Jugendstil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jugendstil ass eng konschtgeschichtlech Epoch ëm d'Joerhonnertwenn vum 19. zum 20. Joerhonnert. Weider Bezeechnunge sinn Art Nouveau, Modern Style, Modernismo, Stile Liberty oder Wiener Secessioun.
[Änneren] Modernismo catalán
De Modernismo catalán war eng katalanesch Variant vum europäeschem Jugendstil um Enn vum 19. Joerhonnert. Et war souzesoen eng Rebellioun géint d'Geometrie an d'Gradlinnegkeet an der Industriegesellschaft an huet de Bierger e Liewensgefill an d'Selbstbewosstsinn vun engem eegenen nationalem Stil ginn.
Dëse Stil huet net nëmmen d'Architektur ëmfaasst, mä och all gestalteresch Beräicher wéi d'Miwwelen, Bijoueën oder Keramik.
D'Haaptvertrieder waren den Antoni Gaudí, de Josep Puig i Cadafalch an de Lluís Domènec i Montaner.
Modernistesch kuckeswäert Gebaier si virun allem vum Gaudí de Parc Güell an d'Sagrada Familia zu Barcelona.