Cantons de l'Est (Belsch)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Cantons de l’Est an der Belsch setze sech zesummen aus de Gemenge vum fréierer preisesche Krees Eupen-Malmedy a Moresnet neutre, haut La Calamine, déi am Kader vum Traité vu Versailles als Krichsentschiedegung un d' Belsch ofgetratt goufen. Eng Verhandlung 1925 tëscht der belscher an der däitscher Regierung, iwwer ee Réckkaf vun deene Kantonen, gouf vun de Fransouse blockéiert, well déi drop bestanen hunn, datt näischt um Traité vu Versailles sollt geännert ginn.
Am Ufank waren d'Gemengen an dräi Kantonen agedeelt: Eupen, Malmedy a Sankt Vith.
E provisoresche Bistum, Eupen-Malmedy, gouf 1921 ageriicht, no enger Polemik, déi zu enger Auseranersetzung vum Hellege Stull mat dem belsche Primat gefouert hat. De Sëtz vum Bistum war Malmedy, dat vun do unn eng Kathedral huet. Vun 1925 un goufen d'Kantonen un de Bistum Léck ugeschloss.
Bei der belscher Gemengereform vun 1977 hunn D'Gemengen an den Ost-Kantone grad esou wéi déi vum Rescht vun der Belsch fusionnéiert, sou datt d'Zuel vun de Gemenge vun 31 op 11 erofgaangen ass.
- Kanton Eupen:
- Eupen, mat den ale Gemengen Eupen a Kettenis.
- Kelmis, mat Kelmis, Neu-Moresnet an Hergenrath.
- Lontzen, mat Lontzen a Walhorn.
- Raeren, mat Raeren, Eynatten an Hauset.
- Kanton Sankt-Vith:
- Sankt-Vith, mat Sankt Vith, Crombach, Lommersweiler, Schönberg a Recht.
- Bütgenbach, mat Bütgenbach an Elsenborn.
- Büllingen, mat Büllingen, Manderfeld et Rocherath.
- Amel, mat Amel, Heppenbach a Meyerode.
- Burg-Reuland, mat Reuland an Thommen.
- Kanton Malmedy:
- Malmedy, mat Malmedy, Bellevaux-Ligneuville a Bevercé.
- Waimes, mat Waimes, Faymonville-Aussenborn a Robertville.