Nordmier
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D' Nordmier (aus Analogie zum Däitschen och dacks Nordséi genannt) ass e Mier am Nordweste vun Europa, dat sech op enger Fläch vun ongeféier 575 000 km², ausbreet.
Länner, déi un d'Nordmier grenzen:
- d'Vereenegt Kinnekräich (Groussbritannien, d'Shetlandinselen an d'Orkaden) am Westen;
- Frankräich, d'Belsch, Holland an Däitschland am Süden;
- Dänemark an Norwegen am Osten.
Et kënnt zesumme mam:
- Äermelkanal duerch de Pas de Calais am Südwesten;
- Baltesche Mier (oder Ostséi) duerch de Skagerrak oder de Kanal vu Kiel am Osten;
- Atlanteschen Ozean am Norden.
Am Nordmier ass en héije Passage vu Schëffer; et gëtt do Pëtrol ofgebaut a Fëscherei bedriwwen.