Theologie
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Theologie (v. griech.: θεολογία, vun θεός, theós - "de Gott" λόγος, lógos - d'Wuert, d'Schwätzen, d'Léier) ass wiertlech geholl d'Schwätze vu Gott bzw. d'Léier vu Gott, oder allgemeng d'Léier vu Glawenssystemer a Glawensdokumenter. Dacks ass mat deem Begrëff d'chrëschtlech Theologie gemengt.
D'Theologie versteet sech als wëssenschaftlech Ausernanersetzung mat de Grondlage vum Glawen. D'Theologie ass eng Metatheorie, d.h. eng Reflexioun, déi op enger Ebene stattfënnt, déi sech vun der Ebene vun der reliéiser Praxis bzw. vom konkrete Glawensvollzug wiesentlech ënnerscheedt. Aus deem Grond muss een net gleeweg sin, fir awer Theolog ze sinn. Trotzdem bekennentsech déi meeschten Theologen zu enger konkreter Konfessioun. Wat fir d'Philosophie zoutrëfft, gëllt och fir d'Theologie. Et gët nët déi Theologie.