Jacques Anquetil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Jacques Anquetil, (Spëtznumm Maître Jacques), gebuer zu Mont-Saint-Aignan den 8. Januar 1934, a gestuerwen den 18. November 1987 war e franséische Vëloscoureur.
De Jaques Anquetil war ee vun de beschte franséische Coureuren an esegour ee vun de beschten iwwerhaapt. De Jacques Anquetil ass Papp vun engem Bouf an engem Meedchen.
[Änneren] Biographie
De Jacques Anquetil krit seng éischt Lizenz als Vëlosportler den 2. Dezember 1950 als Amateur beim A.C. Sotteville. Hien hat fir Dréier an Ajusteur geléiert wou hien och seng Meeschterprüfunge gemach hat, huet awer haaptsächlech sengem Papp dee Gäertner war an eng Äerdbiersziichterei hat, gehollef.
Als Amateur hat hie 16 Victoiren op sengem Kont dovunner seng éischt um Prix Maurice Latour den 3. Mee 1951 zu Rouen. Am Joer 1952 gewënnt hien de Prix de France, den Tour de la Manche an d'franséisch Landesmeeschterschaften op der Strooss.
Duerno ass de Jacques Profi vun 1953 bis 1969 a gewënnt 184 Coursen.
Nodeems de Jaques de Vëlo op de Nol gehaangen hat gouf hie Correspondent vun der Zeitung L’Équipe a Beroder op Europe1. Hie war och nach Directeur de Course bei Paris - Nice an am Tour Méditerranéen, an e war Member vum Comité vun der FFC. En huet och Reportage fir d’Televisioun gemaach mee seng Haaptbeschäftigung war fir op sengem Bauerebetrib, dem « Domaine des Elfes » (200 ha) bei La Neuville-Chant-d’Oise, Gentleman-Farmer ze spillen.
[Änneren] Medailen an Unerkennungen
- 1966 : Chevalier vun der Légion d’Honneur
- 1965 : Chevalier vum Ordre national du Mérite (Croix du Mérite)
- 1963 Champion vun de franséische Championen (L’Équipe).
[Änneren] Equippen
- 1953 - 1955 : « La Perle » ; Sportsdirekter war de Francis Pelissier
- 1956 - 1958 : « Heylett »
- 1959 - 1960 : « ACBB Leroux »
- 1961 - 1964 : « Saint-Raphaël »
- 1965 - 1966 : « Ford-Gitane » , mat dëser Equipe gewënnt hien 1965 d’Coupe du Monde Intermarques.
- 1967 - 1969 : Bic.
Säin éischten Trainer war den André Boucher, bei deen en och nach spéider ëmmer gutt Rotschléi froe goung, besonnesch fir Courssë géint d’Zäit.
[Änneren] Palmarès
[Änneren] Resultater um Tour de France
- Tour de France 1957 : 1. am Generalklassement a Gewënner vu 4 Etappen.
- Tour de France 1958 : Opginn an der 23. Etapp
- Tour de France 1959 : 3. am Generalklassement
- Tour de France 1961 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
- Tour de France 1962 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
- Tour de France 1963 : 1. am Generalklassement a Gewënner vu véier Etappen
- Tour de France 1964 : 1. am Generalklassement a Gewënner vu véier Etappen
- Tour de France 1966 : Opginn an der 19. Etapp
[Änneren] Resultater um Giro
- 1959 : 2. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
- 1960 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun zwou Etappen
- 1961 : 2. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
- 1964 : 1. am Generalklassement a Gewënner vun enger Etapp
- 1966 : 3. am Generalklassement
- 1967 : 3. am Generalklassement
[Änneren] Resultater an der Vuelta
[Änneren] 1953
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1954
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1955
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1956
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1957
- 1. am Paris - Nice
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1958
- 1. an de Quatre Jours de Dunkerque
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1959
- 1. an de Quatre Jours de Dunkerque
[Änneren] 1960
- 3. am Critérium National
[Änneren] 1961
- 1. am Paris - Nice
- 1. am Critérium National
- 1. am Grand Prix des Nations
[Änneren] 1962
[Änneren] 1963
- 1. am Critérium du Dauphiné Libéré
- 1. am Paris - Nice
- 1. am Critérium National
[Änneren] 1964
- 1. am Critérium du Dauphiné Libéré
- 1. a Gent - Wevelgem
[Änneren] 1965
- 1. am Paris - Nice
- 1. a Bordeaux - Paris
- 1. am Critérium National
[Änneren] 1966
- 1. am Paris - Nice
- 1. a Liège - Bastogne - Liège
[Änneren] 1967
- 1. an der Volta Ciclista a Catalunya
- 1. am Critérium National
[Änneren] 1969
- 1. an der Vuelta Ciclista al País Vasco
- 29. a Paris - Luxembourg
[Änneren] Erënnerungen
Op der Kräizung vun den Departementsstroossen RD36 an RD938, op der Kopp vun der Côte de la Trinité bei Châteaufort, war am Mäerz 1989, no dem Doud vum Coureur eng bronze Sculptur déi de Jacques Anquetil um Vëlo duergetallt huet, opgeriicht ginn. Déi gouf awer séier geklaut a gouf spéider duerch eng Sail ersat wou d'Erënnerungsplak déi Rescht bliww war drop festgemach ass.
[Änneren] Zitater
- « Il faut être un imbécile ou un faux-jeton pour s’imaginer qu’un cycliste professionnel qui court 235 jours par an peut tenir le coup sans stimulants. », L’Equipe, 1967.