19. Abrëll
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 19. Abrëll ass den 109. Dag (110. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Mäe – Abrëll – Mee | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1713: Pragmatesch Sanktioun vum Keeser Karl VI. iwwert d'Ierffolleg an Éisträich.
- 1839: Duerch den Traité vu London gëtt d'belsch Onofhängegkeet unerkannt a Lëtzebuerg a Limburg tëscht der Belsch an Holland gedeelt. Lëtzebuerg kritt seng haideg Gréisst.
- 1943: Ufank vum Opstand am Warschauer Ghetto.
- 1956: D'amerikanesch Schauspillerin Grace Kelly bestued de Rainer III. vu Monaco.
- 1995: Bommenattentat op e Gebai vun der federaler Administratioun zu Oklahoma City, USA.
- 1998: Den Thomas Klestil gëtt op en Neies Bundespresident An Éisträich.
- 2005: Ufank vum Pontifikat vum Joseph Ratzinger (Benoît XVI.).
[Änneren] Gebuer
- 1891: Françoise Rosay, franséisch Schauspillerin.
- 1925: Iwao Takamoto, japanesch-Us-amerikaneschen Zeechentrickmécher.
- 1932: Fernando Botero, kolumbianesche Moler.
- 1933: Jayne Mansfield, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1934: Jean Ziegler, Schwäizer Soziolog, Politiker an Auteur.
- 1972: Django Asül, däitsche Kabarettist.
[Änneren] Gestuerwen
- 1768: Giovanni Antonio Canale (Canaletto), italiéinesche Moler.
- 1882: Charles Darwin, briteschen Naturfuerscher, Grënner vun der Evolutiounstheorie.
- 1906: Pierre Curie, franséische Physiker AN Nobelpräisdréier.
- 1924: Pierre Federspiel, lëtzebuergesche Sculpteur.
- 1956: Ernst Robert Curtius, Schrëftsteller.
- 1967: Konrad Adenauer, däitsche Politiker, éischte Bundeskanzler.
- 1989: Daphne du Maurier, britesch Schrëftstellerin.
- 2005: Niels-Henning Ørsted Pedersen, dänesche Bassist.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |