Venus (Planéit)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Kuerzbeschreiwung
D'Venus ass nom Merkur den zweete Planéit an eisem Sonnesystem. D'Venus huet, genee wéi de Merkur, kee Mound. Si ëmkreest d’Sonn an enger Distanz vun 0,7 Astronomeschen Eenheeten an ass nëmmen e bëssche méi kleng wéi eis Äerd. Genee esou sinn d'Mëtteldicht an d’Schwéierkraaft op der Venus bal identesch mat den entspriechende Wäerter vun der Äerd. Dofir gëtt gären d’Venus als Schwësterplanéit vun der Äerd bezeechent.
D'Venus brauch knapps 225 Deeg fir en Ëmlaf ëm d’Sonn a rotéiert an 243 Deeg retrograd ëm hir eegen Achs. D'Venus gëtt genee wéi d’Äerd vun enger Atmosphär agewéckelt. Allerdéngs sinn déi physikalesch a chemesch Eckdate vun der Venusatmosphär ganz verschidden wéi déi vun der Äerd. Zum Beispiel ass d'Venusatmosphär sou dicht, datt kee sichtbart Liicht si duerchdrénge kann an et duerfir onméiglech ass, e Bléck op d’Uewerfläch ze werfen. Der russescher Venera-Sond ass et gelongen fir op der Venus ze landen, an do e puer Biller vun enger drëchener, stengecher a rouder Uewerfläch opzehuelen. D'Magellan-Sond huet Uewerfläch mat Radarstrahlen ofgetaascht an och kartéiert. Radarstrahlen kënnen duerch d’Atmosphär duerchdréngen.
D'Venusuewerfläch ass ziemlech liewensfeindlech. Déi ugesprachen héich Atmosphärendréck erreechen 90 bar. D'Temperature bedroen merkurähnlech 470°C. En héijen Undeel vu Kuelendioxid an der Atmosphär suergt fir e kräftegen Dreifhauseffekt, deen d'Temperaturen an dës Héichten dreift. Iwwer d’„Geologie“ vun der Venus gëtt nach hefteg gestridden. Verschidden Astronomen mengen Unzeechen fir aktiven Vulkanismus font ze hunn.
Op de Kartéierunge fënt ee grouss Becken, déi eisen Ozeane gläichen, awer ouni Waasser. Weider fënnt een grouss verspreete Bierger a Verwerfungen, wéi se typesch fir ierdesch Plackentektonik sinn. Et ass ee sech allerdéngs eens, datt dës plackentektonesch Aktivitéiten op der Venus schonns virun 500-1000 Millioune Jore waren.
[Änneren] Um Spaweck
- The Soviet Exploration of Venus
- Catalog of Soviet Venus images
- The Nine Planets: Venus
- NASA page about the Venera missions
- Magellan mission home page
- Pioneer Venus information from NASA
- Detailed information about transits of Venus
- USGS Gazetteer of Planetary Nomenclature: Venus
- Raumfahrer.net: Venus