Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 4. Februar ass den 35. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1791: Frankräich: Eed op d'Konstitutioun bei der Versammlung vun de Paschtéier.
- 1938: Den Adolf Hitler ernënnt sech selwer zum Oberbefehlshaber vun der däitscher Wehrmacht
- 1948: Sri Lanka gëtt onofhängeg.
- 1997: Südafrika kritt eng nei Verfassung.
- 2003: Jugoslawien nennt sech ëm a Serbien a Montenegro.
- 1688: Pierre Marivaux, franséischen Theaterschrëftsteller.
- 1740: Carl Michael Bellman, schwedeschen Dichter.
- 1843: Auguste Laval, lëtzebuergeschen Affekot, Industriellen a Politiker.
- 1856: Victor Ferrant, lëtzebuergeschen Naturfuerscher a -moler.
- 1871: Friedrich Ebert, däitsche Politiker.
- 1872: Alexander Weyer, lëtzebuergesche Kraaftmënsch.
- 1897: Ludwig Erhard, däitsche Politiker a Bundeskanzler.
- 1900: Jacques Prévert, franséischen Dichter.
- 1902: Charles Lindbergh, US-amerikanesche Pilot.
- 1905: Frantz Kinnen, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 1906: Clyde William Tombaugh, US-amerikaneschen Astronom.
- 1909: Dirk Spierenburg, hollännesche Politiker, Diplomat a Wirtschaftler.
- 1913: Rosa Parks, US-amerikanesch Biergerrechtlerin.
- 1914: Alfred Andersch, däitsche Schrëftsteller.
- 1915: Christophe Didier, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 1931: Ger Maas, lëtzebuergesch Molerin.