Kelvin
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Temperatureenheet Kelvin. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Kelvin (Homonymie). |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Kelvin (Eenheetezeechen: K) ass eng Eenheet fir thermodynamesch Temperaturen, déi fir d'Ausdrécken vun Temperaturdifferenzen benotzt gëtt. En ass eng Basiseenheet no dem internationale Eenheetesystem.
Thermodynamesch Temperaturen a Celsius-Temperaturen hunn déiselwecht Skaléierung:
- 0 K = −273,15 °C (dëst ass den absoluten Nullpunkt);
- 273,15 K = 0 °C;
- 274,15 K sinn 1 °C asw.;
- Eng Temperaturdifferenz vun 10 K ass d'selwecht wéi eng Differenz vun 10 °C.
De Kelvin gouf nom William Thomson, dem spéidere Lord Kelvin, benannt, deen mat 24 Joer déi thermodynamesch Temperaturskala agefouert huet.