Ecuador
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
República del Ecuador Republik Ecuador |
|||||||
|
|||||||
Offiziell Sprooch: | Spuenesch | ||||||
Haaptstad: | Quito | ||||||
Staatsform: | Presidialrepublik | ||||||
Fläch: | 256.370 km² | ||||||
Bevëlkerung: | 13.755.650 (2007) | ||||||
D' Republik Ecuador, op Spuenesch República del Ecuador, ass e Staat am Nordweste vu Südamerika tëscht Kolumbien a Peru. Am Weste stéisst Ecuador un de Pazifik
D'Haaptstad Quito läit an den Anden op enger Héicht vun 2.800 Meter, ca. 30 km südlech vum Equator.
Wéi den Numm et seet läit Ecuador um Equator, dee gréissten Deel vum Land läit awer südlech dervunner.
D' Galápagos-Inselen déi zu Ecuador gehéieren, leien eng ronn 1.000 Kilometer virun der Küst.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Geographesch deelt d'Land sech a véier Haaptregiounen op:
- Déi westlech Küstegéigend, déi aus Schwemmland besteet, an aus niddrege Bierger laanscht d'Küst. Duerch d'Küstegéigeng leeft de Río Guayas
- D'Anderegioun, déi aus zwou Gebirgskette (Andekordilleren) besteet mat engem Héichdall dertëscht, wou de Vulkanismus staark ass.
- Dat ëstlecht Amazonas-Déifland, Oriente genannt, op den Osthäng vun den Anden, an dem schwaach besiidelten ieweschten Amazonasbecken
- D' Galápagos-Inselen.
[Änneren] De Pëtrol
Ecuador ass zënter dem November 2007 nees an der OPEC[1]
[Änneren] Medien
Am Land ginn et 11 méi grouss Dageszeitungen; déi gréisst dovun ass Extra.
[Änneren] Sproochen
Déi offiziell Sprooch am Land ass Spuenesch.
[Änneren] Literatur
- Feser, V., 2007. Ecuador, inkl. Galápagos. Michael Müller Verlag, 4. aktualisierte und erweiterte Auflage, 672 S. (Dee wahrscheinlech beschte Guide fir Ecuador; den Auteur lieft seit ville Joeren zu Quito).
[Änneren] Quellen
Argentinien | Bolivien | Brasilien | Chile | Ecuador | Guyana | Kolumbien | Paraguay | Peru | Suriname | Uruguay | Venezuela