Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Schweden - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Schweden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Konungariket Sverige

Schwedesche Fändel

Schwedescht Wopen

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Schwedesch (de facto)
Haaptstad: Stockholm
 • Koordinaten: 59°21'N 18°4'O
Staatsform: Konstitutionell Monarchie
 • Kinnek: Carl XVI Gustaf
 • Premierminister: Fredrik Reinfeldt
Fläch: 449 964 km² (55.)
 • Dovu Waasser: 8,67 %
Bevëlkerung: 9 136 889[1] (84.)
 • Bevëlkerungsdicht: 20/km²
Onofhängegkeet: Austrëtt aus der Kalmarer Unioun, Kinnekräich Schweden 1515 deklaréiert a 1523 unerkannt
Nationalfeierdag: 6. Juni
Nationalhymn: Du gamla, du fria
Lauschteren
Währung: Schwedesch Kroun (SKR)
Zäitzon: UTC +1
Internet TLD: .se
International Virwahl: +46

D'Kinnekräich Schweden (schwed.: Konungariket Sverige) ass eng konstitutionell Monarchie an Nordeuropa. D'Land grenzt am Westen un Norwegen an am Nordosten u Finnland. Zu Schweden gehéieren och d'Insele Gotland an Öland.

Iwwert d'Öresund-Bréck, am Südoste vum Land, ass d'skandinavesch Hallefinsel mat Dänemark verbonnen. D'Haaptstad vu Schweden ass Stockholm.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

D'Klima a Süd- a Mëttelschweden ass op Gronn vun der Erwäermung duerch de Golfstroum relativ temperéiert. D'Temperaturen an Nordschweden sinn dogéint subarktesch. Nërdlech vum Polarkrees geet d'Sonn am Summer net ënner, dofir ass et an de Wanterméint dann och 24 Stonne laang däischter.

Ëstlech vu Schweden mécht d'Ostmier d'natierlech Grenz an hei leien och déi meescht vun deene ca. 221 800 schwedeschen Inselen. Déi zwou gréisste si Gotland (ca. 3000 km²) an Öland (ca. 1300 km²). Am Weste gëtt d'Land vu Bierger, de Skanden, vu Norwegen getrennt. Den héchste vun hinnen, de Kebnekaise, ass mat sengen 2111 m gläichzäiteg och den héchste Bierg am Land. Schweden huet 28 Nationalparken. Di flächeméisseg gréissten dovu leien am Nordwesten.

Wéinst besserem Buedem a Klima konzentréiert sech den Akerbau éischter an Südschweden. Desto méi nërdlech ee kennt, datt d'Bëscher (virun allem Dännebëscher) méi dicht a wäitflächeg ginn.

[Änneren] Bevëlkerung

Schweden, e grousst Land, huet eng verhältnesméisseg kleng Populatioun. Iwwer d'Halschent vun de Schweden liewen op 3% vum totale Staatsareal an déi méi urban an dicht bevëlkert Streech konzentréiere sech haaptsächlech am Süden.

Waren et an de fofzeger a sechzeger Joren éischter Immigranten op Sich no enger Aarbecht, sou fannen haut och vill politesch Asylanten eng nei Heemecht a Schweden. Eng 6,7% vun der Bevëlkerung sinn Auslänner, déi meescht dovu Finnen (ca. 100 000). Aner gréisser Gruppen Auslänner kommen aus Jugoslawien, Polen, dem Irak an Däitschland.

Sami, Roma, Sinti, Judden an déi finnesch Tornedalen sinn offiziell unerkannte schwedesch Minoritéiten. D'Geschicht vun der finnescher Minoritéit vun den Tornedalen ass déi vun enger muttwëlleger Siddlungspolitik tëscht Russland a Schweden am 19. Joerhonnert. D'Tornedalen liewen haaptsächlech an Nordschweden a schwätzen e ganz speziellen aalfinneschen Dialekt dee sech staark vum moderne Finnesch ënnerscheed. Tornedalen sinn net mat deene Finnen ze verwiesselen déi eréischt a leschter Zäit immigréiert sinn.

Ronn 17 000 Sami liewen haut nach a Schweden an obwuel gréisstendeels assimiléiert, gi samesch Kultur an Traditiounen hautzedaags nees erëm méi bewosst gepflegt a gelieft.

[Änneren] Sproochen

Obwuel Schweden keng offiziell Sprooch huet, ass Schwedesch de facto déi di historesch do entstan a gewuess ass, an am Alldag och als dominant Landessprooch fungéiert. Schwedesch gehéiert zu der nordgemanescher Sproochefamill a gläicht deenen anere skandinaveschen Sproochen.

Finnesch, Meänkieli, Jiddesch, Romani a Samesch sinn offiziell unerkannte Minoritéitesproochen.

[Änneren] Reliounen

Den 1. Januar 2000 huet Schweden déi offiziell lutheranesch-evangelesch Statskierch ofgeschaf. All d'Konfessiounen a Reliounen sinn zënter hier vu staatlecher Säit aus gläichgestallt.

Obschonn net méi Statskierch, bleiwen d'Protestanten an der Majoritéit. Eng 82% vun de Schweden sinn no lutheranesch-evangeleschem Glawe gedeeft (Stand 2003). Wéi a villen anere westeuropäesche Länner och ass awer d'Zuel vun deenen déi hire Glawe praktizéiere bedeitend méi kleng wéi dat wat um Pabeier steet.

Den zweetgréisste reliéise Grupp ass dee vun de Muslimen (250 000 - 300 000). Aner gréisser Communautéiten sinn d'Kathoulesch Kierch (ca. 150 000) , d'Syresch Orthodox Kierch (ca. 29 000 ) an d'jiddesch Communautéit (ca. 10 000).

[Änneren] Geschicht

Déi eelste Relikter déi um Territoire vum haitege Schweden fonnt gi sinn, sinn aus der Steenzäit. Schrëftlech ernimmt ginn d'Schweden déi éischt Kéier am 1. Joerhonnert vum réimeschen Historiker Tacitus. D'Suionen, wéi hie se genannt huet, waren e Stamm am ëstleche Schweden deen haaptsächlech an der Géigend vum Séi Mälaren an de Stied Stockholm a Sigtuna doheem war (Svealand). De Numm Schweden geet op dëse Stamm zréck.

Am néngten an zéngte Joerhonnert, der Zäit vun de Wikinger, ënnerhuele schwedesch Wikinger Expeditiounen a Richtung Ost- a Südosteuropa. Et gëtt gehandelt a gereibert, deelweis sech awer och niddergelooss. Sou geet zum Beispill d'Grënnung vu Kiew op schwedesch Wikinger zréck. D'Wikinger hannerloossen hir Spueren an de baltesche Länner, Russland an dem Schwaarze Mier. Iwwert di russesch Flëss packen se et bis op Konstantinopel.

Parallel zur Christianiséierung am 12. Joerhonnert, wiisst och d'Muecht vum Kinnekshaus. D'Kinnekräich gëtt reorganiséiert an d'Land expandéiert no alle Säiten hin. Nei Territoirë wéi d' Österland (dat haitegt Finnland; tëscht 1362 an 1809 Deel vu Schweden) ginn entweder eruwwert oder, wéi d'Gotaland am Westen, mat Kontrakter un d'Kroun gebonnen. 1389 ginn di dräi Länner Norwegen, Dänemark a Schweden ënner dänescher Kroun am Kader vun der Kalmarer Unioun vereent. Am Laf vum 15. Joerhonnert gëtt d'Resistenz géint d'Unioun awer ëmmer méi staark an 1523 gëtt Schweden zu gudder Lescht nees en onofhängegt Kinnekräich. Kinnek gëtt de Gustav Eriksson Vasa, dee sech spéiderhi Gustav I. vu Schweden genannt huet. An der Regierungsperiod vum Gustav I. gëtt Schweden protestantesch an duerch d'Grënnung vum Riksdag, dem schwedesche Parlament, d'Bourgeoisie méi staark an Decisioune vum Stat integréiert.

De Kinnek Gustav Vasa I. vu Schweden
De Kinnek Gustav Vasa I. vu Schweden

Ënnert der Vasa-Dynasti klemmt Schweden am 17 . Joerhonnert zu enger europäescher Groussmuecht op. De Kinnek Gustav II. Adolf gräift mat Succès tëscht 1612 an 1632 op Säit vun de Protestanten an den Drëssegjärege Krich an. Nom Westfälesche Fridden (1648) ass Schweden, zesumme mat Frankräich, eng vun deen zwou Groussmuechten déi als Garant fir de Fridden an Europa antrieden. D'Kinnekräich Schweden beherrscht an dëser Period den Handel am ganzen Ostmiergebitt, Deeler vu Finnland, dem Baltikum an ass duerch de Besëtz vu Vorpommern Räichsstand vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun. An deenen nächsten zwee Joerhonnerte sollt Schweden awer ëmmer méi an d'Defensiv geroden. De Schwedesch-russesche Krich (1808-1809), dee mat enger Nidderlag vu Schweden an dem Verloscht vu Finnland op en Enn geet, ass de Schlusspunkt vun de schwedeschen Ambitiounen als Groussmuecht.

Nodeems de Karl XIII. keng Kanner huet, gëtt de franséische Maréchal Jean Baptiste Bernadotte adoptéiert an 1810 als Trounierwen designéiert. Ënnert dem Numm Karl XIV. Johann gëtt de Bernadotte 1818 Kinnek vu Schweden an Norwegen (Norwegen war 1814 no engem Krich géint Dänemark u Schweden ofgi ginn). 1866 gëtt d'Land e konstitutionelle Rechtsstat, mee d'Personalunioun tëscht Schweden an Norwegen huet nach bis 1905 bestan.

Während dem Éischten an Zweete Weltkrich bleift Schweden neutral, spillt awer eng wichteg Roll als Asylland fir politesch Flüchtlingen.

1973 ginn d'Schweden sech eng nei Verfaassung an 1995 trieden se der Europäescher Unioun bäi. Eng Majoritéit vun 56% stëmmt 2003 an engem Referendum géint d'Aféierung vum Euro.

[Änneren] Politik

D'schwedescht Parlament, de Riksdag
D'schwedescht Parlament, de Riksdag

Schweden ass eng konstitutionell Monarchie. De Karl XVI. Gustav, zënter 1973 Kinnek vu Schweden, huet haaptsächlech eng zeremoniell a representativ Funktioun an ass ouni wierklech politesch Muecht. D'schwedescht Parlament, de Riksdag, besteet aus enger Kummer, huet 349 Deputéierten a gëtt all véier Joer op e Neits gewielt. D'Parlament designéiert de Premierminister deen dann d'Ministeren vu senger Regierung ernennt.

D'Parlamentswale vun 2006 goufe vun der moderat rietser Koalitioun Allianz fir Schweden (Allians för Sverige) gewonnen. D'Koalitioun aus véier Parteie konnt fir d'éischte Kéier zënter der Aféierung vum allgemenge Walrecht d'Dominanz vun de Sozialdemokrate briechen. D'Sveriges socialdemokratiska arbetareparti bleift awer matt 34,99% di gréisste Partei am Parlament. Neie Premier ass den Fredrik Reinfeldt vun der Moderata samlingspartiet.

Schweden ass neutral, Member vun der Europäescher Unioun , de Vereente Natiounen , der OECD an dem Nordesche Rot.

[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen

Traditionell gëtt Schweden an dräi Groussregiounen (schwed.: landsdelar) agedeelt: Götaland, Svealand an Norrland. Dat haitegt Finnland war bis 1809 di véiert Regioun, d'Österland. D'Regioune waren nach eng Kéier an 25 landskap ënnerdeelt.

1634 gouf d'Administratioun vum deemolege Kanzler Axel Oxenstierna reforméiert an zënter deem besteet Schweden aus 21 Verwaltungseenheeten, de Län, an 290 Gemengen.

[Änneren] Kultur

[Änneren] Film

Schweden war eent vun de Pionéierlänner vun den Ufankszäiten vum Film. International bekannte Perséinlechkeete sinn de Mauritz Stiller, de Victor Sjöström, den Ingmar Bergman a Schauspillerinne wéi d'Greta Garbo, d'Ingrid Bergman an d'Anita Ekberg.

[Änneren] Literatur

D'Land huet eng ganz Rëtsch international bekannte Schrëftsteller. Ënnert hinne sinn Nimm wéi Emanuel Swedenborg, August Strindberg an Astrid Lindgreen.

[Änneren] Musek

Schweden ass international fir seng Popmusek bekannt an huet den Eurovision Song Contest véier Mol gewonn. ABBA ass dobäi scho bal zu esou eppes wéi engem Synonym fir schwedesche Pop avancéiert. Mee och méi rezent Gruppen wéi Soundtrack of our lives, Mando Diao an The Hives hunn internationale Succès.

[Änneren] Sport

Schweden war 1958 op der Foussball-Weltmeeschterschaft am eegene Land an der Finale géint Brasilien.

[Änneren] Verschiddenes

Zu Stockholm ginn all Joer féier vun de fënnef Nobelpräisser verdeelt.

[Änneren] Economie

D'Industrialiséierung huet a Schweden laang op sech waarde gelooss a bis d'spéit 19. Joerhonnert war d'Land eng batteraarm Agrarnatioun. D'Industrie ass nom Zweete Weltkrich dunn awer schëtzeg gewuess a Schweden zu engem Land mat enger héich kompetitiver Économie a gudder Liewensqualitéit ginn.

Den Akerbau mëscht haut nëmme méi 2% vum BIP aus a mëttlerweil ass och de sekundäre Secteur (28%) réckleefeg. De Gros vum BIP (70%) kennt iwwert den tertiäre Secteur, den Handel an d'Servicer, eran.

Schweden ass räich un natierleche Ressourcen. Déi wichtegst sinn Bëscher, Waasserkraaft a Minette.

E puer weltwäit bekannte schwedesch Betriber:

Electrolux, Ericsson, Hennes & Mauritz, IKEA, SAAB, Scania, Securitas, Tele2, Tetra Pak a Volvo.

[Änneren] Notizen a Referenzen

  1. Source: scb.se (Mee 2007)

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Schweden – Biller, Videoen oder Audiodateien


Aner Sproochen
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com