Mario Luzi
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mario Luzi, gebuer den 20. Oktober 1914 zu Castello bei Florenz an der Toskana a gestuerwen den 28. Februar 2005 zu Florenz war en italienesche Lyriker, Literaturtheoretiker an Iwwersetzer.
De Mario Luzi ass ee vun de wichtegste Vertrieder vun der drëtter Generatioun vun italienesche Lyriker nieft dem Franco Bigongiari, Vittorio Sereni, Giorgio Caproni an dem Attilio Bertolucci.
Och fir den Theater huet de Luzi geschriwwen. 1978 koum säi Libro di Ipazia (Livre d'Hypatie) eraus; an 1987 säi Buch iwwer de d'Wiese vum Komediant Hystrio.
Do dernieft gëtt et vum Mario Luzi meeschterhaft Iwwersetzungen an d'Franséischt: Gedichter vum Stéphane Mallarmé, Henri Michaux an dem William Shakespeare säin Theaterstéck Richard II.