11. September
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 11. September ass den 254. Dag (255. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Aug – September – Okt | ||||||
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 |
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- 1789: Frankräich: D'Nationalversammlung erlabt dem Kinnek Louis XVI. e Veto-Recht.
- 1973: Bei engem Putsch am Chile duerch de Generol Augusto Pinochet kënnt den demokratesch gewielte President Salvador Allende ëm d'Liewen.
- 1989: Ungarn mécht den Eiserne Rideau op,
- 2001: Bei Terror-Attacken an den USA, virun allem zu New York an zu Washington, kommen iwwer 3000 Leit ëm d'Liewen. Den Trauma vum 9/11 soll nach Joren dono politesch Konsequenze matt sech bréngen.
- 2003: D'schwedesch Ausseministesch Anna Lindh stierft un hire Wonnen, déi se duerch eng Attack matt engem Messer den Dag virdrun erlidden huet.
- 2005: D'israelesch Arméi zitt sech aus der Gaza-Sträif, no 38 Joer Besatzung, zeréck.
[Änneren] Gebuer
- 1861: Erich von Falkenhayn, däitsche Militär.
- 1885: D. H. Lawrence, englesche Schrëftsteller.
- 1903: Theodor W. Adorno, däitsche Sozial-Philosoph a Komponist.
- 1917: Ferdinando Edralin Marcos, philippineschen Diktator.
- 1940: Brian De Palma, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1945: Franz Beckenbauer genannt Keeser, däitsche Fussballspiller a -manager.
- 1947: Frank Wilhelm, lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker.
- 1965: Richard Melville Hall (alias Moby), US-amerikanesche Museker.
[Änneren] Gestuerwen
- 1942: Henri Adam, däitsche Resistenzler.
- 1971: Nikita Sergejewitsch Chruschtschow, sowjetesche Politiker a Regierungschef.
- 1973: Salvador Allende, chilenesche Politiker.
- 1978: O.E. Hasse, däitsche Schauspiller.
- 1982: Albert Soboul, franséischen Historiker.
- 2002 : Kim Hunter, US-amerikanesch Schauspilerin.
- 2003: Anna Lindh, schwedesch Ausseministesch.
[Änneren] Feierdeeg
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |