See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Pisces (Stärebild) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Pisces (Stärebild)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Date vum Stärebild Pisces
Lëtzebuergesche Numm Fësch
Latäin. Numm Pisces
Lat. Genitiv Piscium
Lat. Ofkierzung Psc
Rektaszensioun 22h 50m bis 2h 07m
Deklinatioun +33° 40’ bis -6° 20’
Fläch 889 Quadratgrad
Siichtbar op Breedegraden 84° Nord bis 56° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Unzuel un Stäre mat
Gréisst < 3m
0
Hellste Stär,
Gréisst
η Piscium
3,62m
Meteorstréim Pisciden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Andromeda
Pegasus
Aquarius
Cetus
Aries
Kaart vum Stärebild Pisces. Déi rout gestrichelt Linn stellt d’Ekliptik duer
Kaart vum Stärebild Pisces. Déi rout gestrichelt Linn stellt d’Ekliptik duer

D’Stärebild laténgesch Pisces (Fësch) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Beschreiwung

D’Pisces sinn en ausgedeenten, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Stärebild Andromeda an dem Pegasus. Kee Stär vun de Pisces ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

D’Pisces (Fësch) leien op der Ekliptik, dofir zéien Sonn, Mound an d’Planéiten duerch dëst Stärebild. Et gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech den Duerchgang vun der Sonn opgrond vun der Präzessiounsbewegung vun der Äerdachs géigeniwwer der Antikitéit verännert. D’Sonn duerchwandert d’“Fësch“ tëschent dem 12. Mäerz an dem 18. Abrëll a Richtung Norden.

D’Ekliptik kräizt an de Fësch den Himmelsäquator. Dëse Kräizungspunkt, de Fréijoerspunkt, ass den Urspronk vun de wichtegsten astronomesch Koordinatensystemer um Stärenhimmel. Den Zäitpunkt zu dem d’Sonn den Himmelsäquator iwwerschrëtt, entsprëcht dem astronomeschem Fréijoersufank op der Nordhallefkugel. Dëse Punkt fänkt allerdéngs zënter Mëtt vum leschten Joerhonnert un den Beräich vun de Fësch ze verloossen an geet an den Aquarius (Waassermann) iwwer.

[Änneren] Geschicht

D’Stärebild Pisces (Fësch) gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der griichescher Astronomie, déi schonns de Ptolemäus beschriwwen huet.

Am Joer 7 v. Chr. koum et an d¨sem Stärebild zu enger seltener dräifacher Konjunktioun tëschent Jupiter a Saturn (Gréisste Konjunktioun), dat heescht, déi zwee Planéiten hun sech innerhalb emgem Joer dräimol getraff. Konjunktiounen tëschent Jupiter a Saturn trieden zwar ronn all 20 Joer op, awer déi wéinegst sinn gläich dräifach mat esou engem kuerzen Wénkelofstand, datt déi zwee Planéiten bal ewéi een eenzege Stär ausgesinn huen. – Kuckt dozou och „um Spaweck“.

[Änneren] Himmelsobjeten

[Änneren] Stären

B F Namen o. andere Bezeichnungen Gréisst Lj Spektralklass
ο Torcularis Septemtrionalis 4,26m 258 G8 III
ε 71 4,27m 190 K0 III
θ 10 4,27m 159 K1 III
α 113 Alrischa, Al Rescha, Kaitain 4,33m 139 A0pSiSr
YY 4,37m 415 M3 III
δ 63 4,44m 305 K4 IIIb
ν 106 4,45m 368 K3 IIIb Ba0.1
β 4 Fum al Samakah 4,48m 493 B6 Ve
λ 18 4,49m 101 A7 V
τ 83 4,51m 162 K0.5 IIIb
ξ 111 4,61m 191 K0 III
χ 84 4,66m 440 G8.5 III-IIIa
φ 85 4,67m 378 K0 III
υ 90 4,74m 311 A3 V
μ 98 4,84m 360 K4 III
HR 9067 4,88m 224 G9 III
κ 8 4,95m 162 A0p CrSi:Sr:
TX 4,95m 760 C5 II
TV 5,01m 491 M3 III
7 5,05m 341 K2 III
64 5,07m 78 F8 V
29 5,13m 409 B7 III-IV
89 5,13m 220 A3 V
82 5,15m 560 F0 V
ζ 86 5,21m 148 A7 IV
91 5,23m 344 K5
α Psc-B 5,23m 139 A3m
107 5,24m 24 K1 V
ψ1 74 5,33m 239 A1 Vn
ρ 93 5,35m 85 F2 V
55 5,36m 411 K0 III + F3 V
57 5,36m 588 M4 IIIa
41 5,38m 395 K3
52 5,38m 257 K0 III
5 5,42m 280 G8 III-IV
2 5,43m 280 K1
68 5,44m 705 G6
20 5,49m 292 G8 III
σ 69 5,50m 414 B9.5 V
94 5,50m 307 K1 III

Den hellste Stär an de Fësch ass den η Piscium, och Kullat Nunu genannt. Hie läit op enger Distanz vun 294 Liichtjoer vun eis ewech a liicht giel. Et ass e Risestär mat der véierfacher Mass, dem 25fachen Duerchmiesser an der 300facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.

De β Piscium ass e bloelzeche Stär, deen op enger Distanz vun 493 Liichtjoer läit. Seng Spektralklass ass B6 V. De Numm Fum al Samakah kënnt aus dem Arabeschen a bedeit esou vill wéi „d’Maul vum Fësch“.

[Änneren] Duebelstäre

System Gréissten Abstand
α 4,33 / 5,23m 1,9"
35 6,0 / 7,7m 11,6"
65 6,3 / 6,3m 4,4"
ζ Psc 5,2 / 6,3m 22,9"
ψ1 5,3 / 5,6m 30,0"

[Änneren] Verännerlech Stären

Stär Gréisst Period Typ
47 4,7 bis 5,4m 50 bis 85 Tage Hallefregelméisseg Verännerlecher
19 4,8 bis 5,2m Onregelméisseg Verännerlecher

De 47 Piscium läit op enger Distanz vun 400 Liichtjoer an ass en hallefregelméisseg Verännerlechen Stär, dee seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vu ronn 50 bis 85 Deeg verännert. Et ass e roudelzeche Stär mat der Spektralklass M3 III.

De 19 Piscium ass e Roude Ris mat der Spektralklass C5 II an ass 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet den 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn an ass ee vun deene gréisste bekannte Stären. Seng Hellegkeet ännert sech ouni erkennbar Regelméissegkeet.

[Änneren] Messier- an NGC-Objete

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
M 74 628 9,4m Galaxis
488 10,3m Galaxis
524 10,3m Galaxis

An de „Fësch“ sinn dräi Galaxien siichtbar. Eng dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat de niwwelegen Objeten (Messier-Katalog) opgeholl.

De M 74 ass eng Galaxis op enger Distanz vun ronn 30 Millioune Liichtjoer. Et fënnt een se westlech vum helle Stär η Piscium.

[Änneren] Um Spaweck


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -