Atlanteschen Ozean
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Atlanteschen Ozean (kuerz: Atlantik) ass no dem Pazifik dat zweetgréisst Weltmier.
Den Atlantik ass duerch d'Deelung vum zesummenhängenden Urkontinent entstanen an trennt Europa an Afrika vun Amerika. Mat sengen Niewemierer (Mëttelmier, Nordséi an Ostséi) huet den Ozean eng Fläch vun ca. 106,2 Mio. km² a bedeckt e Fënneftel vun der Äerduewerfläch. De Mieresbueden ass duerch de Mëttelatlantesche Réck, dee bis zu 3000 m iwwer dem Buedem am déiwe Mier eropgeet, an eng West- an Ostatlantesch Muld getrennt. Déi maximal Déift gëtt mat 9.219 m am Milwaukeedéift, engem Dall vum Puerto-Rico-Gruef (Puerto Rico) erreecht. De Golfstroum, deen aus der Karibik kënnt a queesch iwwert den Atlantik bis no Grönland zitt, ass fir dat relativ mëllt Klima un den nordeuropäesche Küste verantwortlech.
Den Atlantik as, wéinst dem intensiven Schëffverkéier op den Niewemierer an dem Transitverkéier tëschent Europa an Nordamerika, dat Weltmier mam meeschte Verkéier.
[Änneren] Vu wou den Numm hir kënnt
Den Numm geet op déi griichesch Mythologie zeréck: Atlantis thalassa (Griichesch: Aτλαντiς θάλασσα; lu.: "Mier vum Atlas"), déi sech déi éischte Kéier beim Herodot fënnt (Hdt. I 202,4),[1] hunn d'Griichen d'Mier déisäit vun de sougenannte Saile vum Herakles, d.h. westlech vun der Strooss vu Gibraltar, genannt.
[Änneren] Literatur
- ↑ Herodot: Historien, gr.-dt., übers. v. Josef Feix, 2 Bde., München 2000. ISBN 3-7608-1539-1
- Holger Afflerbach: Das entfesselte Meer. Die Geschichte des Atlantik. Malik-Verlag, München 2001, ISBN 3492239897.