Joer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D’Joer (lat. annus) ass eng Zäiteenheet.
Je no Definitioun ass e Joer vun ënnerscheedlecher Dauer:
- Aus Siicht vum physikalesche Miesswiese stellt e Joer e gewësst Villfacht vun der SI-Basiseenheet Sekonn duer.
- Am Kalenner ginn d’Joere fir d’Zäitandeelung gebraucht. An eisem Kalenner dauert e normalt Joer 365 Deeg (366 Deeg bei engem Schaltjoer).
- Am Alldag versti mir ënnert dem Begrëff „Joer“ dat normalt Joer oder awer déi Zäit vun Neijoer bis Silvester.
- Phänomenologesch Joren repräsentéieren den Zyklus vu véier Joreszäiten. Si orientéiere sech meeschtens u bestëmmten Naturereegnesser am Oflaf vum Joer.
- E Joer ass am astronomesche Sënn eng Zäitspan vun engem vollstännegen Ëmlaf vun engem Himmelsobjet. Am engste Sënn ass mat „Joer“ nëmmen d’Äerdjoer gemengt: Et dauert je no Definitioun 365¼ Deeg.
De Begrëff „Joer“ ass d’Bezeechnung fir eng Zäitmooss, souwuel wéi fir eng Zäitspan an och vun Zäitpunkten am Kalennersystem:
- Beispielsweis gouf de Physiker Albert Einstein am Joer 1879 (Zäitpunkt) gebuer a 1955 gestuerwen am Alter vun 76 Joer (Zäitspan).