Elvis Presley
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Elvis Presley, gebuer den 8. Januar 1935 zu Tupelo (Mississipi) a gestuerwen de 16. August 1977 zu Memphis (Tennessee), war en US-amerikanesche Rocksänger.
Déi 1950 an den USA entstane Bewegung vum Rock 'n' Roll huet séier op Europa iwwergegraff wéi de Gittarist a Sänger Elvis Presley an Däitschland säi Militärdéngscht gemaach huet an duerch spektakulär Optrëtter bekannt ginn ass.
Vun 1954 un hunn dem Elvis Presley seng Danz- a Showelementer während sengen Optrëtter Rekorder beim Verkaf vu senge Plakken an eng ganz Rei Rollen als Schauspiller a Kino- a Fernseefilmen abruecht.
An de 1970er Joren hat den Elvis Presley e grousse Comeback.