Jean-Paul I. (Poopst)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jean-Paul I., mit biergerlechem Numm Albino Luciani, gebuer de 17. Oktober 1912 zu Forno di Canale a gestuerwen den 28. September 1978 am Vatikan, gouf den 26. August 1978, als Nofolger von Paul VI., zum Poopst gewielt . Säi Pontifikat sollt awer nëmmen 33 Deeg daueren . Säi Nofolger gouf de Jean-Paul II..
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewenslaf
Den Albino koum am norditalienesche Forno di Canale (haut Canale d'Agordo) bei Belluno op d’Welt a koum aus aarme Verhältnesser. Am Alter vun eelef Joer ass en 1923 an de Bouweseminaire vu Feltre agetrueden, en Internat wou Bouwen op de Beruff vum Geeschtleche virbereed goufen.
Nodeems hie vun 1928 bis 1935 um Seminaire, dem "Seminario Gregoriano" zu Belluno war, gouf en de 7. Juli 1935 zum Priester geweit. Dono war en zwee Joer als Kaploun a sengem Heemechtsduerf, bis en 1937 zum Vizerektor vum "Gregoriano" ernannt gouf a bis 1947 do bliwwen ass. Den 23. November 1946 ass en zum Dokter an der Theologie promovéiert. Hien huet du verschidde Funktiounen a sengem Heemechtsbistum iwwerholl, ënner anerem als Direkter vum Katechetesche Büro an als Pro-Generalvikar. En huet och e puer bemierkenswert Schrëfte publizéiert, wéi z.B. Catechesi in briciole an Illustrissimi (dt. Ihr sehr ergebener an eine Sammlung von Briefen an bedeutende Persönlichkeiten - von Jesus Christus bis Pinocchio). Hien huet awer keen Heel draus gemaach datt en am léiwsten en einfachen Duerfpaschtouer wier.
De 27. Dezember 1958 gouf hie vum Poopst Johannes XXIII. zum Bëschof vu Vittorio Veneto ernannt. De Poopst Paul VI. huet hie schliisslech, de 15. Dezember 1969, zum Patriarch vu Venedeg an den 5. Mäerz 1973 zum Kardinol mat der Titelkierch San Marco ernannt.
[Änneren] Säi Pontifikat
Nom Doud vum Poopst Paul VI. gouf de Kardinol Albino Luciani de 26. August 1978, no engem Konklav vu nëmmen engem Dag, vun 111 Kardineel am 4. Tour, zum neie Poopst gewielt. Dëse Konklav war deen éischte, bei deem déi Kardineel, déi méi al wéi 80 Joer sinn, net méi hunn däerfen ofstëmmen.
Als Poopstnumm huet hie "Jean-Paul I." gewielt, well hien am Geescht vu sengen zwéi Virgänger, Johannes XXIII. a Paul VI., wollt weiderschaffen. Hie war domatt deen éischte Poopst mat engem duebelen Numm, an och deen éischte Poopst dee sech selwer direkt "den Éischten" (I.) genannt huet. Bis dohi gouf d’Uerdnungszuel eréischt beim zweeten mam selwechten Numm drugehaangen.
Den 3. September 1978 gouf hie feierlech introniséiert. Hien huet awer op déi traditionell Kréinung mat der Tiara verzicht, gradesou wéi de Gebrauch vun der Sedia gestatoria, der traditioneller Sänft vun de Peepst.
Wéinst sengem frëndlechen Optrieden huet den neie Poopst direkt vill Sympathië fonnt, och bei Netkatholiken. Als éischte Poopst huet hie bei offizielle Schrëftstécker a Riede fir sech selwer net méi d’Uried "Mir" (Pluralis Majestatis) mee "ech" gebraucht. Dës nei Gebräicher goufe vu sengen Nofolger iwwerholl. A sengem kurze Pontifikat hat hie keng Zäit krut fir ze reesen, Hellegspriechunge virzehuelen, an Enzykliken ze schreiwen. A senge wéinegen Usprochen huet e sech awer, ouni Aschränkungen, zu de Léiere vu senge Virgänger bekannt, wat en duerch de Choix vu sengem duebelen Numm schonns ausgedréckt hat.
[Änneren] Säin Doud
No engem Pontifikat vun nëmmen 33 Deeg ass de Jean-Paul I. an der Nuecht vum 28. op de 29. September gestuerwen, an an der Krypta vum Péitersdoum begruewe ginn. Eng Obduktioun gouf souwuel vu senger Famill wéi och vum Vatikan verweigert. De Kardinol Luciani war schonn zanter Joren häerzkrank. Ausserdeem war den 28. September ee Wiederëmschwonk an e Stuerm. Et ass dokumentéiert, dass et dem Poopst dësen Owend net gutt war, an dass e mat Houscht a Péng geklot huet. Um 21:30 Auer ass en an d’Bett gaangen. De Kardinol John Magee hat en als leschte lieweg gesinn.
[Änneren] Verschwörungstheorien
1984 huet den David Yallop säi Buch Im Namen Gottes? publizéiert. Dora behaapt hien, de Jean-Paul I. wier vergëft ginn, well hie korrupt Affaire vun der Vatikanbank opdecke wollt. Ausserdeem géifen dës Affairen an engem direkten Zesummenhank mat der Affair ëm d’ Banco Ambrosiano mam Paul Marcinkus, Roberto Calvi a Michele Sindona stoen, grad esou wéi d’Relatioun zu der Propaganda Due – Loge, déi 1944 vum Licio Gelli gegrënnt gouf, a 1976 aus der Freimaurerei ausgeschloss gouf.
Ausserdeem huet de Yallop och d’Kardineel Jean-Marie Villot, Kardinolstaatssekretär a John Cody, Äerzbëschof vu Chicago, mat dem Dout vum Poopst a Verbindung bruet, well déi zwéin anscheinend vun hiren Ämter sollten enthuewe ginn. Dës Theorie, déi och vum Francis Ford Coppola a sengem Film Der Pate III opgegraff gouf an am Philipp Vandenberg sengem Roman Sixtinische Verschwörung beschriwwe gëtt, hält sech daper.
[Änneren] Séilegspriechungsprozess
De Prozess fir d’Séilegspriechung vum Jean-Paul I. (Diözesan-Phas) huet am Joer 2003 a sengem Heemechtsbistum Belluno-Feltre ugefaangen, a gouf den 10. November 2006 ofgeschloss. Den 3. Januar 2007 huet déi réimesch Phas ugefaangen.
[Änneren] Literatur
[Änneren] Biographien und Wierker
- Albino Luciani: Ihr ergebener Albino Luciani: Briefe an Persönlichkeiten, Verlag Neue Stadt 1997, ISBN 3879963622
- Andrea Lazzarini: Johannes Paul I. Der Papst eines neuen Morgens, Herder. Freiburg Basel Wien 1978.
- Regina Kummer: Albino Luciani, Papst Johannes Paul I. - ein Leben für die Kirche, Verlag Styria 1991, ISBN 3222120048
- J.R.Grigulevic: Die Päpste des XX. Jahrhunderts, Urania-Verlag. Leipzig-Jena-Berlin 1984
- Mathieu-Rosay, Jean Die Päpste im 20. Jahrhundert ISBN 3-89678-531-1, Primus Verlag 2005
[Änneren] Beschreiwung vum Dout
- Hans Bankl: Viele Wege führten in die Ewigkeit. Schicksal und Ende außergewöhnlicher Persönlichkeiten, Verlag Wilhelm Maudrich, ISBN 385175574X
[Änneren] Verschwörungstheorien
- John Cornwell: Wie ein Dieb in der Nacht. Der Tod von Papst Johannes Paul I. ISBN 3552041117
- Philipp Vandenberg: Sixtinische Verschwörung ISBN 3404116860
- David A. Yallop: Im Namen Gottes? ISBN 3499611759
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Dokumentatioun vun den Usproochen a Publikatioune vum Jean-Paul I.
- www.albino-luciani.com
- Albino-Luciani-Fanclub (italienesch)
- RAI TV Film 1-2. Deel
Virgänger | Nofolger | |
---|---|---|
Paul VI. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Jean-Paul II. |