et Bill).
- 15. Juni: Raymond Devos, belsche Sprooch-Komiker.
- 30. Juni: Robert Gernhardt, däitsche Schrëftsteller, Dichter, Zeechner a Satiriker.
- 7. Juli: Rudi Carrell, hollänneschen Entertainer.
- 20. Juli: Gérard Oury, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 3. August: Elisabeth Schwarzkopf, däitsch-britesch Operen- a Liedsängerin.
- 16. August: Alfredo Stroessner, virmolege Staatspresident vu Paraguay.
- 30. August: Glenn Ford, kanadesche Schauspiller (*1916).
- 30. August: Naguib Mahfouz, egyptesche Schrëftsteller a Nobelpräisdréier (*1911).
- 31. August: Edy Hein, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 10. September: Taufa'ahau Tupou IV., Kinnek vun Tonga.
- 15. September: Oriana Fallaci, italienesch Journalistin a Schrëftstellerin.
- 20. September: Sven Nykvist, schwedesche Kameramann.
- 11. Oktober: Alexandre Marius Dées de Sterio, lëtzebuergeschen Universitéitsprofesser.
- 16. Oktober: Trebisonda Valla, italienesch Liichtathletin
- 25. Oktober: Todd Skinner, US-amerikanesche Freeclimber.
- 31. Oktober: Pieter Willem Botha, südafrikanesche Politiker, President vun 1984 bis 1989.
- 5. November: Bülent Ecevit, tierkesche Politiker, Premierminister tëscht 1974 an 2002.
- 7. November: Jean-Jacques Servan-Schreiber, franséische Journalist a Politiker.
- 10. November: Jack Palance, ukrainesch-US-amerikanesche Schauspiller.
- 15. November: Ana Carolina Reston Macan, brasilianesche Mannequin.
- 16. November: Milton Friedman, US-amerikaneschen Economist a Nobelpräisdréier.
- 17. November: Ferenc Puskás, ungaresche Foussballspiller an -trainer.
- 18. November: Joachim Höppner, däitsche Schauspiller, Regisseur a Synchronspriecher.
- 20. November: Robert Altman, amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
- 23. November: Alexander Walterowitsch Litwinenko, Leitnant-Colonel am russesche Geheimdéngscht.
- 23. November: Philippe Noiret, franséische Schauspiller.
- 28. November: Roger Bertemes, lëtzebuergesche Moler.
- 1. Dezember: Ali Khan Samsudin, malaysesche "Schlaangemënsch".
- 1. Dezember: Claude Jade, franséisch Schauspillerin.
- 10. Dezember: Augusto Pinochet, chilenesche Generol an Diktator.
- 13. Dezember: Loyola de Palacio, spuenesch Politikerin.
- 18. Dezember: Joseph Barbera, US-amerikaneschen Zeechentrickfilmer a Produzent.
- 21. Dezember: Saparmurad Nijasow, President vun Turkmenistan (Turkmenbashi).
- 25. Dezember: James Brown, US-amerikanesche Sänger.
- 26. Dezember: Gerald R. Ford, US-amerikanesche Politiker (38. President vun de Vereenegte Staaten)
- 27. Dezember: Mathias Berns, lëtzebuergeschen Agronom a Politiker.
- 30. Dezember: Saddam Hussein, irakesche Politiker a President (exekutéiert).