Carlo Hemmer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Carlo Hemmer (* 26. Juni 1913 zu Kaiserslautern, † 11. November 1988 zu Ettelbréck), war e lëtzebuergeschen Economist, Manager, Editeur an Auteur.
Gebuer zu Kaiserslautern, geet de Carlo Hemmer zu Ettelbréck an d'Primärschoul, zu Dikrech an de Lycée an an der Stad Lëtzebuerg an d'Industrie- an Handelsschoul. 1932-1934 studéiert en op der Hautes Etudes Commerciales zu Paräis, a vun 1934-1936 op der Handelshochschule zu Leipzig, wou e seng Studie mat engem Doktorat ofschléisst.
Tëschent 1936 an 1940 sammelt hien als Attaché am Landwirtschaftsministère seng éischt berufflech Erfahrungen. Am Krich gëtt hien 1941 fir d'éischt als Gérant vun engem Mëllechsyndikat op Ettelbréck versat, kuerz derno entlooss, well en de politesche Virstellunge vun den Naziën net entsprach huet. Bis 1944 schafft en zu München am juristeschen Déngscht vun enger Baufirma.
Vun 1944 bis 1958 ass de Carlo Hemmer Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Industrielle-Vereenegung FEDIL. Den 1. Januar 1954 kënnt déi éischt Nummer vun der Wochenzeitung D'Letzeburger Land eraus, déi vun him gegrënnt ginn ass.
1958 wiesselt e fir e puer Joer op Bréissel, wou en an der Europäescher Commissioun Direkter an der Verwaltung vun der Generaldirectioun 'Industrie' gëtt. Mee geschwënn dono ass hien nees zu Lëtzebuerg, wou en 1962 Direkter vun der Chambre de Commerce als Nofolger vum Paul Weber gët (hien ass dat bis zu senger Pensioun 1974 bliwwen), vun 1963 un President vum Office Luxembourgeois pour l'acroissement de la Productivité (OLAP) ass (bis 1988), an och nach President vum Jugendherbergsverband ass (1960 bis 1984).
Seng beandrockend Lëscht vun Ämter geet virun: 1970 bis 1986 ass hie Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, vun 1973 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun den CFL, 1976 bis 1988 President vum Conseil supérieur de l'aménagement du territoire, 1977 bis 1988 President vun der Lëtzebuerger Bourse an 1978 bis 1985 Member vum Verwaltungsrot vun der Banque Générale du Luxembourg.
Do dernierft ass en nach tëschent 1970 an 1984 President vun der Section des sciences morales et politiques vum Institut Grand-Ducal. Hien ass och Auteur vun enger ganzer Rëtsch Publicatiounen, déi sou ënnerschiddlech Themen wéi Economie, Demographie, Europapolitik, Reesreportagen, Lännerbeschreiwungen, Noriff, asw. ëmfaassen.
De Carlo Hemmer ass am Alter vu 75 Joer gestuerwen. D'Gemeng Ettelbréck, wou hien gewunnt huet, huet him ee Gedenksteen gesat.
[Änneren] Publicatiounen
- Carlo Hemmer, 1948: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie - Les conditions sociales - La production primaire. Editions Beffort, Luxembourg.
- Carlo Hemmer, 1953: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Deuxième Partie - La production secondaire: L'industrie sidérurgique. Editions Beffort, Luxembourg.
- Carlo Hemmer, 1974: Besinnlich kritisches Luxemburger Wanderbuch. Dréckerei Bourg-Bourger, Lëtzebuerg, 224 S.
[Änneren] Bio-bibliographie
- Carlo Hemmer: säi Liewe - säi Wierk = sein Leben - sein Werk = sa vie - son oeuvre, Luxembourg, 1991.