Äerd
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
The Blue Marble, Apollo 17 | |
Eegeschafte vum Orbit (Epoch J2000) | |
---|---|
Dauer vun engem Dag | 23h:56min:04s |
Mëttelste Radius | 149.597.887 km (1.000 000 11 AE) |
Orbitalen Ëmfang | 0.940 Tm (6.283 AE) |
numeresch Exzentrizitéit | 0.016 710 22 |
Perihelion | 147.098.074 km (0.983 289 9 AE) |
Aphelion | 152.097.701 km (1.016 710 3 AE) |
Sideresch Period | 365.256 96 d (1.000 019 1 a) |
Synodesch Period | n/a |
Duerchschnëttsorbitalgeschwindegkeet | 29.783 km/s |
Maximal Orbitalgeschwindegkeet | 30.287 km/s |
Minimal Orbitalgeschwindegkeet | 29.291 km/s |
Inklinatioun | 0.000 05° |
Satelliten | 1 (Mound) |
Physikalesch Eegeschaften | |
Duerchmiesser um Äquator | 12,756.28 km |
Duerchmiesser un de Polen | 12,713.56 km |
Äerdëmfang um Äquator | 40,075 km |
Äerdëmfang un de Polen | 40,008 km |
Uewerfläch | 510,067,420 km² |
Volume | 1.0832×1012 km³ |
Mass | 5.9736×1024 kg |
Dicht | 5.515 g/cm³ |
Fluchtgeschwindegkeet | 11.186 km/s |
Axial tilt | 23.439 281° |
Right ascension of North pole |
0° (0 h 0 min 0 s) |
Neigung vun der Dréiachs | 90° |
Albedo | 0.367 |
Uewerflächentemperatur - Min - Mëttel - Max |
185 K 287 K 331 K |
Uewerflächendrock | 100 kPa |
Bestanddeeler vun der Atmosphär | |
Stéckstoff | 78,084% |
Sauerstoff | 20,942% |
Argon | 0,934% |
Kuelendioxid | 350 ppm |
[änneren] |
D'Äerd ass dee Planéit, op deem mir liewen. Si ass deen drëtte Planéit an eisem Sonnesystem.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Entstoe vun der Äerd
Kuckt heizou den Haaptartikel Geschicht vun der Äerd.
Bis haut kann nach kee richteg soen wéi d´Äerd entstanen ass an eng sëllegen Theorien goufen schonn opgestallt. Et gëtt allerdéngs eng schlësseg Theorie déi seet, datt eis ganzt Sonnesystem duerch d´Zesummeballe vu Wolleken aus Stëbs a Gas am Weltall forméiert gouf. D´Äerd soll demno viru 4,5 Milliarde Joer entstane sinn. Si ass am Laf vun 10 Millioune Joer duerch di ganz Matière déi si am Sonnesystem begéint ass an duerch d´Schlécken vun dësen Deelercher, ëmmer méi grouss ginn. D´Obprallenergie war onvirstellbar grouss an dat stänneg Bombardéieren an déi gravitativ Virgäng an der Äerdmëtt hunn d´Äerdiwwerfläch mat ausgedehnte Vulkanlandschaften an Ozeaner aus geschmolzenem Gestengs geformt. Duerch dës Bombardementer gouf d´Äerd ëmmer méi erhëtzt. Déi opgehëtzte flësseg Matière konnt also zu engem eenzege grousse Kierper verbonne ginn. Dat schwéiert Material ass no a no an d´Mëtt gefall während déi liicht Elementer un der Iwwerfläch bliwwe sinn. Sou ass den Äerdkär an d´Äerdkuuscht entstanen. Dëst bezeechent een als formativ Phase. Si huet bis ongeféier 3,9 Milliarde Joer ugehalen.
[Änneren] Opbau vun der Äerd
Kuckt heizou den Haaptartikel Opbau vun der Äerd.
Bis zur Äerdmëtt sinn et 6.371 km, an dat geschätzten Äerdgewicht huet 5,96 Quadrimilliounen Kilogramm.
[Änneren] Äerdkuuscht
Si ass ënnert de Kontinenter bis zu 70 km an ënnert den Ozeanen bis zu 10 km déck an ass vun der Mass an dem Volume am Verglach zu denen aneren Äerddeeler immens kléng. Et gëtt zwëschen der kontinentaler Kuuscht an der ozeanescher Kuuscht ënnerscheet.
[Änneren] Äerdmantel
E läit ënner der Äerdkuuscht an ass ongeféier 2.860 km déck a besteet aus Gestengs dat ënner mächetegem Drock an enormen Temperaturen fléisst. En besteet gréisstendeels aus Silikaten.
Ieweschten Äerdmantel
Iwwergangszon
Ënneschten Äerdmantel
D´´Schicht
Dës Iwwergangsschicht gehéiert nach zum ënneschten Äerdmantel an mécht d'Grenz zum Äerdkär.
[Änneren] Äerdkär
Den Äerdkär ass dee bannensten Beräich vun der Äerd an besteet haaptsächlech aus Eisen an Néckel. En ass agedeelt an e feste Bannekär an e flëssegen Aussekär. De Bannekär ass ongeféier 2.400 km déck a geet bis zum Äerdmëttelpunkt. Den Baussekär ass 2.300 km déck a läit bis zu 2.900 km ënnert der Äerdiwwerfläch. D'Kärtemperatur läit bei ongeféier 4000 Grad Celsius.
[Änneren] Lithosphär an Asthenosphär
D´Lithosphär ass deen ieweschte Beräich vun der fester Äerd. Si besteet aus der Äerdkuuscht an dem ieweschten Äerdmantel.
D´Asthenosphär ass déi plastesch reagéierten Zon am ieweschten Äerdmantel, op där Lithosphären-Placke schwammen.
[Änneren] Äerdmagnéitfeld
Kuckt heizou och den Artikel Äerdmagnéitfeld
D'Äerd besteet aus zwéi Magnéitpolen an der Géigend vum Nord- a vum Südpol.
[Änneren] D'Atmosphär vun der Äerd
Kuckt heizou den Haaptartikel Atmosphär vun der Äerd.
D'Atmosphär ass d'Lofthüll vun der Äerd. Et gi verschidde Sphären oder Schichten je nodeem wéi Temperatur oder d'Héicht ass. D'Grenz vun der Atmosphär läit bei ongeféier 700 km Héicht. Duerch d'Atmosphär hu mir Loft fir z'otmen, Waasser fir ze drénken, Schutz virun schiedlecher Sonnestrahlung a Meteoriten. 53 % vun de Sonnestrale ginn duerch d'Atmosphär absorbéiert oder zeréck an den All reflektéiert.
[Änneren] D'Kontinenter
Kuckt heizou den Haaptartikel Kontinent.
[Änneren] D'Ozeanen
Kuckt heizou den Haaptartikel Ozean.
[Änneren] Naturkatastrophen
Kuckt heizou den Haaptartikel Naturkatastroph.
[Änneren] Meteoriten
[Änneren] Vulkaner
[Änneren] Äerdbiewen
[Änneren] Plackentektonik
[Änneren] Flutwellen
[Änneren] Natierlech Ressourcen
Kuckt heizou den Haaptartikel Natierlech Ressourcen.
[Änneren] Waasser
Fettgedréckten Textdrock
[Änneren] Waasserstoff- a Brennstoffzellen
[Änneren] Fossil Energie
[Änneren] Sonnenenergie
[Änneren] Mineralien
[Änneren] Links
[Änneren] Intern
[Änneren] Extern