Lou Hemmer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Louis ("Lou") Hemmer, * 1. Dezember 1904 zu Lëtzebuerg , † 23. Mee 1987, war e lëtzebuergeschen Pilot a Pionnéier vun der lëtzebuergescher Aviatioun. Vu 1923 bis 1926 war hien belsche Militärfliger an huet duerno als Serjant der Reserve ugehéiert. Am Ufank huet hien zu Ëlwen gewunnt, duerno zu Walfer, wou en e Kaffi a Restaurant hat. Do hat hien och am Gaart säin Avion als Ausstellungsstéck montéiert.
De 17. Juni huet hien op de grossherzoglechen Terrainen um Höhenhof nobäi e groussen Fluchmeeting organiséiert. Do sinn eng Rei vu Komroden opgetratt an och säin Avion gouf bei där Geleeënheet a Präsenz vu der grossherzoglecher Famill op de Numm Prince Jean gedeeft. De Louis Hemmer huet mat groussem Succès nach aner Fluchmeetingen organiséiert (ënnert aneren 1933 an de Steeseler Wisen ).
De Lou Hemmer huret de 9. Oktober 1926 d'Coupe challenge des aviateurs militaires de réserve de Belgique pour 1926 gewonn.
1969 huet hien d'Amicale vu de fréieren Piloten Vieilles tiges gegrënnt.
Zu Munneref an um Findel dréit eng Strooss säi Numm.