See also ebooksgratis.com: no banners, no cookies, totally FREE.

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Hubble-Weltraumteleskop - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Hubble-Weltraumteleskop

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Hubble-Weltraumteleskop, Foto vun der STS-82-Missioun
Hubble-Weltraumteleskop, Foto vun der STS-82-Missioun

D’Hubble-Weltraumteleskop, Hubble Space Telescope, HST ass e Weltraumteleskop fir siichtbart Liicht, Ultraviolett- an Infraroutstrahlung, dat d’Äerd an 590 Kilometer Héicht an der Zäit vun 95 Minutten eemool ëmkreest. D’Teleskop ass enstanen aus der Zesummenaarbecht vun NASA an ESA a gouf no dem US-amerikaneschen Astronom Edwin Hubble genannt.

Inhaltsverzeechnis

D’HST gouf de 24. Abrëll 1990 mat der Space-Shuttle-Missioun STS-31 gestart an de kommenden Dag aus dem Frachtraum vun der Discovery gehuewe ginn. Nodeem e Problem mat engem vun deenen zwee Solarpaneele behuewe war, gouf d’HST ausgesat.

En Teleskop baussescht der Äerdatmosphär huet grouss Virdeeler, well hir Filterwierkung op bestëmmte Wellelängten am elektromagneteschen Spektrum, zum Beispill am Ultraviolett an am Infrarout, entfällt. Et trieden och keng Stéierungen duerch Loftbewegungen op (Szintillatioun), déi bei terrestreschen Teleskopen nëmme mat groussem Opwand ausgeglach kënne ginn.

D’Bildqualitéit vum Hubble-Weltraumteleskop war an den éischte Betribsjoeren duerch en Produktiounsfeeler vum Haaptspigel begrenzt, deen 1993 mat Hëllef vum COSTAR-Spigelsystem erfollegräich korrigéiert konnt ginn. Zënterhir gi mat Hëllef vum HST Biller gemaach, déi oft eng staark Wierkung op d’Ëffentlechkeet hunn, an déi zu Resultater mat grousser wëssenschaftlecher Bedeitung féieren.

[Änneren] Instrumenter

D’Instrumenter vum HST sinn:

  • Wide Field / Planetary Camera 1 (WFPC1) 1990–1993. Déi éischt mat CCDs enger Kamera vum HST gouf schonns 1993 duerch d’Nofolgemodell WFPC2 ersat, dat fir d’Korrektur vu Bildfeeler vum Teleskop ageriicht ass.
  • Faint Object Camera (FOC) 1990–2002. Déi fir schwaach Objete optiméiert Kamera fir siichtbart an ultraviolett Liicht war en Undeel vun der ESA.
  • Faint Object Spectrograph (FOS) 1990–1997.
  • Goddard High Resolution Spectrograph (GHRS) 1990–1997.
  • High Speed Photometer (HSP) 1990–1993.
  • Corrective Optics Space Telescope Axial Replacement (COSTAR) zënter 1993. COSTAR ass keen eigentlech wëssenschaftlecht Instrument, mä eng Ariichtung fir d’Korrektur vu. COSTAR gouf an d’Plaz vun HSP agebaut. An déi nei Instrumenter no WFPC2 goufen entspriechend Korrekturelementer direkt agebaut.
  • Near Infrared Camera and Multiobject Spectrometer (NICMOS) zënter 1997. NICMOS huet Kameraen a Spektrometer fir dat not Infrarout bis 2,5 µm Wellelängt.
  • Space Telescope Imaging Spectrograph (STIS) zënter 1997, ass zur Zäit ausser Betrib.
  • Advanced Camera for Surveys (ACS) zënter 2002. D’ACS ass dat meeschtgenotzten Instrument vum HST. (am Juni a September 2006 ausgefall) Zënter dem 27. Januar 2007 nees ausser Betrib.

[Änneren] Literatur

  • Lars Christensen und Robert Fosbury: Hubble - 15 Jahre auf Entdeckungsreise. Wiley-VCH, Weinheim 2006, ISBN 978-3-527-40682-1, ISBN 3-527-40682-4
  • Daniel Fischer, Hilmar Duerbeck: Hubble: Ein neues Fenster zum All. Birkhäuser Verlag Basel, Boston, Berlin, 1995, ISBN 3-7643-5201-9
  • Daniel Fischer, Hilmar Duerbeck: Das Hubble-Universum: Neue Bilder und Erkenntnisse. Genehmigte Lizenzausgabe des Weltbild Verlages, Augsburg, 2000, Copyright Kosmos Verlagsgesellschaft (ehem. Birkhäuser), ISBN 3-8289-3407-2

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Commons: Hubble-Weltraumteleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien


aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -