Teleskop
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D’Wuert Teleskop entstaamt dem algriicheschen τηλε (téle) „wäit“ an σκοπεῖν (skopéin) „observéieren“.
Fréier war d’Wuert Teleskop gläichbedeitend mat Fernrouer. Haut bezeechent een – allgemeng –Instrumenter, déi Elektromagnetesch Welle sammelen a bëndelen, fir och Objeten, déi wäit ewech leien, z'observéieren oder vergréissert ofbilden ze kënnen. De Begrëff "Teleskop" geet also iwwer déi optesch Astronomie (siichtbart Liicht, UV an Infrarout) eraus bis zum Beräich vu Röntgen- a. Radiostralung.
De Begrëff "Teleskop" gëtt dacks weider verallgemengert op net-ofbildend Systemer wéi
- Teleskope fir d’Observatioun vu kosmescher Strahlung,
- Neutrinoteleskope, oder esouguer
- Gravitatiounswellenteleskope.
Weider gëtt den Teleskop-Begrëff och fir optesch Baugruppe gebraucht, déi net dozou déngen, Géigestänn, déi wäit ewech sinn, z'observéieren. En Teleskop kann z.B. fir Strahlopwäitung (Vergréisseren vum Strahlduerchmiesser) vu Laser gebraucht ginn, fir de Strahl iwwer gréisser Distanzen iwwerdroen ze kënnen oder deem seng Leeschtungsflossdicht ze verklengeren.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Teleskop - Arten
Jee no dem Frequenzspektrum oder Wellelängeberäich vun der elektromagnéitescher Strahlung ënnerscheed een tëscht:
- Röntgenteleskope
- opteschen Teleskope (Lënsen- a Spigelteleskopen)
- Infraroutteleskopen an
- Radioteleskope.
Vun den Weltraumteleskopen ofgesinn sinn si op de Wellelängten vum Astronomesche Fënster ugewisen, an deenen d’Strahlung vun der Äerdatmosphär net oder wéineg absorbéiert gëtt. Eng méiglechst héichgeleeën, klimatesch dréche Plaz ass dobäi vu Virdeel.
[Änneren] Bedeitend Teleskope
[Änneren] Teleskope fir d’siichtbart Liicht
Déi zur Zäit gréissten optesch Teleskope mat Haaptspigelduerchmiesser iwwer 8 m sinn
- Déi zwee Keck-Teleskope vum Mauna-Kea-Observatoire
- Déi véier Teleskope vum Very Large Telescope (VLT) an der Atacama-Wüst a Chile
- D’Gemini-Teleskope op Hawaii an a Chile
- De Subaru-Teleskop op Hawaii
- Den Hobby-Eberly-Teleskop an Texas
- De Southern African Large Telescope (SALT) a Südafrika
- De Gran Telescopio Canarias op La Palma
- De Large Binocular Telescope (LBT) an Arizona. (2007 fäerdeg gestallt)
Historesch bedeitend war ënner aneren
- Den Hale Teleskop op dem Mount Palomar a Kalifornien
[Änneren] Besonnesch Bauarten
- Tuermteleskop
- Hexapod-Teleskop
[Änneren] Radioteleskope
- RATAN 600
- Arecibo-Observatoire
- Very Large Array
- Raioteleskop Effelsberg
[Änneren] Weltraumteleskope
[Änneren] Wat gehéiert bei en Teleskop?
- Okular
- Barlowlëns
- Herschelkäil
- Sonnefilter
- Farffilter
- Blend (Optik)
- CCD-Kameras
- Webcams
- Montéierung
- Sichteleskop
- Polsicher
- Okularauszuch
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Telekope – Biller, Videoen oder Audiodateien |