Raymond Barre
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Raymond Octave Joseph Barre, gebuer den 12. Abrëll 1924 zu Saint-Denis (Réunion) a gestuerwen de 25. August 2007 zu Paräis war e franséischen Economist a Politiker. Ënnert dem President Valéry Giscard d'Estaing war hien tëscht 1976 an 1981 Premierminister vu Frankräich an, ënnert de Presidente Jean Rey a Franco Maria Malfatti, tëscht 1967 an 1973 Vizepresident vun der Europäescher Commissioun.
1981 huet e kandidéiert fir franséische President ze ginn, blouf dono Deputéierten an der Assemblée nationale. Hien huet um Institut d'Études Politiques Course ginn a war vun 1995 an 2001 Buergermeeschter Lyon.
Hien, dee sech selwer eng Kéier als Un homme carré dans un corps rond bezeechent huet stung zwar de mëtt-riets Parteien no, war awer ni Member vun enger.
[Änneren] Wierker
- La Période dans l'analyse économique - une approche à l'étude du temps, SEDEIS, 1950.
- Traité d'Économie Politique, Thémis économie aux PUF, 1959, 15 Oploen.
- Le Développement économique : Analyse et Politique, 1958.
- L'homme est un animal économique, 1973.
- Une politique pour l'avenir, 1981.
- Que sais-je ? La désinflation, 1983.
- Réflexions pour demain, 1984, Pluriel, ISBN 2010102673
- Au tournant du siècle, 1988.
- Questions de confiance, 1988, Flammarion.
- Un goût de liberté, 2000
- Entretiens, 2001
- L'Expérience du pouvoir, conversations avec Jean Bothorel, 2007, Fayard, ISBN 2213630313