Sibiu
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Sibiu (Däitsch: Hermannstadt, Ungaresch Nagyszeben) ass eng mëttelalterlech Stad a Rumänien. Sibiu läit an Transsylvanien (dt: Siebenbürgen) an huet eng 170.000 Awunner. Et ass d'Haaptstad vum Bezierk (judet) mam selwechten Numm.
Sibiu gouf am 12. Joerhonnert vun däitschen Emigrante gegrënnt. Joerhonnertelaang hu si hir Kultur a Sprooch, déi e gewësse Glach mam Lëtzebuergeschen huet, kënnen erhalen. Mee ënnert dem Nicolae Ceausescu senger Diktatur, a virun allem direkt no hirem Zesummebroch 1989-90, sinn déi meeschte Leit an Däitschland ausgewandert; haut si just nach tëscht 1 an 2 Prozent vun der Bevëlkerung däitschsproocheg, déi aner schwätze Rumänesch, Romanés oder Ungaresch.
Zënter dem September 2004 steet déi historesch Alstad op der UNESCO-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft.
2007 ass Sibiu zesumme mat der Groussregioun Lëtzebuerg Kulturhaaptstad vun Europa.
Koordinaten: 45° 47’ 22’’ N
24° 08’ 54’’ O
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Sibiu – Biller, Videoen oder Audiodateien |