Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Planéit - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Planéit

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

E Planéit ass en Himmelskierper deen net selwer liicht a sech an enger keplerscher Emlaafbunn em e Stär beweegt. Den Numm staamt vum Griichesche "plánetes" a bedeit "déi doruechter wanderen" (Algriichesch de Wanderer (Planéit)). Fréier goufen d'Planéiten am Däitschen och als Wandelsterne bezeechent. Di meescht Planéiten vum Sonnesystem gi vu Mounden emkreest.

Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf den éischte Planéit baussend dem Sonnensystem (Exoplanéiten) entdeckt, an zwar em de Stär Pegasus 51. D'Zuel vun de bekannten Exoplanéiten ass zënter deem emmer méi grouss ginn.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Planéite vun eisem Sonnesystem

D'Planéite vun eisem Sonnesystem, der Gréisst no richteg oofgebild
D'Planéite vun eisem Sonnesystem, der Gréisst no richteg oofgebild

D'Asteroidenceinture trennt déi bannenzech vun de baussenzeche Planéiten.

D'Duerchschnëttsofstänn vun de Planéiten zur Sonn loosse sech zimlech genee mat der Titius-Bode-Rei uginn. Zwëschen dem Mars an dem Jupiter ass hei e Lach, dat duerch d'Asteroidenceinture gefëllt gëtt; allerdéngs trëtt den Ofstand vum Neptun net an der Rei op.

[Änneren] Definitioun

Et gëtt bis haut kee kloer definéierte Critère fir zwësche Planéiten an Asteroiden z'ënnerscheeden. Sou ass de Planéite-Status vum Pluto wéinst senger gerenger Gréisst a senger staark elliptescher Bunn, déi och nach géint d'Ekliptik geneigt ass, ëmstridden. Vill Astronomen zielen de Pluto zur Kuiperceinture, engem Reservoir vu Koméiten an Asteroiden, deen no bannen bis un d'Bunn vum Neptun reecht. Déi kiirzlech Entdeckung vun ähnlech groussen Himmelskierper an der Kuiperceinture hunn d'Diskussioun em dem Pluto säi Status erëm nei opliewe gelooss. D'I.A.U. (International Astronomesch Unioun) huet am Joer 2006 dem Pluto säi Rang als Planéit ofgesprach. De Pluto figuréiert elo als Zwergplanéit

Eng gutt Definitioun vun engem Planéit gëtt d'California Institute of Technology, dat enk matt der NASA zesumme schafft: En Objet am Sonnensystem gëtt als Planéit bezeechent, wann et eng méi grouss Mass huet wéi all déi aner Objeten zesummen, déi sech am selwechten Orbit befannen. Sou ass d'Äerd e Planéit, well se méi schwéier ass wéi all Asteroiden, déi di selwecht Emlafbunn wéi d'Äerd hunn. De Pluto ass zwar de gréissten Objet a senger Emgéigend, awer net méi schwéier wéi d'Zomm vu sengen Nopeschobjeten, dofir kann en no der Definitioun net zu den Planéite gezielt ginn. No dëser Definitioun géiwen et an eisem Sonnesystem aacht amplaz néng Planéiten.

Fir sech d'Reihefolg vun de Planéitebunnen vun der Sonn aus gesinn ze mierken gëtt et en däitschen Akrostichon als Ieselsbréck "Mein Vater Erklärt Mir Jeden Sonntag Unsere Neun Planeten." D'Ufanksbuschstawen sinn déiselwecht wéi déi vun den Nimm vun den Planéiten, dobäi gëtt de Pluto nach matgezielt. En engleschen Akrostichon wier zum Beispill "Mother very thoughtfully made a jelly sandwitch under no protest." Hei steet den T fier Terra an den A fir d'Asteroidenceinture.

[Änneren] Geschicht vun der Entdeckung

D'Planéiten Merkur, Venus, Mars, Jupiter an Saturn si mat bloussem A um Nuetshimmel z'erkennen a gesi méi hell aus wéi déi meeschte Stären. Si ware schonn an der Antikitéit bekannt a goufe vu ville Kulturen mat hiren Haaptgötter identifizéiert. Déi nach haut verwendet Nimm stamen aus der réimescher Mythologie.

Obwuel et schonn an der Antik Vertrieder vum Heliozentreschen Weltbild gouf (z.B. Aristarchos vu Samos), sou gouf dach bis zur Mëtt vum 16. Jorhonnert allgemeng ugeholl, dat sech d'Planéiten zesummen mat der Sonn em d' Äerd beweegen (Geozentrescht Weltbild). 1543 huet de Nikolaus Kopernikus, ugereegt duerch den Aristarchos, säi Wierk "Iwwer d'Emdréiungen vun den Himmelssphären" veröffentlecht, an deem en d'Sonn an de Mëttelpunkt gestallt an d'Äerd als e weidere Planéit erkannt huet.

Ennert genschtege Bedingungen ass den Uranus och mat bloussem A z'erkennen, an e gouf scho 1690 - falsch - als Stär katalogiséiert. Ma erëischt 1781 gouf e vum Sir Friedrich Wilhelm Herschel als Planéit erkannt. Mat Hëllef vun eeleren Observatiounen ass et dem Johann Elert Bode gelongen, seng Emlaafbunn genau zu bestëmmen. Mat Hëllef vu Stéierungen an der Bunn vum Uranus huet den Urbain Le Verrier d'Bunn vun engem weideren Planéit berechent, wat den 23. September 1846 zu der Entdeckung vum Neptun duerch den Johann Gottfried Galle an den Heinrich Ludwig d'Arrest gefouert huet. Duerch den nei entdeckten Planéit konnten allerdings net all Onreegelméissigkeeten an der Bunn vum Uranus erklärt ginn.

Schliisslech gouf 1930 vum Clyde William Tombaugh e weideren Objet entdeckt a méi spéit Pluto genannt, dee bis elo als néngte Planéit gelt. D'Existenz vun engem weidere Planéit (Transpluto oder Planéit X) am Sonnesystem ass onwarschäinlech.

[Änneren] Astronomesches

  • mettel Dicht vun der Matière: \bar{\rho}=\frac{m}{\frac{3}{4} \pi R^3} woubei m: Mass vum Planéit, R=Radius (\bar{\rho} \geq 3\frac{g}{cm^3} steeneg, \bar{\rho} \leq 2\frac{g}{cm^3} gasarteg)
  • Vitesse vun der Kreesbunn ëm de Planéit (vk): v_k=\sqrt{\frac{G m}{R}} woubei G: Gravitatiounskonstant, m,R: wéi uewen
  • Fluchtgeschwindegkeet (ve): v_e=\sqrt{2} \cdot v_k =  \sqrt{\frac{2G m}{R}} woubei G,m,R wéi uewen

[Änneren] A soss nach ...

Den englesche Komponist Gustav Holst, dee selwer Hobby-Astronom war a vun den Planéiten inspiréiert gouf, huet d'Suite The Planets geschriwwen. Si gehéiert zu den bekanntesten Programmmusiken.

[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

[Änneren] Videoen

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com