Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Saddam Hussein - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Saddam Hussein

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Saddam Hussein den 1. Juli 2004 viru Geriicht
De Saddam Hussein den 1. Juli 2004 viru Geriicht

Saddam Hussein (arabesch: صدام حسين عبد المجيد التكريتي ṣaddām Ḥusain ʿAbd al-Mağīd at-Tikrītī; gebuer den 28. Abrëll 1937, exekutéiert den 30. Dezember 2006, war vun 1979 bis 2003 President vum Irak mat praktesch diktatorescher Muecht.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Liewen

[Änneren] Kandheet a Jugend

Den Saddam Hussein gouf 1937 am Duerf al-Audscha am Beziirk Tikrit an enger Schoofhiertefamill gebuer. Hien ass de Jong vum Saddam Abd al-Madschid, dee viru senger Gebuert stierft, a vun der Subha Tulfah al-Musallat.

Am Alter vun 10 Joër ass hie bei säi Monni Chairallah Talfah op Bagdad komm. Deem seng eelsten Duechter Sadschida, huet hien am Joer 1963 zu Kairo bestuet.

[Änneren] Ufank vun der politescher Carrière

De Saddam Hussein ass 1957 der deemools nach verbuedener Baath-Partei bäigetrueden an huet 1956 un engem erfolleglosen Putsch-Versuch géint den irakeschen Kinnek Faisal II. deelgeholl. 1958 huet hien eng aner, vum Generol Abd al-Karim Qasim geféiert Grupp ënnerstëtzt.

Weinst engem mësslongenen Attentat op den Premierminister Qasim, huet den Hussein sech 1959 iwwer Syrien an Ägypten ofgesat a gouf a senger Absence zum Doud veruerteelt. Den Bath-Partei-Chef Fuad ar-Rikabi gouf wéinst dësem Mësserfolleg duerch de Madschid, een dee méi wäit ewech Famill mam Saddam Hussein war, vun 1959-61 ersat.

Während (angeblëchen) Étuden un der juristescher Fakultéit der Universitéit Kairo, wann dann ouni Oofschloss, huet hien kontakter zu der CIA krut.

Den 8. Februar 1963 koum hien dunn, no engem erfollegräichen Putsch vun der Baath-Partei, an deem den Premier Qasim an vill Féierungspersounen hiert Liewen verluer hun, an den Irak zeréck. Nom Muechtwiessel (Ramadanrevolt) gouf hien 1964 zu enger Prisongsstroof veruerteelt, ass awer (mat Hëllef vum Tahir Yahyas) 1967 geflücht.

1968 huet hien en erfollegräichen Staatsstreech vun der Baath-Partei an der Arméi ënnerstëtzt.

[Änneren] Opstieg

Wéi 1968 am Irak d’Baath-Partei un d’Muecht koum, huet de Saddam Hussein an der neier Regierung d’Amt vum stellvetriedende Generalsekretär vum Revolutionären Kommandorot iwerholl,an och déi vum Chef vum Ministär fir Staatssëcherheet a vum Propaganda-Ministär 1969 och den Poste vum Vize-President.

Den 1. Juni 1972 huet hien d’Verstaatlechung vu westlechen Ueleg-Firmen, dei en Ueleg-Monopol am Irak haten, ageleed. Mat den Uelegrecetten huet d’Land sech zu enger regionaler militärescher Groussmuecht entwéckelt. D’Recetten aus den Uelegverkeef hun awer och fir de Wuelstand a mei breede Bevëlkerungsschichten gesuergt.

Den 1. Juli 1973 gouf hie vum Revolutiounsrot zum Drai-Stäre-Generol vun den irakesche Sträitkräften ernannt, spéider huet hie sech selwer zum Marschall ernannt.

Den 6. März 1975 huet hien als Vizepräsident mat dem iranischen Schah Mohammad Reza Pahlavi d’Oofkommen vun Algier iwert den Grenzverlaaf am Schatt al-Arab an dei géigensäiteg Netanmëschung an ënner Ugeleegenheeten geschloss.

1979 huet de President Ahmad Hasan al-Bakr de Saddam Hussein am Alter vun 42 Joer zum Partei-Chef an zu sengem Nofolger ernannt. Den 11. Juli 1979 gëtt hie Generalsekrétär vun der Baath-Partei an de 16. Juli 1979 iwerhëllt hien d’Muecht als Staats- an Regierungschef. Dono huet huet hien eng bluddeg “Säuberung” vun der Baath-Partei ageleet a verhënnert esou e geplangten Zesummenschloss mam baathistesche Regime vun Syrien.

An dach war och dono dem Saddam Hussein seng Autoritéit nach net ganz onëmschränkt. Zunächst haten al-Bakr an Saddam Hussein d’Ämter nëmme getauscht, den al-Bakr ass faktesch Vizepresident bis zu sengem Doud am Abrëll 1982 bliwwen. E Gerücht handelt vun énger Vergëftung. Den Hussein op alle Fall huet dës éischt Zäsur vun enger Muechterweiderung schonn am Juli zu enger verhängnisvoller Elengentscheedung genotzt – dem Réckzuchsbefehl fir d’irakesch Truppen an enger entschedender Phase am Golfkrich géint den Iran. Déi zweet Zäsur ass 1989 unzesetzen. Mam Doud vum Baath-Partei-Grënner an Vizepräsident Michel Aflaq (schonn erëm war vu Gëft riets) an der Ausschaltung vum Chairallah Talfah, deen als Krichsminister am Golfkrich populär ginn ass, am selweschte Joer (mystériéist Helicopter-Accident) gouf et keng, och net usaatzweis rivaliséierend moralesch Autoritéit méi nieft oder hannert dem Präsident, déi den Saddam Hussein zum Krich géint den Kuwait hätt kéinte beaflossen.

[Änneren] Éischte Golfkrich

[Änneren] Zweete Golfkrich

[Änneren] Drëtte Golfkrich

Am sougenannten Drëtten Golfkrich (20. Mäerz 2003) sin d’Truppen aus den USA an den verbündeten Staaten an den Irak anmarschéiert, hun d’irakesch Arméi geschloen an besetzen d’Land vollstänneg. D’USA hun dëst begrënnt, dass den Irak duerch d’Entwécklung an den Besëtz vun Massenvernichtungswaffen géint dei iwert hien verhängten UN-Resolutiounen verstéisst an dass den Saddam Hussein terroristesch Organisatiounen wei Al-Qaida géif ënnerstëtzen. Beides konnt allerdings bis haut net confirméiert gin. Op den Saddam Hussein an eng Rei vun féierenden Memberen vun der Regierung gouf en “Kappgeld” vun 25 Milliounen US-Dollar ausgesaat.

Nom Enn vum Krich sin Tounbandopnahmen opgetaucht, an denen eng männlech Stëmm dozou oprifft, “d’Invasoren aus dem Land ze verdreiwen”. Et gët als wahrscheinlech ugeholl, dass et sech dobäi em d’Stëmm vum Saddam Hussein handelt.

Seng Jongen Udai an Qusai, déi fir hir Grausamkeet gefaart goufen, koumen den 22. Juli 2003 bei engem US-Ugrëff an hirer Verstopp zu Mosul bei heftegen Kämpf ëm d’Liewen. Säin drëtten an jéngsten Jong (Ali Hussein) ass ënnergetaucht.

[Änneren] D'Festnahm vum Saddam Hussein

Den 13. Dezember 2003 gouf den Saddam Hussein vun amerikaneschen Besatzungstruppen festgeholl. No US-amerikanescher Duerstellung gouf hien am Zuch vun enger Razzia an engem Duerf, ongeféier 15 Kilometer vun senger Heemechtsstad Tikrit ewech fond. Bei dëser Aktioun soll keen Schoss gefall sin. Hien soll sech an engem gemauerten Erdlach an engem Haus verstoppt an e Vollbart gedroen hun. Bei him soll Boergeld am Wert vun ongeféier 750.000 US-Dollar font gin sinn. Deen vun der amerikanescher Féierung verbreeten Hiergang vun der Festnahm an den konkreten Zäitpunkt gët vum Saddam Hussein sengem Affekot, souwei vun him selwer bestridden; och den ehemolegen US-Zaldot Nadim Abou Rabeh sot am März 2005, dass dei Szene mat dem sougenannten Erdlach gestallt gin ass, den Saddam Hussein hätt an engem Haus geliewt an d’US-Zaldoten wären bei der Festnahm op Widerstand gestouss.

Seng Identitéit gouf no amerikaneschen Angaben duerch eng DNA-Analyse souwei unhand vun Zänn an Narben nogewisen. Offiziell gouf d’Festnahm den 14. Dezember 2003 um circa 13 Auer MEZ duerch den briteschen Premierminister Tony Blair an kuerz dono an enger Pressekonferenz duerch den US-amerikaneschen Zivilverwalter am Irak Paul Bremer confirméiert.

Den Saddam Hussein as am Héichsecherheetsprisong Camp Cropper inhaftéiert. Den 10. Januar 2004 gouf d’US-amerikanesch Regierung bekannt, den Hussein wär vun elo un offiziellen Krichsgefaangenen vun den USA. Den Status vum Krichsgefaangenen erméiglecht ënnert anerem den Observateuren an Hëllefsorganisatiounen (wei z.B. d’Rout Kräiz) mam Ex-Diktator an kontakt ze trieden, an sech vun sengem gesondheetlëchen Zoustand an den Haftbedingungen e Bild maachen ze kënnen. Deeselwechten Dag huet den irakeschen Regierungsrot d’Vereenegt Staaten opgefuedert, den Hussein als en Kriminellen un d’irakesch Justiz ze iwergin. Den 30. Juni 2004, also zwee Deeg no der offizieller Muechtiwergab un d’irakesch Iwergangsregierung, gouf den Hussein no 6 Méint der irakescher Justiz iwergin.

[Änneren] D'Uklo

[Änneren] De Prozess

[Änneren] D'Uerteel

De Saddam Hussein gouf zu Doud veruerteelt an den 30. Dezember 2006, moies um 6 Auer Lokalzäit (4 Auer MEZ), exekutéiert.

[Änneren] Famill vum Saddam Hussein

  • 1. Fra Sadschida Talfah (bestuet 1963)
    • Jong Udai Hussein (* 1964, † 22. Juli 2003)
    • Jong Qusai Hussein (* 1967, † 22. Juli 2003)
    • Duechter Raghad Hussein (* 1968)
    • Duechter Rana Hussein (* 1969)
    • Duechter Hala Hussein (* 1979)
  • 2. Fra Samira Schahbandar (bestuet 1986)
    • Jong Ali Saddam Hussein (* 1980 oder 1983)
  • 3. Fra Nidal al-Hamdani (bestuet 1990)

[Änneren] Wierker

[Änneren] Literatur

Jörg Haider, Zu Gast bei Saddam. Im "Reich des Bösen". Ibera Verlag, Wien 2003.

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Saddam Hussein – Biller, Videoen oder Audiodateien
Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com