Risestär
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Risestär oder Iwwerris (oder och einfach nëmmen Ris) ass e Stär mat iwwerduerchschnëttlech groussem Duerchmiesser an iwwerduerchschnëttlech grousser Liichtkraaft, deen am Hertzsprung-Russell-Diagramm (HRD) däitlech iwwert der Haaptrei läit.
Et ënnerscheed een véier Arten vu Risen.
- Ënnerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass IV. Si befannen sech am HRD tëschent dem Risenascht an der Haaptrei.
- (Normal) Risen mat der Liichtkraaftklass III. Si maachen am HRD de Risenascht.
- hell Risen, Stäre mat der Liichtkraaftklass II. Si befannen sech am HRD iwwert de normale Risen
- Iwwerrisen, Stäre mat der Liichtkraaftklass I. Opgrond vun jirer nach héijerer Liichtkraaft leien si am HRD nach iwwer den helle Risen.
A spéide Spektralklasse läit de Strahlungsmaximum vu Risen am roude Spektralberäich. Si ginn dofir an dësem Stadium och als Rout Rise bzw. Rout Iwwerrisen bezeechent. Entspriechend bezeechent ee Risen a mëttleren oder fréie Spektralklassen als Giel oder Blo Risen.