See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Chrëschtentum - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Chrëschtentum

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.


Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Chrëschtentum ass eng Relioun déi virun ongeféier 2000 am Gebitt vum heitegen Israel an Westjordanland (déi deemools zum réimesche Räich gehéiert hunn) entstan ass an aus dem deemools do präsente Juddentum ervirgaang ass. Seng Unhänger beruffe sech op de Jesus vun Nazaret, deen ëm d'Joer 30 als Wanderpriedeger am demolege Palästina opgetrueden ass a sech selwer zum jüddesche Glawe bekannt huet an dee keefalls virhat eng aner Relioun ze grënden wat sech dunn awer spéider anescht eraus kristalliséiere sollt. Esou kënnt et datt d'Chrëschtentum eng monotheistesch a gestëfft Relioun ass. De Begrëff Chrëschtentum gëtt eng éischte Kéier an engem Bréif vum syresche Bëschof Ignatius vun Antiochien († ca. 107-110) ernimmt. E kënnt dohier datt d'Unhänger vum Chrëschtentum Chrëschte genannt goufen, a sech spéider och selwer esou genannt hun, wëll si am Jesus dee vum Juddentum erwaarte Messias (op Griichesch christos - de Gesaleften) an de Jong vu Gott gesinn hunn .

[Änneren] Konfessiounen

D'Chrëschtentum huet sech esouwuel ënnert Unhänger vum Juddentum (d'Judde selwer awer och zum Juddentum konvertéierter Leit aus anere Vëlker, déi sougenannt Gottesfürchteg) ewéi och ënnert Unhänger vun der réimescher Relioun verbreet. Trotz der Ënnerdréckung duerch de réimesche Staat huet et sech organiséiert a méi a méi Unhänger kritt. 313 gouf et vum réimesche Staat unerkannt an toleréiert (Edikt vu Mailand) a schliisslech zur Staatsrelioun gemaach (380). Mat enger ëmmer méi grousser Unhängerschaft koum et och emmer erëm zu Streidereien an Spaltungen a verschiddene Gruppen. Vill vun dëse Gruppen sinn nees verschwonn, anerer hu sech zu Konfessiounen entwéckelt, déi et och haut nach ginn.

  • 1054 trenne sech d'Ost- an d'Westkierch, déi orthodox Kierch am Osten an déi kathoulesch Kierch am Westen (Schisma).
  • 1517 trenne sech déi Reforméiert (Unhänger vum Martin Luther) vun der kathoulescher Kierch. Si bilden haut déi evangelesch Konfessioun. Zu dëser Zäit trenne sech och nach aner Gruppen of, wéi déi Schwäizer vum Johannes Calvin oder déi vum Ulrich Zwingli. Zesumme mat der evangelescher Konfessioun bilde se déi Protestantesch Kierch.
  • 1534 trennt sech an England ënnert dem Henry VIII. déi spéider Anglikanesch Kierch vun deer kathoulescher.
  • am 19. Jh. (awer och schonns virdrun) entsti vill nei Konfessiounen (virun allem ausgehend vun Protestanten an den USA), z.B. Mormonen, Baptisten.
  • 1870 trenne sech d'Alkatholiken vun der kathoulescher Kierch well si d'Beschlëss vum Éischte Vatikanesche Konzil net unhuelen.

Mat ongeféier 2 Milliarden Unhänger ass d'Chrëschtentum haut déi gréisst Relioun op der Äerd.

Aner Sproochen


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -