Juliette François
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Juliette François, gebuer den 23. September 1925 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 15. September 2007, war eng lëtzebuergesch Theater- a Filmactrice.
Hiren éischten Optrëtt hat Juliette François am Stéck Mumm Séiss 1938 am Alen Theater. Bei der Grënnung 1949 vum Ensemble Les Compagnons de la Scène, aus deem de Lëtzebuerger Theater ervirgaang ass, war Juliette François mat derbäi. Si stoung an enger Hällewull vu Rollen am Kapuzinertheater an zënter 1973 am Théâtre Ouvert Luxembourg (TOL) op der Bühn. Si huet zesumme mat hirem Mann, dem Pol Greisch, zu de Grënnungsmembere vum TOL gezielt an ass mat him zesummen a senge Stécker, wéi Viru mam Jabel, Margréitchen, Kellzerwiss, E Stéck Streisel oder Grouss Vakanz, opgetrueden. Zum Enn vun den 1990er Joren huet si sech lues a lues aus hirer aktiver Carrière zréckgezunn.
[Änneren] Filmer
- Déi zwéi vum Bierg (1985) vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger
- E Liewe laang (1992)