Dräilännereck
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
En Dräilännereck ass dee geographesche Punkt, wou dräi Grenze vu gläichem Rang an domatter och dräi gläichaarteg Territoiren (Staate, Regiounen, ...) openee stoussen.
D'Zuel vun den Dräilännerecken hänkt vun der Zuel vun den Noperen of, ma och dovunner, wéivill Miergrenzen do sinn.
Sou huet zum Beispiel Éisträich 9 Dräilännerecken, Däitschland der 7, d'Schwäiz der 6 a Frankräich der 4. Lëtzebuerg huet der 3, Dänemark a Portugal dogéint keen eenzegen.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Lëtzebuerger Dräilännerecken
- Belsch-Frankräich-Lëtzebuerg, bei Éibeng (Aubange), Lonkech (Longwy) a Rodange;
- Däitschland-Belsch-Lëtzebuerg, bei Sevenig, Ouren a Léiler;
- Frankräich-Däitschland-Lëtzebuerg, bei Opech (Apach), Perl a Schengen.
Déi zwéin Dräilännerecken, déi Lëtzebuerg mat Däitschland huet, ginn et esou, wéi mer se haut kennen, eréischt zënter 1919: Als Folleg vum Éischte Weltkrich, gung Loutréngen vun Däitschland hannescht u Frankräich, virdrun war den Däilännereck mat Frankräich bei Bieles.
Och un der Nordgrenz gouf et Ännerungen, wéi Territoirë vu Preisen un d'Belsch gungen. Virdru war den Dräilännereck op der Schmëdd.
[Änneren] Linken
The tripoint Belgium/France/Luxembourg
[Änneren] Kuckt och
- Dräilännereck bei Ouren
- Dräilännereck bei Schengen
- Dräilännereck bei Rodange
- Däitsch-Hollännesch-Belschen Dräilännereck um Vaalserberg tëscht Gemmenich (B), Vaals (NL), a Reinartzkehl, Oochen (D)