Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Clint Eastwood - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Clint Eastwood

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Clint Eastwood ass en US-amerikanesche Schauspiller, Filmregisseur, Produzent a Komponist. Hie gouf den 31. Mee 1930 als Clinton Eastwood Jr., Jong vun der Francesca Ruth Runner an dem Clinton Eastwood Sr. zu San Francisco, (Kalifornien) an den USA gebuer.


Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Privatliewen

Dem Clint Eastwood seng Famill huet schottesch, iresch, hollännesch an englesch Wuerzelen. Seng Kandheet huet hien an der Bucht vun Oakland verbruecht. Säi Papp war Comptabel (eenzel Quelle soen och Stolaarbechter), deen an der amerikanescher Depressiounszäit an den 30er Joren seng Aarbecht verluer huet. Hien huet sech du mat senger Famill un der Westküst duerchgeschloen an op Tankstelle geschafft.

De Clint huet 10 verschidde Schoule besicht. A senger Jugend huet hien als Bëschaarbechter am Oregon, als Aarbechter an engem Stolwierk, als Schwammmeeschter, op Tankstellen an als Magasinier am Ersatzdeellager vu Boeing zu Seattle geschafft. 1950 as hien an d'Arméi agetrueden an huet 2 Joër Militärdéngscht gemaach. Nom Militärdéngscht huet hien de Los Angeles City College besicht.

De Clint Eastwood war zweemol bestuet. Hien huet néng Kanner (fënnef Meedercher a véier Jongen) an dat vu fënnef verschiddene Fraen.

1953 huet hien d'Maggie Johnson bestuet (e Bestietnes dat bis 1980 gehalen huet) an hat mat hir 2 Kanner: (Kyle *1968 an Alison *1972).

1960 huet hien dRoxanne Tunis kennegeléiert mat där hien eng laangjähreg Affaire hat. De 17. Juni 1964 gouf hier Duechter Kimber gebuer.

1978 léisst hien sech vun senger éischter Fra Maggie Johnson scheeden. E liewt 15 Joer laang (vu 1975 bis 1990) mat der Schauspillerin Sondra Locke zesummen.


[Änneren] Carrière beim Film

[Änneren] Ufank

Schonn 1954 huet de Clint Eastwood säin éischte Filmvertrag bei Universal ënnerschriwwen (fir 75 Dollar d'Woch), mee hien as laang Zäit net iwwert de Statistestatus erauskomm. Säin éischten Optrëtt huet hien 1955 an "Revenge of the Creature". Mee a ville Filmer muss ee scho ganz genee hikucke wann een e net verpasse wëllt, z.B. als Bomberpilot an Tarantula. Während där Zäit muss hien dacks op dat auswäichen wat en tëscht der Schoul an am Militär geléiert huet: Piscine botzen an als Schwammmeeschter schaffen.

Seng Filmrollen sinn ëmmer méi kleng ginn a schliisslech war hien frou wéi hien 1959 eng Haaptroll an enger Televisiounsserie kritt huet: Deen naiven an onerfuerenen Rowdy Yates an der Serie Rawhide, déi duerno zimlech erfollegräich ginn as. Vun 1958 bis 1965 huet hien hei deen zweete Mann niewt dem Trekker Gil Favour (Eric Fleming) op engem Véihdriff gespillt, deen ennerwée ëmmer erëm opgehale gouf.

An der leschter Staffel huet den Eastwood d'Haaptroll iwerholl, et sollt awer säin Äddi vun der Tëlevisioun sinn.


[Änneren] Vu 1964 bis 1970

De Regisseur Sergio Leone huet en amerikaneschen Acteur fir säi Film Per un pugno du dollari gesicht. Den Henri Fonda an de James Coburn ware fir de Budget vum Film awer ze deier, an dun huet de Sandalefilmschauspiller Richard Harrison dem Leone de Clint Eastwood virgeschloen.

Dem Leone säi bëlleg produzéierten Western as an Europa zu engem sensationellen Erfolleg gin an huet domat e richtege Boom fir Italo-Western augesléist. De Clint Eastwood, deen d'Haaptroll als wéineg gespréichegen, "coolen" Kappgeldjéeer, gespillt huet an éiweg en Zigarillo am Mondwénkel hat (wéi hie selwer an engem Interview gesot huet as him am Ufank bal schlecht gin dovun), huet domat de Grondsteen zu senger Carrière an och zu sengem Image geluecht. 1965 a 1966 huet hien dun och d'Haaptroll am Leone senge Filmer Per qualche dollaro in piu,an Il buono, il brutto, il cattivo gespillt.

1968 geet den Eastwood zréck op Hollywood, wou hien a verschiddene Filmer weider säin Image als Revolverheld respekiv "grousen Haarde" fleegt wéi z.B. an Hang 'em high (1968) oder Kelly's Heroes (1970).

[Änneren] Vu 1971 bis an d'80er

1971 as dem Clint Eastwood zu Hollywood deen endgültegen Duerchbroch gelongen. Ennert der Regie vum Don Siegel hat hien d'Haaptroll als Harry Callahan am Film "Dirty Harry". A senger Filmroll spillt hien en Inspekter dee mat zimlech zweifelhafte Methoden (no beschter Wild-West-Manéier) op Verbriecherjuegt geet. Den "Dirty Harry" get eng Art Kult-Figur. Am selweschte Joër dréint den Eastwood och säin éischte Film als Regisseur, de Psycho-Thriller Play Misty for Me.

Als Action- a Westernheld zielt den Eastwood bis an d'80er Joren zu de weltwäit populärste Filmschauspiller. E spillt nach e puer Mol d'Roll vum Inspecter Harry Callahan an ass an Action-Filmer wéi "Thunderbolt and Lightfoot" (1974) oder "The Gauntlet" (1977) erfollegräich.

Parallel zu senger Carrière als Acteur profiliéiert sech de Clint Eastwood och als Filmregisseur. Hien dréint Filmer, wéi The Outlaw Josey Wales, e Western (1976) oder Bird, d'Biographie vum Jazz-Musiker Charlie Parker.

1986 gëtt den Eastwood Buergermeeschter zu Carmel-by-the-Sea. Op der Lëscht vun de Republikaner hat hien 72% vun de Stëmme krut. No 2 Joër huet hien seng Demissioun ginn.

1993 spillt en am Thriller In the Line of Fire een FBI-Agent deen an den Alter komm as.

1992 fënnt e mat dem Western "Unforgiven" d'Unerkennung vun Hollywood a kritt als Regisseur a Produzent vum Film säin éischten Oscar. Fir säi Wierk als Produzent gëtt en 1994 mam Irving G. Thalberg Memorial Award ausgezeechent.

1995 ass den Eastwood Regisseur an Haaptduersteller, nieft der Meryll Streep, an der melancholescher Liebesgeschicht "The Bridges of Madison County" .

De 29. Februar 1996 kritt e vum American Film Institute (AFI) de Live Achievement Award fir säi Liewenswierk als Schauspiller, Regisseur a Produzent.

Zënter 1993 ass den Eastwood nëmme nach ënner eegener Regie am Kino ze gesinn. En dréint Thriller wéi "Absolute Power" (1996) oder "Blood Work (2002). 2003 kann hien als Regisseur vum däischteren Drama "Mystic River" bei de Filmkritiker e groussen Erfolleg verbuchen.

2005 as en de grousse Gewënner vun der Oscar-Verdeelung a kritt fir säi Boxer-Drama "Million Dollar Baby säin 2. Regie-Oscar.

[Änneren] Filmer als Schauspiller

[Änneren] Kino

  • Letters from Iwo Jima, 2006
  • Flags of Our Fathers, 2006
  • Million Dollar Baby 2004, Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Hilary Swank a Morgan Freeman
  • Blood Work (Créance de sang) (2002), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Jeff Daniels an Anjelica Huston
  • Space Cowboys (2000), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Tommy Lee Jones, Donald Sutherland a James Garner
  • True Crime (Ein wahres Verbrechen), (Jugé coupable) (1999), Regie: Clint Eastwood, Acteuren: Isaiah Washington
  • Absolute Power (Les pleins pouvoirs) (1997), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Gene Hackman an Ed Harris
  • The Bridges of Madison County (Die Brücken am Fluss), (Sur la route de Madison) (1995), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Meryl Streep
  • A Perfect World (Un monde parfait) (1993), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Kevin Costner a Laura Dern
  • In the Line of Fire (Dans la ligne de mire) (1993), Regie : Wolfgang Petersen, Acteuren: John Malkovich a Rene Russo
  • Unforgiven (Erbarmungslos), (Impitoyable) (1992), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Gene Hackman, Morgan Freeman a Richard Harris
  • The Rookie (La relève) (1990), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Charlie Sheen a Raul Julia
  • White Hunter Black Heart (Weißer Jäger, schwarzes Herz) (Chasseur blanc, coeur noir) (1990), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Jeff Fahey a Charlotte Cornwell
  • Pink Cadillac (1989), Regie : Buddy Van Horn, Acteuren: Bernadette Peters
  • The Dead Pool (Dirty Harry V - Das Todesspiel) ( L'inspecteur Harry est la dernière cible) (1988), Regie : Buddy Van Horn, Acteuren: Liam Neeson
  • Heartbreak Ridge (Le maître de guerre) (1986), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Marsha Mason an Everett McGill
  • Pale Rider (Pale Rider - Der namenlose Reiter) (1985), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Michael Moriarty a Carrie Snodgress
  • City Heat (Der Bulle und der Schnüffler) (Haut les flingues) (1984), Regie : Richard Benjamin, Acteuren: Burt Reynolds a Rip Torn
  • Tightrope( Der Wolf hetzt die Meute) (La corde raide)(1984), Regie : Richard Tuggle, Acteuren: Geneviève Bujold a Dan Hedaya
  • Sudden Impact (Dirty Harry IV - Dirty Harry kommt zurück) (Le Retour de l'inspecteur Harry) (1983), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Sondra Locke a Bradford Dillman
  • Honkytonk Man (1982), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: John McIntire a Verna Bloom
  • Firefox (1982), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Freddie Jones
  • Any Which Way You Can (Mit Vollgas nach San Fernando) (1980), Regie : Buddy Van Horn, Acteuren: Sondra Locke
  • Bronco Billy (1980), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Sondra Locke
  • Escape from Alcatraz (1979), (Flucht von Alcatraz), (L'évadé d'Alcatraz) ,Regie : Don Siegel, Acteuren: Patrick McGoohan a Fred Ward
  • Every Which Way but Loose (1978), (Der Mann aus San Fernando), (Doux dur et dingue), Regie : James Fargo, Acteuren: Sondra Locke
  • The Gauntlet (1977), (Der Mann der niemals aufgibt) (L'épreuve de force), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Sondra Locke a Pat Hingle
  • The Enforcer (1976), (Dirty Harry III - Der Unerbittliche), (L'inspecteur ne renonce jamais), Regie : James Fargo, Acteuren: Bradford Dillman an Harry Guardino
  • The Outlaw Josey Wales (1976), (Der Texaner), (Josey Wales hors-la-loi), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: John Vernon a Sondra Locke
  • The Eiger Sanction (1975), (Im Auftrag des Drachen), (La Sanction)Regie : Clint Eastwood, Acteuren: George Kennedy an Heidi Brühl
  • Thunderbolt and Lightfoot (1974), (Den Letzten beißen die Hunde), (Le canardeur), Regie : Michael Cimino, Acteuren: Jeff Bridges
  • Magnum Force (1973), (Dirty Harry II - Callahan), (Magnum Force), Regie : Ted Post, Acteuren: Hal Holbrook
  • High Plains Drifter (1973), (Ein Fremder ohne Namen)(L'homme des hautes plaines)Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Verna Bloom a Marianna Hill
  • Joe Kidd (1972), (Sinola), Regie : John Sturges, Acteuren: Robert Duvall a John Saxon
  • Dirty Harry (1971), (L'inspecteur Harry), Regie : Don Siegel, Acteuren: Harry Guardino a John Vernon
  • Play Misty for Me (1971), Regie : Clint Eastwood, Acteuren: Jessica Walter
  • The Beguiled (1971), Regie : Don Siegel, Acteuren: Geraldine Page
    Betrogen - fr: Les Proies
  • Kelly's Heroes (1970), Regie : Brian G. Hutton, Acteuren: Donald Southerland
    de:Stoßtrupp Gold - fr: De l'or pour les braves
  • Two Mules for Sister Sara (1969), Regie : Don Siegel, Acteuren: Shirley Maclaine
    de:Ein Fressen für die Geier- fr: Sierra Torride
  • Paint Your Wagon (1969), Regie : Joshua Logan, Acteuren: Lee Marvin a Jean Seberg
    de:Westwärts zieht der Wind - fr: La kermesse de l'Ouest
  • Where Eagles Dare (1968), Regie : Brian G. Hutton, Acteuren: Richard Burton a Mary Ure
    de:Agenten sterben langsam - fr: Quand les aigles attaquent
  • Coogan's Bluff (1968), Regie : Don Siegel, Acteuren: Susan Clark a Lee J. Cobb
    de:Coogans großer Bluff - fr: Un shérif à New York
  • Hang 'em high (1968), Regie : Ted Post, Acteuren: Ed Begley a Pat Hingle
    de:Hängt ihn höher - fr: Pendez-les haut et court
  • Le Streghe (Sketch:5) (1967), Regie : Vittorio De Sica, Acteuren: Silvana Mangano an Toto
    de:Hexen von heute - fr: Les Sorcières - en: The Witches
  • Il buono, il brutto, il cattivo (1966), Regie : Sergio Leone, Acteuren: Eli Wallach a Lee van Cleef
    de:Zwei glorreiche Halunken - fr: Le bon, la brute et le truand - en: The Good, The Bad And The Ugly
  • Per qualche dollaro in più (1965), Regie : Sergio Leone, Acteuren: Lee van Cleef a Klaus Kinski
    de:>Für ein paar Dollar mehr - fr: Et pour une poignée de dollars de plus en: For a few dollars more
  • Per un pugno di dollari (1964), Regie : Sergio Leone, Acteuren: Gian Maria Volonté a Marianne Koch
    de:Für eine Handvoll Dollar - fr: Pour une poignée de dollars - en: For a fistful of dollars
  • Ambush at Cimarron Pass (1958), Regie : Jodie Copelan, Acteuren: Scott Bradyll
  • Lafayette Escadrille (1958), Regie : William A. Wellman, Acteuren: Tab Hunter an Etchika Choureau
    de:C'est la guerre
  • Escapade in Japan (1957), Regie : Arthur Lubin, Acteuren: Cameron Mitchell
    de:Verschollen in Japan - fr: Escapade au Japon
  • Away all Boats (1956), Regie : Joseph Pevney, Acteuren: Jeff Chandler, George Nader, Lex Barker a Julie Adams
    de:"Klar Schiff zum Gefecht"
  • Star in the Dust (1956), Regie : Charles F. Haas, Acteuren: John Agar a Mamie van Doren
    de:Noch heute sollst du hängen - fr: La corde est prête
  • The First Travelling Saleslady (1956), Regie : Arthur Lubin, Acteuren: Ginger Rogers
  • Never Say Goodbye (1955), Regie : Jerry Hopper, Acteuren: Rock Hudson
    de:Nur du allein - fr: Ne dites jamais adieu
  • Lady Godiva of Conventry (1955), Regie : Arthur Lubin, Acteuren: Muareen O'Hara a George Nader
    de:Die nackte Geisel
  • Tarantula (1955), Regie : Jack Arnold, Acteuren: John Agar
  • Francis in the Navy (1955), Regie : Arthur Lubin, Acteuren: [[Donald O'Connor]"a Martha Hyer
  • Revenge Of The Creature (1955), Regie : Jack Arnold, Acteuren: John Agar a Lori Nelson
    de:Die Rache des Ungeheuers - fr: La Revanche de la Créature

[Änneren] Televisioun

  • Rawhide - Serie (1959 - 1966) (217 Episodeb)

[Änneren] Filmer als Regisseur

[Änneren] Kino

  • Letters from Iwo Jima (2006)
  • Flags of our Fathers (2006)
  • Million Dollar Baby (2004)
  • Mystic River (2003)
  • Blood Work (2002)
  • Space Cowboys (2000)
  • True Crime (1999)
  • Midnight in the Garden of Good and Evil
  • Absolute Power (1997)
  • The Bridges of Madison County (1995)
  • A Perfect World (1993)
  • Unforgiven (1992)
  • The Rookie (1990)
  • White Hunter Black Heart (1990)
  • Bird (1988)
  • Heartbreak Ridge (1986)
  • Pale Rider (1985)
  • Sudden Impact (1983)
  • Honkytonk Man (1982)
  • Firefox (1982)
  • Bronco Billy (1980)
  • The Gauntlet (1977)
  • The Outlaw Josey Wales (1976)
  • The Eiger Sanction (1975)
  • Breezy (1973), Acteuren: William Holden an d' Kay Lenz
  • High Plains Drifter (1973)
  • Play Misty for Me (1971)

[Änneren] Televisioun

  • The Blues (2003), Serie (Episod "Piano Blues")
  • Amazing Stories (1985) Serie (Episod "Vanessa in the Garden")

[Änneren] Filmer als Komponist

  • Million Dollar Baby (2004)
  • Mystic River (2003)
  • Space Cowboys (2000)
  • ´´True Crime (1999) (d'Lidd "Why Should I Care")
  • Absolute Power (1997)
  • The Bridges of Madison County(1995) (d'Lidd "Doe Eyes")
  • Unforgiven (1992) (Claudia's theme)
  • Heartbreak Ridge (1986) (d'Lidd "How Much I Care")
  • City Heat (1984)

[Änneren] um Spaweck

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com