Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Neptun (Planéit) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Neptun (Planéit)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

De Neptun mat dräi vu senge Mounde an natierleche Farwen, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
De Neptun mat dräi vu senge Mounde an natierleche Farwen, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop

De Neptun ass deen aachten a bausseschte Planéit am eisem Sonnesystem a gouf am Joer 1846 entdeckt. Hien ass benannt no dem Neptun, dem réimesche Gott vun de Mieren an de Fléissgewässer, a gëtt zu de jupiterähnlechen (iovianesche) Planéiten gezielt. Säin Zeechen

ass e stiliséierten Dräizack, d’Waff vum Miergott Neptun.

De kompakten Gasplanéit (Dicht 1,64 g/cm³) dominéiert duerch seng grouss Mass (17 × Äerd) dat baussescht Sonnesystem a beaflosst d’Bunn vu ville klengen Himmelskierper wéi déi vun de Plutonoen, den Asteroiden an den Transneptunen.

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Ëmlafbunn

De Neptun huet eng bal perfekt kreesfërmeg Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,0113. Säi sonnennächste Punkt, de Perihel, läit bäi 29,709 AE a säi sonnewäitste Punkt, den Aphel, bäi 30,385 AE. Hien ass domat den bausseschte Planéit vum Sonnesystem. Seng Bunngläich ass mat 1,769° nëmme liicht géint d’Ekliptik geneigt. Fir een Ëmlaf ëm d’Sonn braucht de Neptun ronn 165 Joer.

[Änneren] Opbau

De Neptun kann net mat bloussem A gesi ginn. An engem staarken Teleskop erschéngt hien als blogréng Scheif, ähnlech wéi säi banneschten Nopeschplanéit Uranus. Déi blogréng Faarf gëtt duerch de Methan, dat an der Atmosphär ass, verursaacht. Säin Duerchmiesser ass 49.248 km. De Neptun ass eppes méi kleng wéi den Uranus an de véiertgréisste Planéit am Sonnesystem. No senger Mass ze beurdeelen ass hien deen drëttschwéiersten.

[Änneren] Mound- a Ranksystem

[Änneren] Mounde

De Neptun huet 13 bekannte Mounden. De bäi wäitem Gréissten ass dee vum William Lassell 17 Deeg no der Entdeckung vum Neptun entdeckten Mound Triton. Am Géigesaz zu allen anere grousse Mounden vun de Planéiten am Sonnesystem leeft hien retrograd (entgéintgesat vun der Planéiterotatioun) ëm de Neptun a kënnt deem lues a lues op enger Spiralbunn ëmmer méi no. Dem Neptun säin zweete Begleeder den Nereid huet eng vun deenen exzentreschsten Ëmlafbunnen vun alle Mounden am Sonnesystem.

Vu Juli bis September 1989 huet d’Raumsond Voyager 2 (Raumsond)Voyager 2 sechs nei Neptunmounden entdeckt. Aus dëse stëcht den irregulär geformten Proteus ervir, datt hie grad nach ze kleng ass, fir net vu senger eegener Schwéierkraaft a Kugelform gezunn ze ginn. Déi véier bannescht Neptunmounden Naiad, Thalassa, Despina an Galatea hunn Ëmlafbunne bannescht den Neptunrénk. Dee vu bannen nächste Mound Larissa gouf ursprénglech 1981 entdeckt, wou hien e Stär bedeckt huet. Am Ufank ass ugeholl ginn, datt et en Deel vun engem Neptunrankbou wäer, awer d’Voyager 2 huet 1989 de Neptun erfuerscht a festgestallt, datt dës Stärebedeckung duerch e Mound geschitt ass.

D’Entdeckung vu fënnef weideren irreguläre Mounden vum Neptuns goufen 2004 bekannt.

[Änneren] Ranksystem

Dem Neptun säi  Ranksystem
Dem Neptun säi Ranksystem

Den Neptun huet e schwaach ausgeprägte Ranksystem vun onbekannter Zesummesetzung. D’Rénk hunn eng "klumpeg" Struktur, déir hir Ursaach bis elo net geklärt ass, déi awer aus der Gravitatiounswiesselwierkung mat klenge Mounden an der Rankëmgéigend hirféiere kéint.

Unzeechen op onvollstänneg Rankbéi goufe Mëtt vun den 1980er Joere fonnt, wou Observatioune vun enger Stärebedeckung duerch de Neptun zousätzlech Verdäischterunge virun an no der Bedeckung vum Stär duerch de Planéit gewisen hunn. Biller vun der Raumsond Voyager 2 hunn den Opbau vum Ranksystem geklärt, dat aus vill liichtschwaachen an dënnen Rénk besteet. De bausseschte Rank, Adams, enthält dräi däitlech Rénkbéi, déi d’Nimm Liberté, Egalité a Fraternité kritt hunn. D’Existenz vun de Rankbéi ass schwiereg ze erklären, well d’Beweegungsgesetzer vermudde loossen, datt iwwer eng ganz kleng Zäitskala d’Rénkbéi sech zu vollstänneg Rénk verdeele kënnen. Gravitatiounseffekter vum Mound Galatea, deen direkt banne vum Adams-Rank kreest, verursaache méiglecherweis d’Begrenzung vun de Rankbéi.

Verschidden aner Rénk goufe vun de Voyager-2-Kameraen entdeckt. Zousätzlech zum schmuelen Adams-Rank, deen 62.930 km vum Zentrum vum Neptun ewech ass, gouf den Leverrier-Rank bei 53.200 km an de méi breeden, awer donkle Galle-Rank bei 41.900 km entdeckt. Déi bleech Ausdeenung vun den Leverrier-Rénk no baussen goufen nom Lassell benannt an ass op senger bausseschter Kant duerch de Arago-Rank bei 57.600 km begrenzt.[1]

Nei, am Joer 2005 publizéiert äerdbaséiert Ënnersich weisen, datt d’Rénk vum Neptun däitlech méi instabil sinn, wéi bis elo ugeholl. De Liberté-Rankbou kinnt a manner wéi engem Joerhonnert verschwonne sinn.

Rank Radius (km) Breet (km) Bemierkungen
1989 N3R ('Galle') 41.900 15 Genannt nom Johann Gottfried Galle
1989 N2R ('Leverrier') 53.200 15 Genannt nom Urbain Le Verrier
1989 N4R ('Lassell') 55.400 6 Genannt nom William Lassell
Arago Rank 57.600 - Genannt nom François Arago
Liberté Rank-Bou 62.900 - "vorauslaufender" Rankbou
Égalité Rank-Bou 62.900 - "äquidistanter" Rankbou
Fraternité Rank-Bou 62.900 - "nofolgenden" Rankbou
Courage Rank-Bou 62.900 -
1989 N1R ('Adams') 62.930 <50 Genannt nom John Couch Adams

[Änneren] Trojaner

Zënter Juni 2006 sinn am Total véier Neptun-Trojaner bekannt (2001 QR322, 2004 UP10, 2005 TN53 an 2005 TO74). D’Objeten lafen dem Planéit 60° op dem Lagrangepunkt L4 viraus. Bis elo goufen nach keng Trojaner op L5 nogewisen.

[Änneren] Erfuerschung / Geschicht

Neptun, Foto vum Voyager 2 (Falschfarwen)
Neptun, Foto vum Voyager 2 (Falschfarwen)
Stierm an der Neptun-Atmosphär (Bil-Rekonstruktioun vum Voyager 2-Foto)
Stierm an der Neptun-Atmosphär (Bil-Rekonstruktioun vum Voyager 2-Foto)

De John Couch Adams souwéi de franséische Mathematiker Urbain Le Verrier hunn onofhängege vun eneen d’Positioun berechent, no Anomalien vun der Uranusbunn, wou sech den onbekannte Planéit befanne mißt. Déi geneetste Berechnung war déi vum Le Verrier. Opgrond vu senge Berechnungen ass et dem Johann Gottfried Galle, Direktor vum Berliner Observatoire gelongen, zesummen mat sengem Assistent Heinrich Louis d'Arrest den 23. September 1846 de Planàit Neptun ze entdecken. Déi tatsächlech Positioun luch nëmmen ganz wéineg vun der richteger Positioun ewech.

Spéider stellt sech eraus, datt schonns de Galileo Galilei de Neptun den 28. Dezember 1612 gesinn hat. Aus sengen Opzeechnungen vum Januar 1613 geet eng Observatioun vun der Konjunktioun mat dem Jupiter ervir, bei déier de Galilei de Neptun awer fir e Jupitermound bzw. e Fixstär gehalen huet. Hätt hie de Neptun nëmmen e puer Deeg méi fréi gekuckt, wär seng Bewegung um Himmel vill méi däitlech gewierscht.

Mat enger Ëmlafzäit vun 165 Joer wäert de Neptun am Joer 2011 éischtmols erem déi gläich Stell passéieren, un déier de Johann Gottfried Galle hien entdeckt hat. Eréischt dann ass eng komplett Ëmlafbunn vum Neptun tatsächlech observéiert ginn.

Am August 1989 war d’Voyager 2 déi éischt a bis elo eenzeg Raumsond, déi de Neptun aus notster Ëmgéigend erfuerscht huet. Si ass iwwert de Nordpol vum Neptun geflunn an huet de Planéit op enger Distanz vun 4.950 Kilometer passéirt.

[Änneren] Siichtbarkeet

D’Siichtbarkeet ass ënner Neptunpositiounen bis 2020 uginn.

Konjunktioun Stationär, dann réckleefeg Oppositioun Stationär, dann rietsleefeg
Datum Distanz Hellegkeet vis. Duerchmiesser
6. Februar 2006 22. Mee 2006 11. August 2006 29,03948 AE 7,8 mag 2,31″ 29. Oktober 2006
8. Februar 2007 25. Mee 2007 13. August 2007 29,03193 AE 7,8 mag 2,31″ 31. Oktober 2007
11. Februar 2008 26. Mee 2008 15. August 2008 29,02412 AE 7,8 mag 2,31″ 2. November 2008

[Änneren] Divers

Am Joer 1941 gouf dat 93. an deemools virläscht bekannten Element a Fortsetzung déier mat dem Uran ugefaange Rei no dem virläschte Planéit als Neptunium benannt.

[Änneren] Literatur

  • William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82–88 (2005), ISSN 170-2971
  • P. Moore, G. Hunt et al.: Atlas des Sonnensystems. Royal Astronomical Society und Herder-Verlag, 465p., Freiburg – Basel – Wien 1986.

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Neptun – Biller, Videoen oder Audiodateien

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com