Liichtkraaft
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
An der Physik versteet een ënnert der Liichtkraaft L déi pro Sekonn total ofgestahlten Energie, d. h. d’(Strahlungs-) Leeschtung an alle Beräicher vum Spektrums. Si gëtt a Watt gemooss an an der Astronomie am Zesummenhang mat staarke Strahlungsquellen an Eenheeten vun der Sonneliichtkraaft uginn.
An der Astronomie ass d’Liichtkraaft eng Mooss fir d’Energieemissioun vun engem Stär a Form vun elektromagnetescher Strahlung, déi vu senger Temperatur an dem Radius ofhängt. Si gëtt an der ofgestrahlten Energiemeng pro Sekonn uginn. D’Liichtkraaft vun der Sonn kann duerch d’Bestëmmung vun der Solarkonstant direkt gemooss ginn.
[Änneren] Liichtkraaftklassen
D’Stäre ginn geméiss hirer Liichtkraaft a Liichtkraaftklassen agedeelt.
Kuckt och: Hertzsprung-Russell-Diagramm, Haaptrei, Risestär
[Änneren] Liichtkraaft vun der Sonn
Duerch Miessung vun der Sonnenastrahlung, bei déier sech déi mëttel Solarkonstant zu 1367 W/m² ergëtt, kann d’Liichtkraaft L vun der Sonn wéi folgt bestiëmt ginn:
An der Distanz R = 1 AE = 1,496•1011 m vum Sonnemëttelpunkt trëfft pro Sekonn op 1 m² Äerduewerfläch d’Energie 1367 J vun der Sonn an. Dës entstaamt vun enger winzeger Fläch vun der Sonnephotosphär
Déi gesamt Strahlung vun der Sonn duerchsetzt awer net nëmmen d’Fläch 1 m², mä déi ganz Kugeluewerfläch O eng Kugel ëm d’Sonn mat dem Radius R = 1 AE
- .
Op all Quadratmeter vun dëser Fläch trëfft pro Sekonn eng Energie vun 1367 J an. D’Energieofzuch vun der ganzen Sonnenuewerfläch pro Sekonn ass also
- .
Dëst ass déi mëttel Liichtkraaft vun der Sonn.
[Änneren] Kuckt och
- Absolut Hellegkeet
- Schäinbar Hellegkeet
- Bolometresch Hellegkeet
- Distanzbestëmmung