Concours Littéraire National 2007
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Concours Littéraire National 2007 ass déi 28. Oplo vum Concours Littéraire National an ass fir e literarescht Wierk gemënzt, bei deem den Auteur selwer de Genre festleet. Den Thema vum Concours ass ginn: "De Bléck vu baussen", "Luxembourg dans le regard de l’Autre", "Der Blick von draussen", "Looking from outside".
De "Bléck vu baussen" ka vun engem Immigréierten, engem Friemen, engem Asylufroenden, engem Frontalier... kommen.
Den 10. Dezember 2007 koum et am Servais-Haus zu Miersch, dem Sëtz vum Centre national de littérature, zu der offizieller Proklamatioun vun de Präisser an de Mentiounen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Präisser
- Den 1. Präis goung un de Guy Rewenig fir Le chef d’orchestre à la baguette de bambou
- Deen een 3. Präis un de Georges Hausemer fir Rund um den Schuh
- Deen aneren 3. Präis krut d' Ariel Wagner-Parker fir Home from Home
Mentioune goufen et keng.
[Änneren] D'Jury
D'Jury war besat mat:
- Félix Molitor, President
- Guy Bentner
- Marie-Jeanne Flammang
- Sandra Schmit
- Margot Wirtgen-Thilges
[Änneren] De Musekskader
De musekalesche Kader gouf vum Greg Lamy, op der Gittar a vum Boris Schmidt um Kontrabass offréiert.