11. Dezember
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 11. Dezember ass den 345. Dag (346. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Nov – Dezember – Jan | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1740: De Friedrich II. vu Preisen stellt der Maria Theresia vun Éisträich en Ultimatium, an deem hien Schlesien als Präis fir seng Unerkennung vun der Pragmatescher Sanktioun a seng Ënnerstëtzung fir d'Wiel vun hirem Mann François zum Keeser fuerdert.
- 1936: Groussbritannien: Den Edward VIII. dankt of a säi Brudder, den George VI. iwwerhëlt den Troun.
- 1988: Den éischten Astra-Satellit gëtt vu Kourou (Franséisch Guyanne) aus mat enger Ariane-Rakéit op Orbit geschéckt.
[Änneren] Gebuer
- 1475: Leo X., Papst
- 1803: Hector Berlioz, fransiésche Komponist.
- 1806: Heinrich Ämilius August Danz, däitsche Jurist.
- 1810: Alfred de Musset, franséische Schrëftsteller.
- 1843: Robert Koch, däitschen Bakteriolog.
- 1850: Mary Victoria Hamilton, Prinezessin vu Monaco.
- 1863: Annie Jump Cannon, US-amerikanesch Astronomin a Physikerin.
- 1874: Paul Wegener, däitsche Schauspiller.
- 1887: Carlos Gardel, Tango–Sänger a Komponist.
- 1908: Josy Kraus, lëtzebuergesche Vëlosportler.
- 1911: Val Guest, englesche Filmproduzent a -regisseur.
- 1911: Jos Hoffmann, lëtzebuergesche Biolog.
- 1913: Jean Marais, franséische Schauspiller.
- 1916: Pérez Prado, kubanesche Museker a Komponist.
- 1919: Martin Gerges, Publizist zu Lëtzebuerg.
- 1938: McCoy Tyner, US-amerikaneschen Jazzpianist.
[Änneren] Gestuerwen
- 1945: Charles Fabry, franséische Physiker.
- 1946: Jean-Pierre Beckius, lëtzebuergesche Moler.
- 1955: René Leclère, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 1956: Nicolas Braunshausen, lëtzebuergesche Professer fir Psychologie a Politiker.
- 1964: Alma Mahler-Werfel, éisträichesch Komponistin.
- 1977: Luis Humberto Salgado, ecuadorianesche Komponist a Pianist.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |