Wäibau zu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wäibau gëtt zu Lëtzebuerg laanscht d'Musel, op enger Streck vun 42 km, vu Schengen bis Waasserbëlleg praktizéiert. D'Lëtzebuerger Wäibauregioun verfügt iwwer een totalen Areal vun 1300 ha.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Fundamental Donnéeën
Vun de bebaute Fläche sinn 31% mat Rivaner-, 14% mat Auxerrois-, jee 13% mat Pinot-Gris- a Rieslingdrauwen a schliisslech 11% mat Pinot-Blanc-Drauwen ugeplanzt. Den Elbling, dee fréier en héijen Undeel un der genotzter Fläch hat (bis zu 90%), ass op 10% zeréckgefall. Do dernieft gëtt och nach Gewürtztraminer ugebaut. Rezent sinn och Versucher mat neien, ontraditionelle Riefzorten op der Musel gemaacht ginn, mat dem Pinot Noir, dem Chardonnay an dem Muscat. Si falen allerdéngs an der Statistik net an d'Gewiicht, woubäi de Pinot-Noir awer an dene leschte Jore vill Zouwues huet.
D'Lëtzebuerger Wäiproduktioun ass duerch extrem staark, wiederofhängeg Schwankunge gekennzeechent, wat, wéinst de klengen, fir den Export disponible Quantitéiten, d'Prospectioun vun auslännesche Mäert schwéier mécht.
Am Jahr 2004/2005 sinn zu Lëtzebuerg een Total vu 157 000 Hektoliter Wäi produzéiert ginn. Zur Wäiproduktioun droen haut zu Lëtzebuerg bäi:
- d'Wënzer, déi Member vun enger Kellereigenossenschaft sinn: eppes 63% vun der Landesproduktioun;
- d'Privatwënzer: mat ronn 23% vun der Produktioun;
- de Wäinhandel: mat eppes wéi 14% vun der Produktioun.
Ausser dem Wäin, produzéiert d'Lëtzebuerger Musel och nach zënter 1992 Crémant. Lëtzebuerg huet als eenzegt Land nieft Frankräich d'Recht fir d'Bezeechnung Crémant ze benotzen. Beim Crémant mussen d'Wënzer verschidde streng Konditiounen erfëlle fir datt et Cremant gëtt.
[Änneren] D'Geschicht vum Lëtzebuerger Wäin
Wann och vu laanger Zäit hier Wäin an eisem Gebitt produzéiert gëtt, da war dëse Wäin net duerch eng besonnesch Qualitéit bekannt. Et ass nogewisen, datt schonn d'Réimer Wäin op der Musel produzéiert hunn. Während der Zäit vum Zollveräin, deem och Lëtzebuerg bis nom Éischte Weltkrich ugehéiert huet, ass de Wäi vun hei benotzt ginn, fir e mat den däitsche Wäiner ze verschneiden. Qualitéitsufuerderunge gouwen net gestallt. Dat huet sech geännert, wéi Lëtzebuerg 1922 der Union économique belgo-luxembourgeoise beigetratt ass, an Efforten huet misse maachen, fir d'Qualitéit ze verbesseren, besonnesch op folgende Plangen:
- Méi eng rationell Auswiel vun den ugebaten Riefsorten, mat dem Zil, Qualitéitswäiner ze produzéieren, an deene Riefsorten eng Präferenz ze ginn, déi der Rieflaus besser resistéieren,
- Aféierung vun enger Prime de déblavement, am Hibléck op d'Suppressioun vum Wäinubau a schlechte Lagen,
- Aféierung vun engem Wäibauperimeter,
- Schafung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut 1925,
- Schafung vun enger Marque Nationale, 1935 fir de Lëtzebuerger Wäin an Duerchsetzung vu Qualitéitsbestëmmungen,
- Schafung vun engem Solidaritéitsfong,
- Promotioun vun der Zesummenleeung vun de Parzellen (Remembrement),
- Créatioun,1969 vu Protvigne, déi eng geziilt Hëllef soll gi beim Sprëtze vun de Wéngerten an der Bekämpfung vun der Rieflaus.
[Änneren] Den Encadrement vum Lëtzebuerger Wäibau an d'Wäinbaugenossenschaften
D'Wënzer zu Lëtzebuerg hunn ëmmer zesummengehal, wann et geheescht huet hir Interêten ze vertrieden. Schonn 1911 ass de Lëtzebuerger Wënzerverband (Fédération des associations viticoles du Grand-Duché de Luxembourg) mat Sëtz zu Gréiwemaacher gegrënnt ginn. Du koum et 1921 zur Schafung vun der éischter Genosseschaftskellerei, däer vu Gréiwemaacher an 1925 zur Erriichtung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut. Deemools war de Wäibau hei an enger kritescher Lag an et huet him missen op ville Plange gehollef ginn. Eng wichteg Etapp fir de Wäibau war och d'Zesummeleeë vun de Genossenschaftskellereien. Eng eenzeg, Vinsmoselle, ass no der Fusiounswell nach iwwreg blief.
[Änneren] Wëngerten
[Änneren] Musel
- Schengen
- Markusberg
- Remerschen
- Kreitzberg
- Wëntreng
- Felsberg
- Hommelberg
- Schwéidsbengen
- Kolteschberg
- Wellesteen
- Brauneberg
- Foulschette
- Kurschels
- Bech-Maacher
- Jongeberg
- Naumberg
- Réimech
- Fels
- Hopertsbour
- Primerberg
- Stadbriedemes
- Dieffert
- Goldberg
- Rouseberg
- Greiweldeng
- Bensberg ?
- Dieffert
- Fels
- Hütte
- Pimerberg
- Éinen
- Bromelt
- Kelterberg
- Reisselt
- Wousselt
- Wuermeldeng
- Elterberg
- Heiligenhäuschen
- Koeppchen
- Mohrberg
- Nussbaum
- Pietert
- Peteschwengert
- Wousselt
- On
- Palmberg
- Vogelsang
- Wousselt
- Meechtem
- Gréiwemaacher
- Fels
- Groäerd
- Kräizberg
- Leitschberg
- Pietert
- Mäertert
- Herrenberg
- Rouseberg
- Waasserbëlleg
[Änneren] Sauer
- Rouspert
- Hoelt
[Änneren] Riefzorten op der Lëtzebuerger Musel
D'Groussherzoglecht Reglement vum 6. Mee 2004 leet d'Riefzorte fest, déi op der Lëtzebuerger Musel ugeplanzt däerfe ginn.
Et sinn dat:
- Auxerrois
- Chardonnay
- Dakapo
- Elbling
- Gamay
- Gewürztraminer
- Muscat Ottonel
- Pinot blanc
- Pinot gris (Ruländer)
- Pinot noir
- Pinot noir précoce
- Riesling
- Rivaner (Muller Thurgau)
- Saint Laurent
- Sylvaner
Gewëssen aner Riefzorten däerfen allerdéngs fir Versich oder fir wëssenschaftlech Zwécker ugeplanzt ginn.
D'Riefzort Dakapo däerf nëmme fir de Coupage benotzt ginn a bis zu maximal 10% bei de Riefzorten Gamay, Pinot noir, Pinot noir précoce a Saint Laurent bäigemëscht ginn.
[Änneren] Literatur
- Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie - Les conditions sociales - La production primaire, Editions Beffort, Luxembourg,1948
- Guide Klée des meilleurs vins et spiritueux luxembourgeois, Luxembourg, 1999
- Infalt, Constant. - Gedanken zum 75jährigen Jubiläum der Winzergenossenschaftskellerei Stadtbredimus : gravierende Strukturprobleme wurden durch Selbsthilfe in Form von gemeinschaftlichen Einrichtungen besser gelöst! / Constant Infalt. - In: Bauerekalenner. - Lëtzebuerg. - Jg. 55(2003), p. 129-134, ill.
- Jerry, Scheuer: Marque nationale - appellation contrôlée "Moselle luxembourgeoise" / Jerry Scheuer. - In: Bauerekalenner. - Lëtzebuerg. - Jg. 55(2003), p. 83-90, ill.