Web - Amazon

We provide Linux to the World

ON AMAZON:


We support WINRAR [What is this] - [Download .exe file(s) for Windows]

CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
SITEMAP
Audiobooks by Valerio Di Stefano: Single Download - Complete Download [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Alphabetical Download  [TAR] [WIM] [ZIP] [RAR] - Download Instructions

Make a donation: IBAN: IT36M0708677020000000008016 - BIC/SWIFT:  ICRAITRRU60 - VALERIO DI STEFANO or
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Uranus (Planéit) - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Uranus (Planéit)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Vergläich Äerd an Uranus
Vergläich Äerd an Uranus

De Planéit Uranus ass vun der Sonn aus gesinn de siwente Planéit am Sonnesystem a gëtt zu de jupiterähnleche Gasplanéite gerechent. Hie gouf 1781 entdeckt an no dem griicheschen Himmelsgott Uranos benannt.

Dat traditionellt Zeeche fir de Planéit ass deem vum Mars änlech. Als Ënnerscheed huet et am Krees en Zentralpunkt, an de Feil op dem Krees steet senkrecht: ♅. De Buschtaf H steet fir den Uranusentdecker Wilhelm Herschel.

De Gasplanéit ass ënner gënschtegen Ëmstänn ze gesinn a physikalesch mat dem Neptun vergläichbar. Hien hëllt u Mass (14 × d'Äerd) déee 4. Rang am Sonnesystem an. Säin Duerchmiesser läit knapps virum Neptun op der drëtter Plaz (nom Jupiter a Saturn).

[Änneren] Geschicht vun der Entdeckung

De Sir Friedrich Wilhelm Herschel huet de Planéit Uranus den 13. Mäerz 1781 mat engem selwer entwéckelten Teleskop vu sengem Gaart an der engleschen Stad Bath aus entdeckt. Den Uranus huet genee an déi vum däitschen Astronom Johann Elert Bode verëffentlecht Titius-Bode-Rei gepasst. D' Harmonie des Himmels vum Johannes Kepler huet sech androcksstaark bestätegt.

De Bode huet deemools virgeschloen, dem neie Planéit nom griichesche Gott Uranos ze benennen. Den Numm huet sech eréischt ëm 1850 duerchgesat a gouf, sou wéi bei de réimeschen Nimm vun deenen anere Planéiten, der laténgescher Schreifweis ugepasst. Obwuel den Uranus schonns fréier observéiert a katalogiséiert gi war, gouf hien awer net als Planéit erkannt.

D’Réngsystem vum Uranus gouf den 10. Mäerz 1977 vum James L. Elliot a senger Equipe mat dem Kuiper Airborne Observatoire entdeckt.

De 24. Januar 1986 ass d’Raumsond Voyager 2 laangscht den Uranus geflunn an huet déi meeschten haut bekannten Erkenntnesser iwwermëttelt.

[Änneren] Dem Uranus seng Mounden

  • De Planéit Uranus huet 27 Mounden. Den Duerchmiesser läit tëschent 10 an 1600 km.

Uranusmoundentdeckungen

Déi zwee éischt gouffen vum Wilhelm Herschel 1787 entdeckt a vu sengem Jong John Herschel no Figuren aus dem Shakespeare sengem A Midsummer Night's Dream Titania an Oberon benannt. Zwee weider Mounden, déi de William Lassell 1851 entdeckt huet, goufen Ariel an Umbriel gedeeft, de Gerard Kuiper huet 1948 de Mound Miranda entdeckt. All weider Mounden vum Uranus goufen och no Figuren vum Shakespeare oder Alexander Pope benannt. Duerch de Laanschtfluch vun der Raumsond Voyager 2 am Januar 1986 goufen 10 weider Mounden entdeckt. Zënterhier sinn weider Mounden duerch Teleskope entdeckt ginn.

Déi läscht Entdeckungen si vun 2005, wou mat dem Hubble Space Telescope niewent zwee weidere Réng och nach zwee weider Mounden entdeckt goufen. Ee vun dëse Mounden, mam Numm Mab, zerbréckelt warscheinlech lues ënnert dem stännege Bombardement vu Mikrometeoriten a produzéiert doduerch ee vun deenen zwee nei entdeckte Réng. Bei dëser Geleeënheet ass ausserdeem entdeckt ginn, datt virun allem d’Bunne vun deene banneszechte Mounden onstabil sinn, mä datt des Mounden op chaotesch Aart a Weis Energie an Dréimoment austauschen.

Lëscht vun den Uranusmounden.

An dëser Lëscht sinn all déi bis elo bekannte Mounden vum Planéit Uranus. Si sinn der Rei no vu bannen no baussen. Aktuell Neientdeckungen droe virleefeg en Zuelecode, bis si vun der Internationaler Astronomescher Unioun och en Numm zougesprach kréien.

Nr. Numm Duerchmiesser (km) Mass
(kg)
Mëttlere
Bunnradius (km)
Ëmlafzäit (Deeg)
1. VI Cordelia 50 × 36 4,5 × 1016 49.752 0,3350
2. VII Ophelia 54 × 38 5,4 × 1016 53.764 0,3764
3. VIII Bianca 64 × 46 9,3 × 1016 59.165 0,4346
4. IX Cressida 92 × 74 3,43 × 1017 61.767 0,4636
5. X Desdemona 90 × 54 1,78 × 1017 62.659 0,4737
6. XI Juliet 150 × 74 5,57 × 1017 64.358 0,4931
7. XII Portia 156 × 126 1,68 × 1018 66.097 0,5132
8. XIII Rosalind 72 2,54 × 1017 69.927 0,5585
9. XXVII Cupid 12 1,2 × 1015 74.800 0,618
10. XIV Belinda 128 × 64 3,57 × 1017 75.255 0,6235
11. XXV Perdita 80 4 × 1017 76.400 0,6380
12. XV Puck 162 2,89 × 1018 86.004 0,7618
13. XXVI Mab 24 4 × 1015 97.730 0,923
14. V Miranda 472 6,59 × 1019 129.872 1,4135
15. I Ariel 1158 1,35 × 1021 191.020 2,5203
16. II Umbriel 1169,4 1,17 × 1021 266.300 4,1442
17. III Titania 1577,8 3,52 × 1021 463.300 8,7059
18. IV Oberon 1522,8 3,01 × 1021 583.519 13,4632
19. XXII Francisco 22 1,4 × 1015 4.276.000 266,56
20. XVI Caliban 72 7,4 × 1017 7.231.000 -579,73*
21. XX Stephano 32 6 × 1015 8.002.000 -676,5*
22. XXI Trinculo 18 7,5 × 1014 8.571.000 -758,1*
23. XVII Sycorax 150 5,4 × 1018 12.179.000 -1.288,28*
24. XXIII Margaret 20 1 × 1015 14.345.000 1.687,01
25. XVIII Prospero 30 2,1 × 1016 16.243.000 -1.977,29*
26. XIX Setebos 24 2,1 × 1016 17.501.000 -2.234,77*
27. XXIV Ferdinand 20 1,3 × 1015 20.901.000 -2.887,21*

Eng negativ Ëmlaafzäit bedeit, datt de Mound den Uranus réckleefeg ëmkreest. Normalerweis beweege sech d’Mounden am gläichen Dréisënn em d’Planéiten, wéi de Planéit em seng eegen Achs.

[Änneren] Den Uranus ass 2006-2008 ze gesinn

De Planéit Uranus ass net mam bloussen A ze gesinn, awer mam Teleskop. Fir déi genau Positioun vum Planéit ze fannen, kann een all Joer an dem astronomesche Joreskalenner noliesen. – An der Tabell ënne si speziell Sichtbarkeeten fir d’Joren 2006 bis 2008 opgefouert. Niewent dem Datum vun der Oppositioun ass fir dësen Aspekt och déi jeeweileg Schäinbar Hellegkeet, den Ofstand zu der Äerd an d’ Wénkelduerchmiesser vum Uranus uginn.

Stationär, dann réckleefeg Oppositioun Oppositiouns-
entfernung
Oppositiouns-
hellegkeet
Wénkel-
duerchmiesser
Stationär, dann rietsleefeg Konjunktioun zur Sonn
19. Juni 2006 5. September 2006 19,07541 AE 5,7 mag 3,67" 20. November 2006 1. Mäerz 2007
23. Juni 2007 9. September 2007 19,08609 AE 5,7 mag 3,67" 24. November 2007 5. Mäerz 2008
27. Juni 2008 13. September 2008 19,09220 AE 5,7 mag 3,67" 27. November 2008 8. Mäerz 2009

Static Wikipedia 2008 (March - no images)

aa - ab - als - am - an - ang - ar - arc - as - bar - bat_smg - bi - bug - bxr - cho - co - cr - csb - cv - cy - eo - es - et - eu - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - frp - fur - fy - ga - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - jbo - jv - ka - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - ms - mt - mus - my - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nn - -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -
https://www.classicistranieri.it - https://www.ebooksgratis.com - https://www.gutenbergaustralia.com - https://www.englishwikipedia.com - https://www.wikipediazim.com - https://www.wikisourcezim.com - https://www.projectgutenberg.net - https://www.projectgutenberg.es - https://www.radioascolto.com - https://www.debitoformativo.it - https://www.wikipediaforschools.org - https://www.projectgutenbergzim.com