Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Äermelkanal - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Äermelkanal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Satellitebild vum Aermelkanal
Satellitebild vum Aermelkanal

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geographesch Constellatioun

Den Äermelkanal , (fr. La Manche, engl. The English Channel) ass eigentlech kee Kanal, mä eng schmuel Mieresstrooss, déi den Atlantik mat der Nordséi verbënnt an haut England vum Europäesche Kontinent trennt. Le Havre, Calais a Boulogne (Frankräich), Southampton a Plymouth (England) sinn e puer Stied op den zwou Säite vun dëser Mieresstrooss. Am Äermelkanal leien d'Inselen: Jersey a Guernesey (westlech vun der Bretagne) a Wight (direkt südlech vun der englescher Küst). Den Äermelkanal huet et net ëmmer ginn. Bis ongeféier 6000 viru Christus war England un de Kontinent ugebonn.

[Änneren] De Verkéier duerch den Äermelkanal

[Änneren] De Schëffsverkéier

Den Äermelkanal ass gekennzeechent duerch säin dichte Schëffsverkéier, deen am Schnëtt op 400-500 Schëffer pro Dag geschat gëtt. Doduerch besteet am Niwwel a bei héijem Séigang d'Gefor vu Kollisiounen an Accidenter.

[Änneren] De Fährbetrib

Tëschent Frankräich, der Belsch, Holland an Däitschland am Süden an England am Nordë besteet een intensive Fährbetrib. Bekannt Fährlinne sinn folgend Routen:

  • Dover - Calais
  • Newhaven - Dieppe
  • Dover - Dunkerque
  • Folkstone - Saint-Malo
  • Portsmouth - Bilbao
  • Portsmouth - Caen
  • Portsmouth - Cherbourg
  • Portsmouth - Le Havre
  • Portsmouth - Saint-Malo
  • Poole - Cherbourg
  • Poole - Saint-Malo
  • Plymouth - Roscoff
  • Plymouth - Santander
  • Ramsgate - Oostende
  • Fishguard - Rosslare
  • Holyhead - Dublin
  • Holyhead - Dun Laoghaire
  • Pembroke - Rosslare
  • Stranraer - Belfast
  • Harwich - Hoek van Holland

[Änneren] Den Zuchverkéier (Eurotunnel)

Den Dram vun engem Tunnel ënnert der Manche ass net am 20. Joerhonnert gebuer ginn. Schonn 1875 gouf et eng Kanalgesellschaft, déi deemools zu den zwou Säite vum Kanal un engem Tunnel gebuert huet. Hir Aarbecht ass 1882, nodeem schonns zu den zwou Säiten e Stolle vu 1800 m gebaut war, aus politischen a militäresche Grënn agestallt ginn. D'Iddi vum Eurotunnel ass dunn nom Zweete Weltkrich rëm opgegraff ginn an och mat Iwwerzeegung an Nodrock virugedriwwe ginn. Zënter 1994 ass den Tunnel ënnert der Manche eng Reealitéit. E gëtt vun der Eurotunnel-Aktiegesellschaft bedriwwen. Duerch eng Eisebunns-Navette fir Autoen a Camionen, an den Eurostar, e Persounenzuch, ass haut dat englescht un dat europäescht Eisebunnsnetz ugebonn.

[Änneren] "Testfeld" fir aussergewéinlech Leeschtungen

Den Äermelkanal war ëmmer fir vill Mënschen eng Erausfuerderung fir aussergewéinlech Leeschtungen.

[Änneren] An der Luucht

  • 1785: De Fransous Jean-Pierre Blanchard an den Amerikaner John Jeffries fléie vu Dover op Calais an engem Gasballon a sinn déi éischt, déi den Äermelkanal um Loftwee iwwerqueeren;
  • 1909 : De Fransous Louis Blériot ass den éischte Pilot, deen am Flieger den Äermelkanal iwwerflitt;
  • 1979 : Een 32 kg schwéiere Flieger, de Gossamer Albatross, mam Bryan Allen als Pilot, iwwerflitt fir d'éischt de Kanal mat mënschlecher Kraaft; 3 Stonnen huet hien an der Luucht pedaléiert, fir vun enger Säit op déi aner ze kommen;
  • 31. Juli 2003: Den Éisträichesche Fallschirmsprénger Felix Baumgartner spréngt aus 9.100 m Héicht iwwer Dover mat Karbonflilicken aus engem Flieger, fir duerno zu Calais mam Fallschirm ze landen.

[Änneren] Am Waasser an um Waasser

  • 1875: De 24. a 25. August gëtt den Äermelkanal eng éischte Kéier vum Englänner Matthew Webb duerchschwomm, an zwar vu Dover no Calais. Fir déi 73 km laang Streck huet hien 21:45 Stonnen gebraucht;
  • 1926: D'Amerikanerin Gertrude Ederle schwëmmt als éischt Fra duerch de Kanal;
  • 1927: Et ass d'Sekretärin Mercedes Gleitze, déi hien als éischt Englännerin schwammend passéiert. Eng Kuriositéit war et, dat sie déi éischt waasserdicht Arembandauer vun enger bekannter Schwäizer Mark gedroen huet, wat hirem Fabrikant eng grouss Publizitéit abruecht huet;
  • 1994: Den Zäitrekord gouf laang vum Chad Hundeby gehal, deen de Kanal 1994 an 7:17 Stonnen duerchschwomm ass;
  • 2004: De Sir Richard Branson ënnerbidd de Zäitrekord ëm 6 Stonnen, andeem en den Äermelkanal an engem zweesëtzegen Amphibiengefier, dëm Gibbs Aquada, passéiert;
  • 2000: Kinnigin vun de Kanalschwëmmerinnen ass d'Alison Streeter mat 39 Traverséeën
  • 2004: Kinnik vu de vun de Männer ass de Michael Read, deen 2004 de Kanal fir déi 33. Kéier duerchschwomm huet.
  • Ët besteet eng Associatioun vun de Kanalschwëmmer. Kuckt op hierer Websäit déi aner Rekorder no. url:

[Änneren] Ënnert dem Waasser

  • Zënter den Eurotunnell besteet an den Eurostar zirkuléiert, brauch ee manner wéi 15 Minutten fir vun England aus Frankräich z'erreechen.

[Änneren] Den Äermelkanal am Zweete Weltkrich

No der däitscher Invasioun a Frankräich am Mee 1940, ass ët den Englänner an de Fransousen am Mee-Juni 1940 gelong, de Virmarch bei Dunkerque ze stoppen an Zàit ze gewannen, fir 350.000 englesch a franséisch Zaldoten iwwert d'Mier no Dover ze évaquéieren. Dat ass mat engem gewaltegen Opwand an der Mobilisatioun vu groussen a klenge Schëffer geschitt. D'Operatioun Dunkerque, wéi se genannt gouw, gëtt als ee vun de Wonner vum Zweete Weltkrich betruecht.

Déi däitsch Arméi huet dunn déi franséisch a belsch Säit vum Äermelkanal staark befestegt, fir eng Invasioun vun den Alliéierten ze verhënneren. Och d'Insele Guernesey a Jersey waren de ganze Krich duerch bis zur Landung am Joer 1944 vun den Alliéierten an däitscher Hand.

Eng vun de groussen Séischluechten am Äermelkanal huet am Februar 1942 stattfond, wéi déi gréisst däitsch Krichsschëffer, d'Panzerkreuzer Scharnhorst a Gneisenau an de schwéiere Kreuzer Prinz Eugen vum Hitler den Uerder kritt hunn, sëch aus dem Atlantik zeréckzezéien, den Duerchbroch duerch den Äermelkanal ze forcéieren an dann e däitschen Hafen unzelafen (Operatioun Cerberus). Trotz engem giganteschen Asaz vun englesche Streitkräfte koumen si zwar a schwéierer Séi duerch, mä d'Gefor, déi vun hinnen fir d'Geleitszich am Atlantik ausgaang ass, war domat aus der Welt geschaf.

Zwou Wochen méi spéit ass de Gneisenau duerch Bommen getraff ginn a koum dunn net méi an den Asaaz. De Prinz Eugen ass duerch en englescht U-Bot getraff ginn an ënnergaang. De Scharnhorst ass op eng Minn gelaf, war 8 Méint laang a Reparatur an ass dunn am Dezember 1943 versenkt ginn.

Schléisslech huet sech de 6. Juni 1944 am Äermelkanal, um D-Day, déi gréisst militäresch Landungsoperatioun aus der Weltgeschicht ofgespillt. Dat war d'Operatioun Overlord an der Normandie, duerch déi d'Alliéiert d'Enn vum Zweete Weltkrich erméiglecht hunn.

[Änneren] Literatur

  • Walter Lord : Le miracle de Dunkerque, 4 juin 1940, Robert Laffont , 1999

[Änneren] Um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com