Plein d'essence
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Informatiounen zum Film
Nach kee Plakat do
Filmdaten | |
---|---|
Originaltitel: | Plein d'essence |
Produktiounsland: | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer: | 2007 |
Dauer: | 58 Minutten |
Originalsprooch: | ? |
Equipe | |
Regie: | Geneviève Mersch |
Dréibuch: | Geneviève Mersch |
Kamera: | Jean-Louis Sonzogni, Caroline Schuler, Ricardo Besentini |
Musek: | Jeannot Sanavia |
Produzent: | Samsa Films Claude Waringo |
Haaptacteuren | |
- (documentaire) |
Plein d'essence ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 2007. En hat de 6. Juli 2007 Première am Utopolis.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et am Film ?
D' Aire de Berchem, op der Diddelenger Autobunn, ass déi vum Ëmsaz hir gréisste Bensinnsstatioun vun Europa. Summers wéi wanters, daagsan, daagsaus, halen hei Camionen an Autoen aus allen Himmelsrichtunge stall, fir den Tank voll ze maachen.
De Film weist d'Chauffeuren, freet, wou se hir kommen a wou se hiwëllen, wat si vu Lëtzebuerg wëssen, asw. E geet och der Fro no, wéi dës Raschtplaz hannert de Kulisse fonctionnéiert: d'Leit déi do schaffen, d'Logistik, déi derhannert stécht...
[Änneren] Gielecher
- 3. Lëtzebuerger Filmpräis als beschten Documentaire.
[Änneren] DVD
D'DVD koum am Dezember 2007 eraus.