Jean Engling
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean (oder Johann) Engling, gebuer den 13. Oktober 1801 zu Chrëschtnech, gestuerwen den 13. Mäerz 1888 um Marienhaff (haut Lampertsbierg), war e lëtzebuergeschen Theolog, Kaploun, Archeolog, Historiker, Numismatiker, Auteur a Pädagog.
Vun 1825 bis 1828 war hie Professer am Collège communal zu Iechternach.
Am Athenäum war hie Philosophie- an Theologie-Professer vun 1841 bis 1869.
Um Seminär zu Lëtzebuerg war hie vun 1845 un an huet do Philosophie an Theologie enseignéiert.
Vun 1853 bis 1876 a vun 1885 bis 1888 war hie President vun der "Archeologescher Gesellschaft", déi 1868 d'Section des sciences historiques vum Institut royal grand-ducal gouf.
Hie war och eng zäitlaang Doumhär vun der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg.
Zu Dummeldeng krut eng Strooss (rue Jean Engling) den Numm vun dësem villsäitege Mann.
[Änneren] Bibliographie
- Johann Engling, 1858. Geschichte des sogenannten Klöppelkrieges, quellenmäßig dargestellt. Druck und Verlag von V. Bück, Lëtzebuerg.
- Paul Dostert, 2003. Jean Engling 1801-1888. In: 400 Joer Kolléisch. Editions saint paul, Lëtzebuerg, S. 265-267.
- Marcel Ewers-Bartimes, 2001. Ein Pionier der Archäologie in Luxemburg. Luxemburger Wort, 13.10.2001, S. 6.
- Martin Blum, 1899. Herr Domkapitular Johann Engling, Präsident der hist. Sektion des K.-G. Institutes zu Luxemburg, in seinem Leben und Wirken dargestellt. In: Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal, vol. 15, S. 16-40.