Schengener Ofkommes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Schengener Ofkommes (och bekannt als Accordë vu Schengen) ass en Ofkommes, dat de 14. Juni 1985 vu fënnef EU-Memberstaaten (Belsch, Däitschland, Frankräich, Holland a Lëtzebuerg), um Schëff Marie-Astrid, dat op der Musel am Dräilännereck viru Schengen louch, ënnerschriwwe gouf.
D'Zil war, Grenzkontrolle fir Wueren a Persounen tëschent de Schengen-Staaten ofzeschafen an d'Kontrolle vun de baussenzeche Grenzen ze stäerken an ze harmoniséieren. D'Schengener Ofkommes gouf am Ufank baussent de Strukture vun der EU geschafen, well net all EU-Staate bereet waren, matzemaachen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Memberschaft an Ëmsetzung
Den 19. Juni 1990 hunn Däitschland, Frankräich an d'Benelux-Länner e weidert Dokument ënnerschriwwen, déi sougenannte Schengener Conventioun, déi déi 'technesch' Detailer regelt.
Zu dëse Länner sinn no an no nach anerer dobäikomm:
- de 27. November 1990 Italien;
- de 25. Juni 1992 Spuenien a Portugal;
- de 6. November 1992 Griicheland;
- den 28. Abrëll 1995 Éisträich;
- den 19. Dezember1996 Dänemark, Schweden, Finnland, Norwegen an Island;
- den 1. Mee 2004 Zypern, d'Tschechesch Republik, Estland, Ungarn, Lettland, Litauen, Malta, Polen, Slowakei, Slowenien (a Kraaft vun Enn 2007 un, ausser fir Zypern).
- den 1. Januar 2007 Bulgarien a Rumänien (nach nët a Kraaft).
Duerch e Protokoll am Traité vun Amsterdam gouf d'Schengener Ofkommes an den 'Acquis' vun der Europäescher Unioun iwwerholl, an dofir sinn déi zéng Länner, déi am Mee 2004 bäigetruede sinn, automatesch Memberen. Groussbritannien (an dowéinst och Irland) maachen awer bis op weideres net mat. De 16. Oktober 2004 huet d'Net-EU-Land Schwäiz ënnerschriwwen, dem Schengen-Raum bäizetrieden. An engem Referendum huet d'Schwäizer Vollek de 5. Juni 2005 dozou seng Zoustëmmung ginn.
Déi praktesch Ëmsetzung geschouch no an no, mat siwe Länner am Juni 1995 (déi fënnef éischt plus Spuenien a Portugal). 1997 koumen Éisträich an Italien no. A Griicheland sollt d'Conventioun zwar vun 1997 u gëllen, praktesch war dat awer eréischt vun 2000 un de Fall. Déi Skandinavesch Länner, déi virdrun och schonn eng Struktur ënnerteneen haten, déi bal d'selwecht war, hunn d'Schengener Ofkommes de 25. Mäerz 2001 ëmgesat.
Fir déi zéng nei Memberstaate vum Bäitrëtt vun 2004 gëllt, ausser fir Zypern, dass de Schengen-Raum fir si den 21. Dezember 2007 fir Land- a Miergrenzen a den 30. Mäerz 2008 fir Loftgrenzen a Kraaft trëtt.
Fir Zypern, Rumänien an Bulgarie steet nach keen Datum fest.
[Änneren] Wat steet dran?
De Prinzip vum Schengener Ofkommes ass d'ongehënnert Zirkulatioun vu Persounen a Wueren tëschent de Memberstaaten, ouni op der Grenz kontrolléiert ze ginn. Dat heescht am Géigenzuch, datt d'Schenge-Staaten hir baussenzeg Kontrolle coordinéieren.
D'Schengener Ofkommes gesäit och fir, datt Informatiounen iwwert Leit, déi sech net (méi) an engem Schengen-Land ophalen däerfen, oder vun der Police gesicht ginn, mat deenen anere Schengen-Länner gedeelt ginn, an dat mat Hëllef vum sougenannte Schengener Informatiounssystem (SIS).
|
|
(kursiv = viraussiichtlech) |
|
|
---|---|---|---|---|
Andorra | - | 26. Mäerz 1995 | Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrollen mat de Nopeschlänner Spuenien und Frankräich. | |
Belsch | 19. Juni 1990 | 26. Mäerz 1995 | Vum 10. bis 30. Januar 2000 bei Geleeënheet vun enger Amnestie fir Persounen ouni Openthaltserlabnis. Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2000. | |
Bulgarien | 1. Januar 2007 | fréistens 2011 | ||
Dänemark | 19. Dezember 1996 | 25. Mäerz 2001 | Och Grönland an d’ Färöer, als Deel vun der Nordescher Passuniounn, si Member vum Schengener Traité. | |
Däitschland | 19. Juni 1990 | 26. Mäerz 1995 | Virun a während der Foussball-Weltmeeschterschaft 2006. Während dem G8-Sommet zu Heiligendamm 2007. | Mat dem Bäitrëtt vun der DDR zur Bundesrepublik den 3. Oktober 1990 gëllt de Schengener Traité och um Territoire vun der fréierer DDR. |
Estland | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Finnland | 19. Dezember 1996 | 25. Mäerz 2001 | ||
Frankräich | 19. Juni 1990 | 26. März 1995 | Ouni d'Départements outre-mer | |
Griicheland | 6. November 1992 | 26. Mäerz 2000 | Formal Akraaftsetzung schonn 1997, wéinst de Sécherheetsbedenke vun aneren EU-Länner faktesch Ëmsetzung eréischt 2000. | |
Irland | 29. Mee 2000 | - | Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfolgung a polizeilich Zesummenaarbecht. D’Passkontrolle bleiwe bestoen. | |
Island | 19. Dezember 1996 | 25. Mäerz 2001 | Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité. | |
Italien | 17. November 1990 | 26. Oktober 1997 | Virunn a während dem G8-Sommet zu Genua 2001. | |
Lettland | 1. Maeei 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Liechtenstein | - | viraussiichtlech am November 2008 | Keng explizit Ënnerzeechnung. Well awer Liechtenstein mat der Schwäiz eng Währungs- an Zollunioun huet a well d’Schwäizer fir d’ Persounekontrollen op den éisträichech-liechtensteineche Grenzposten zoustänneg sinn (et gi keng Grenzkontrollen mat der Schwäiz), ginn d’Kontrollen zesumme mam Bäitrëtt vun der Schwäiz ofgeschaaft. | |
Litauen | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Lëtzebuerg | 19. Juni 1990 | 26. Mäerz 1995 | ||
Malta | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Monaco | - | 26. Mäerz 1995 | Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Frankräich. | |
Holland | 19. Juni 1990 | 26. Mäerz 1995 | Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2000. | |
Norwegen | 19. Dezember 1996 | 25. Mäerz 2001 | Net EU-Member, awer als Member vun der Nordescher Passunioun och Member vum Schengener Traité. | |
Éisträich | 28. Abrël 1995 | 1. Dezember 1997 | Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2008. | |
Polen | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Portugal | 25. Juni 1991 | 26. Mäerz 1995 | Virun a während der Foussball-Europameeschterschaft 2004. | |
Rumänien | 1. Januar 2007 | fréistens 2011 | ||
San Marino | - | 26. Oktober 1997 | Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien. | |
Schweden | 19. Dezember 1996 | 25. Mäerz 2001 | ||
Schwäiz | 16. Oktober 2004 | viraussiichtlech November 2008 | Nëmmen Ofschafe vun de Persounekontrollen. D’ Kontroll vun de Wuere bleift bestoen, well d’Schwäiz net an der EU-Zollunioun ass. | |
Slowakei | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Slowenien | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Spuenien | 25. Juni 1991 | 26. Mäerz 1995 | ||
Tschechesch Republik | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Ungarn | 1. Mee 2004 | 21. Dezember 2007 | ||
Vatikanstad | - | 26. Oktober 1997 | Keng explizit Ënnerzeechnung, et bestunge scho virdru keng Grenzkontrolle mam eenzege Nopeschland Italien. | |
Groussbritannien | 29. Mee 2000 | - | Deelweis Participatioun: nëmme Strofverfolgung a polizeilich Zesummenaarbecht. D’Passkontrolle bleiwe bestoen. | |
Zypern | 1. Mai 2004 | viraussiichtlech 2009 |
[Änneren] Literatur
- Cedric Sangaletti, 2008. Schengen. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 221-226. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1