Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De 26. Februar ass de 57. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1815: Den Napoleon leeft fort aus sengem Exil op der Insel Elba.
- 1848: Déi Zweet franséisch Republik gëtt proklaméiert.
- 1936: Déi stäerkst nationalistesch Bewegung a Japan huet mat der Hëllef vun der Kempetai (Militärpolizei) an der 1.Divisioun vun der regulärer Arméi eng Rebellioun ugefaang, mat dem Zil den Keeser Hirohito vu Japan vun hirer Reformpolitik z'iwwerzeegen.
- 1991: Den Tim Berners-Lee presentéiert WorldWideWeb, den éischte Web Browser.
- 2001: Den Traité vun Nice gëtt vun den EU-Staats- a Regierungscheffen ënnerschriwwen.
- 2003: De Rolandas Paksas gëtt Staatspresident vu Litauen.
- 1361: Wenzel II. vu Lëtzebuerg, däitsche Kinnek an als Wenzel IV. Kinnek vu Béimen.
- 1786: François Arago, franséische Physiker an Astronom.
- 1794: Hans Daniel Hassenpflug, däitsche Jurist a Staatsmann.
- 1802: Victor Hugo, franséische Schrëftsteller.
- 1808: Honoré Daumier, franséische Moler.
- 1881: Albert Calmes, lëtzebuergeschen Historiker an Economist.
- 1899: Max Petitpierre, schwäizer Politiker.
- 1902: Jean Bruller, genannt Vercors, franséische Schrëftsteller.
- 1908: Tex Avery, amerikanesche Dessins-animés-Moler a Regisseur.
- 1908: Lily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 1928: Fats Domino, US-amerikanesche Rhythm and Blues-Museker.
- 1932: Johnny Cash, US-amerikanesche Sänger.
- 1954: Leon de Winter, hollännesche Schrëftsteller.
- 1954: Recep Tayyip Erdogan, türkesche Politiker.
- 1956: Milan Babić, serbesche Politiker.
- 1958: Michel Houellebecq, franséische Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler.