See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Lonkech - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Lonkech

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Longwy
Land Frankräich
Regioun: Loutrengen
Departement: Meurthe-et-Moselle
Kanton: Longwy
Arrondissement: Briey
Koordinaten: 49° 31’ 12’’ N
05° 45’ 38’’ O
Fläch: 5,34 km²
Awunner: 14 521 (1999)
Bevëlkerungsdicht: 2 719 Aw. / km²
Héicht: 250 m – 396 m
Buergermeeschter: Jean-Marc Fournel

Lonkech (fr: Longwy) ass eng franséisch Stad am Arrondissement Briey, Departement Meurthe-et-Moselle, an der Regioun Loutrengen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographie

Lonkech läit un der Kuer, am Dräilännereck mat Éibeng (Belsch) a Rodange (Lëtzebuerg). Et huet 14.890 Awunner (1999), Longoviciens genannt, déi op 5,34 km² liewen.

Lonkech sëtzt sech aus dräi Deeler zesummen:

  • Longwy-Haut: déi befestegt Alstad, déi haut Deel vum "Réseau des sites majeurs de Vauban" ass;
  • Longwy-Bas: Administrativen Zentrum; hei hätt sollen um Ufank vum 20. Joerhonnert en Thermal-Domaine entstoen;
  • Longwy-Gouraincourt: eng Cité, déi 1878 gebaut gouf, fir Wunnenge fir d'Schmelzaarbechter ze hunn.

[Änneren] Geschicht

Lonkech huet, no der Deelung vu Lotharingien, zum Herzogtum Loutrengen gehéiert, gouf dann awer 1292 dem Grof vu Bar verkaf. 1368 gouf et, fir eng Schold ze bezuelen, un d'Herzogtum Lëtzebuerg verkaf, goung awer 1378 nees hannescht u Bar. 1480 gouf et, zesumme mam ganzen Herzogtum Bar, an d'Herzogtum Loutrengen agegliddert. 1648 gouf et vu Frankräich ugegraff a bis 1660 besat, fir dono nees u Loutrengen hannescht ze goen. 1670 hunn d'Fransousen et ageholl; am Traité vun Nijmegen (1678) ass dëst definitif festgehale ginn. De Louis XIV. vu Frankräich huet dann och gläich säi Festungsarchitekt Vauban ugestallt, d'Stad ze befestegen.

Am 19. Joerhonnert huet Lonkech sech, mat der Industrialiséierung schëtzeg entwéckelt. D'Stolkris huet Lonkech dann och an den 1970er an -80er Joren haart getraff; d'Bëvelkerung ass em e puer Dausend zeréckgaangen.

Lonkech ass weiderhi bekannt fir seng Faïencerie (Émaux de Longwy). Et ass d'Gebuertsstad vum Moler Jean-Baptiste Fresez.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -