Schengen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Schengen de: Schengen |
|||||
Gemeng | Schengen | |||||
Buergermeeschter | Roger Weber | |||||
Kanton | Réimech | |||||
Awunner | 532 | |||||
Fläch | ||||||
Koordinaten | 49° 28’ 13’’ N 6° 21’ 50’’ O |
|||||
Awunner (Gemeng) | 1.405 (STATEC 2003) | |||||
Fläch (Gemeng) | 1.063 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Schengen ass eng vun den 116 lëtzebuerger Gemengen. Bekannt ass se virun allem fir d'Schengener Ofkommes dat do ënnerschriwwe gouf.
Wéinst dëser Bekanntheet ass d'Gemeng den 3. September 2006 ëmbenannt ginn, virdrun hat se den Numm vun der Uertschaft Rëmerschen.
[Änneren] Uertschaften an der Gemeng
- Rëmerschen
- Schengen
- Wëntreng fr.:Wintrange; d.: Wintringen
[Änneren] Geographie
Schengen läit un der Musel, am Dräilännereck mat Däitschland a Frankräich. De westlechen Deel ass duerch de Markusbierg dominéiert, de südlechen duerch de Strombierg. Wënzerei an Tanktourismus sinn déi wirtschaftlech Haaptaktivitéiten an dëser Uertschaft.
[Änneren] Geschicht
Archeologesch Fondsaache aus der Bronzezäit loossen drop zeréckschléissen, datt déi heiteg Uertschaft Schengen schonn deemools bewunnt war. Déi éischt schrëftlech Temoignagë stamen aus dem Joer 877.
1909 gouf déi éischt Muselbréck zu Schengen ageweit, se huet d'Pont ersat, déi zanter 1451 existéiert huet. 1939, nodeems Frankräich a Groussbritannien Däitschland de Krich erkläert haten, gouf d'Bréck zerstéiert. 1959 gouf eng nei Bréck gebaut, an eng nei Autobunnsbréck, e bësse weider nërdlech, ass zanter 2003 a Betrib.
[Änneren] D'Schengener Ofkommes: Firwat Schengen?
De 14. Juni 1985 gouf um Muselschëff Marie-Astrid d'Schengener Ofkommes ënnerschriwwen, dat den 19. Juni 1990 duerch d'Schengener Conventioun ergänzt gouf, an de 26. Mäerz 1995 a Kraaft getrueden ass.
Méi doriwwer am Artikel Schengener Ofkommesan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]].
Schengen ass dofir erausgesicht ginn, well Lëtzebuerg 1985 d'Présidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun hat, a fir en Accord iwwert d'Ophiewe vu Grenzkontrollen en Dräilännereck vu senger Symbolik hir ganz gutt gepasst huet. Aus praktesche Grënn gouf dofir Schengen erausgesicht, well den Dräilännereck zu Rodange an enger net fotogener Industriebrooch läit, an deen zu Léiler, am Éislek ze schwéier zougänglech fir déi ganz Ministere war. Soss giff et haut vläicht weltbekannte "Rodange-" oder "Lieler-Visae" ginn...
Seng Bekanntheet krut Schengen doduerch, dass dësem Duerf säin Numm op Millioune vu Visaen a Päss aus der ganzer Welt pecht. Se äussert sech an esou skurilen Detailer wéi deem, dass eng britesch Rockband "Schengen" heescht, oder datt et zu Tanger, am Marokko, e "Café Schengen" gëtt. Der Internet-Sichmaschinn Google no ginn et iwwer 6,2 Millioune Säiten, wou iwwer "Schengen" Rieds geet.
[Änneren] Neien Numm vun der Gemeng
De Gemengerot vun der Gemeng Rëmerschen huet a senger Sitzung vum 18. Januar 2006 décidéiert, d'Bekanntheet vun der Uertschaft Schengen auszenotzen, an eng Ufro ze maachen, fir den Numm vun der Gemeng a "Schengen" ëmzeänneren. Dat dofir néidegt Gesetz gouf den 13. Juli 2006 an der Chamber gestëmmt an den 30. August 2006 am Mémorial Nr. A-150 verëffentlecht. Domat huet den Numm vun der Gemeng den 3. September 2006 vu Rëmerschen op Schengen gewiesselt.
[Änneren] Kuckeswäertes
[Änneren] D'Schlass
D' Schengener Schlass gouf 1390 gebaut. Et gouf awer, bis op den Tuerm, dee bis haut am uersprénglechen Zoustand conservéiert ass, 1812 zerstéiert. Am 19. Joerhonnert gouf d'Schlass nees opgebaut, zum gréissten Deel aus Material vum fréiere Schlass. Den 13. September 1871 war de franséische Schrëftsteller a Politiker Victor Hugo hei op Besuch. Eng Zeechnung vum Schlass, déi e gemaach huet, ass erhalen. 1939 hunn d'Nonne vu Ste. Elisabeth d'Schlass iwwerholl. Haut kann et fir Kongresser a Seminairë gelount ginn.
Just nieft dem Schlass läit e Gaart, deen Deel vum Projet Gäert ouni Grenzen ("de:Gärten ohne Grenzen") ass, an deen eng 25 Gäert am Dräilännereck ëmfaasst.
[Änneren] D'Kochhaus
Nieft dem Schlass kann een d'Kochhaus kucke goen. Et gouf 1779 gebaut, an eng Ausstellung iwwert Europa ass dran ënnerbruecht. Op der "Place des Accords de Schengen" gouf e Monument opgeriicht, fir un dësen Akt z'erënneren. Am Kochhaus huet d'Schengen Friddensstëftung (Schengen Peace Foundation) och hiere Sëtz. Do huet si och eng Rei Biller vum Matt Lamb, e modernen weltbekannten Moler ausgestallt. De Matt Lamb ass nämlech Matgrënner vu der Schengen Peace Foundation, déi sech am Kochhaus néiergelooss huet.
[Änneren] D'Naturschutzgebitt Strombierg
Südlech vu Schengen läit, zum Deel an enger virmoleger Gipsgrouf, d'Naturschutzgebitt Strombierg.
[Änneren] Jumelagen
Zënter 2006 ass Schengen mat der éisträichescher Gemeng Ischgl jumeléiert. D'Festivitéite ware schonns den 10. Juni 2006. Offiziell gouf de Jumelage beim Géigebesuch de 16. Dezember 2006 zu Ischgl, wou dann och d'Conventioun ënnerschriwwe gouf.
[Änneren] Interkommunal Syndikater
SYVICOL - Am Haff- SESE - SICEC
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
- Schengener Ofkommes
- Schlass Schengen
- Naturschutzgebitt Strombierg
- Viaduc vu Schengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
[Änneren] Um Spaweck
Bus | Biermereng | Duelem | Lenneng | Munneref | Réimech | Schengen | Stadbriedemes | Waldbriedemes | Wellesteen